Original Opnamen aus der Zäit vun de 50er Jore ginn et praktesch keng méi. Déi meescht Radio-Emissioune sinn deemools nämlech live iwwer d'Antenn gaangen, ouni datt e Band matgelaf ass.
D'Historiker Jens van de Maele a Julia Harnoncourt hu fir d'Online-Ausstellung "Minett Stories" awer nogestallt, wéi Fraen-Radio sech an de 50er Joren unhéieren huet. Eraus komm ass d'Audio-Stéck "Zuhause mit Ketty und Catherine".
Wéi ass dat Stéck entstan? A wat seet et iwwer déi gesellschaftlech Stellung vun de Fraen direkt nom zweete Weltkrich aus? Dat freet de Rick Mertens d'Julia Harnoncourt an der drëtter Episod vun der Zäitspuer.