Radioen

On air

Notturno  |  Sufjan Stevens - Mystery Of Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Infizéiert Zellen

Ausbroch

Infizéiert Zellen

Net all Lëtzebuerger war den 10. Mee 1940, nom Amarsch vun der Wehrmacht zu Lëtzebuerg schockéiert. Et gouf hei am Land eng Rei Leit, déi mat den Nazien an hirer Ideologie sympathiséiert hunn. Wéi dës sech an de Wochen no der Occupatioun organiséiert hunn, dat ass de Sujet an der 9. Episod vum Vincent Artuso senger Serie "Ausbroch", an där den Historiker den Iwwerfall vun Nazi-Däischtland op Lëtzebuerg wéi eng Pandemie analyséiert.

auto_stories

7 min

Den 10. Mee 1940 huet net jiddwereen dem Defilé vun däitschen Divisiounen duerch Lëtzebuerg betraff nogekuckt. Verschiddener hu sech gefreet, hu gefeiert, wat si wéi eng Befreiung gesinn hunn; hunn der emanzipatorescher Soldateska Blumme geschenkt, Bonbonen, Muselwäin.

Anerer ware méi wäit gaangen, haten sech aktiv un der Befreiung bedeelegt, d'Jonge vun der Luxemburger Volksjugend virun allem. An der Nuecht vum 9. op den 10. Mee hate si d'Arrivée vun deenen däitsche Kommandoe virbereet, déi d'Pläng vun den Alliéierten a vun der Lëtzebuerger Regierung op d'Kopp gestallt haten. Am Lëtzebuerger Vollekskierper hat schonn e Keim gestach, dee prett war sech auszebreede soubal e favorabele Kontext et géif erméiglechen.

Éischt Zeeche vum Virus

An den Drësseger, vun der Kris geplote Joren, hat d'Regierung der Sûreté den Optrag ginn, d'Progressioun vun deene rouden a bronge Krankheeten ze beobachten, déi iwwerall zu deem Zäitpunkt ugeschloe Gesellschafte menacéiert hunn. D'Sûreté, déi gläichzäiteg eng Kriminal- an eng Auslännerpolice war, eng politesch Police och, huet besonnesch opgepasst, op déi friem Kolonien einheimesch Elementer kéint infizéiere - direkt oder indirekt.

Enn 1935 huet d'Sûreté en Zesummenhang ënnerstrach tëschent der éischter Well vu jiddesche Flüchtlingen aus Däitschland an d'Opkeime vun engem antisemitteschen Aktivismus mat nationalsozialisteschem Accent. An der Nuecht vum 3. Dezember 1936 an dann nees an där vum 12. Mee 1936 goufe Fluchblieder an d'Stroosse geheit, op deenen, zum Beispill, Folgendes ze liese war:

"Los vom Juden

Wa könnt d'Oktav ass hién présent,

A wann et séch le'sst mâchen

Verkéft hien Ablass, Rosekränz,

An och nach ganz âner Sâchen,

A Palästina matt en all,

Mattsamt de Klageweiber

T'Si Parasitten allenfal

An och nach Onscholdsreiber.

Wir wöllen hei kéng Kolonie

Vun dene Mauschelbridder

An t'get och Zeit, oh Sapristie

Ze raumen hei, verstitt der.

Kauft nicht beim Juden."

Fir d'Aktioun war eng kleng Grupp vu Mëttelständler responsabel, déi Enn 1936 dann och d'Lëtzebuerger Nationalpartei - d'LNP - souwéi eng eegen Zeitung, d'Luxemburger Freiheit, gegrënnt hunn. Dës Leit hunn déi kosmopolitesch Finanz, genee esou wéi de marxistesche Materialismus ofgeleent, an am Juddentum de gemeinsamen Nenner vun deenen déidleche Gefore sinn.

Eng Zäit laang huet och ëm d'LNP eng Clique vu radikaliséierte Bouwen aus der kathoulescher Uewerschicht gravitéiert. Déi jonk Leit waren e puer Mol an Nazi-Däitschland, zemools zu Nürnberg, wou si mat admirativen Aen den endlosen Demonstratioune vun de Parteitagen nogekuckt haten. Am September 1936 hu si, mat enger moralescher a finanzieller Ënnerstëtzung aus Däitschland, d'LVJ - Luxemburger Volksjugend - gegrënnt.

D'Relatioun zum Damien Kratzenberg, hire Professer am Athénée, huet am Schicksal vun deene Jongen eng vill méi wichteg Roll gespillt, wéi déi zu der LNP. De Kratzenberg war e respektabelen Enseignant, Schwoer vun engem vu de mächtegste Männer am Land, dem Aloyse Meyer, Generaldirekter vun der ARBED an Titulaire vun der Goethe-Medail. Déi hat e kritt a senger Qualitéit als President vun der GEDELIT, der Gesellschaft für deutsche Literatur, en anscheinend apolitesche Veräin, deen a Wierklechkeet den diskrete Relais vum däitsche Softpower, vun der nationalsozialistescher Propaganda zu Lëtzebuerg war.

Synthees

Nom Krich gouf d'Period vun der däitscher Militärverwaltung schéi geschwat. Déi anstänneg Offizéier haten dach näischt ze di mat de vulgäre Parteigenossen, déi duerno koumen. Dat stëmmt vläicht, ännert awer näischt drun, datt deemools schonn aktiv geschafft gouf un enger Eenegung vum Archipel vun de prodäitschen an nazifrëndleche Splittergruppen.

Nëmmen e puer Stonnen no der Invasioun koum de Majouer Ferdinand Beck op Lëtzebuerg. De Beck war en Agent vun der Abwehr, dem Geheimdéngscht vun der Wehrmacht. Hien hat lëtzebuergesch Originnen an huet d'Sprooch vum Land perfekt geschwat. Seng Missioun war et d'Lëtzebuerger am Sënn vun enger méi enker Relatioun zum Drëtte Räich ze beaflossen.

Konkret hat hie vir eng Zeitung ze grënnen. Fir him dobäi ze hëllefen hat hien zwee nazifrëndlech Lëtzebuerger Journalisten op senger Säit, den Emmanuel Cariers, dee fir d'Luxemburger Freiheit geschafft hat, an de Camille Dennemeyer, deen och schonn ugefaangen hat eng eege Grupp ze grënnen. Déi zwee hunn et dem Beck och erlaabt déi Leit kennenzeléieren, déi mat a seng Projete kéinten agebonne ginn. E puer Entrevuë mat Membere vun der LNP, vun der LVJ, vum Grupp Dennemeyer a vum Kratzenberg senger frësch gegrënnter Volksdeutsche Gruppe goufen organiséiert.

Ëm den Zesummeschloss vun deene Leit huet sech awer net méi de Majouer Beck gekëmmert. Mëtt Juni gouf hien zeréckgeruff. D'Lag hat sech grondleeënd verännert. Däitschland war amgaang seng Feinde vernichtend ze schloen. Et ass elo net méi drëms gaangen de Lëtzebuerger ee méi positiivt Bild vun Däitschland ze vermëttelen, mee si dozou ze kréien d'Annexioun un Däitschland ze verlaangen.

Déi Aufgab gouf engem Spezialist vu Lëtzebuerg uvertraut, ee vun deenen objektive Fuerscher vun der Bonner Universitéit, déi zanter Laangem schonn amgaang waren déi intellektuell Kreesser ze ënnerwanderen. Dee Spezialist war de Geograf Josef Schmithüsen, dee scho méi dacks op Lëtzebuerg komm war, e Buch iwwer d'Land geschriwwen hat, an hei vill Leit kannt huet.

De Schmithüsen huet am Optrag vun der Volksdeutsche Mittelstelle geschafft, enger NS-Agentur, déi sougenannt Volksdeutsche, also Däitscher, déi baussent Däitschland ugesidelt waren, hirem Motto no, erëm "Heim ins Reich" sollt bréngen. De Geograf wollt eng Partei grënnen, déi net vun notoreschen Nazi-Frënn géif geleet ginn, mee vu respektéierten a scheinbar neutrale Perséinlechkeeten. Ganz uewen op senger Lescht stoung dem Kratzenberg säin Numm.

D'Grënnung vun der VdB

Den 13. Juli 1940 gouf d'Volksdeutsche Bewegung an der Brasserie du Théâtre an der Kapuzinerstrooss offiziell gegrënnt. Owes um aacht waren d'Sëtzplaze schonn all besat, esou datt e gudden Deel vun den 200 Leit, déi komm waren, am iwwerfëllte Sall hu misste stoe bleiwen. Géint hallwer néng ass de Kratzenberg endlech ukomm. De Führer gouf mat enger Serie vu "Sieg Heil!" begréisst.

Wärend dem Owend gouf d'Hierarchie vun der Beweegung virgestallt. De Kratzenberg war net nëmmen de Landesleiter vun der VdB, hie war och fir kulturell Froen zoustänneg. Den Dennemeyer huet sech ëm Organisatiounsfroe gekëmmert. Eng strategesch Positioun fir e Personnage, deen nom Schmithüsen sengem Projet eigentlech guer näischt do verluer hat.

Dee wollt jo eigentlech eng politesch Beweegung, déi d'Ëffentlechkeet berouege géif, iwwerzeege géif, lues a lues an ouni Skandal. Den Dennemeyer wollt de Géigendeel. Hie wollt d'Verwaltungskommissioun stierzen, kuerze Prozess maache mat den alen Elitten. Hie wollt eng Revolutioun am Stil vun de Sturmabteilunge maachen. Dat huet vill Leit gestéiert, mee huet si eben och ënner Drock gesat. A grad dat wollt d'Sipo-SD. Den Dennemeyer war ee vun hire V-Männer.

An de leschte Wochen hat hien eng besonnesch wibbeleg Band rekrutéiert, déi zu engem groussen Deel aus jonken Aarbechter oder Aarbechtslosen aus de Stater Faubourgen oder dem Minett bestanen huet, aus perspektivlose Borschten oder fréiere Sozialisten a Kommunisten, déi rosen a frustréiert aus Südfrankräich zeréckkomm waren.

Vun ufanks Juli u war de Grupp Dennemeyer duerch seng aggressiv Rhetorik, seng Provokatiounen an Ausschreidungen opgefall. Fir d'éischt nodeems si an der Nuecht vum 5. op de 6. iwwerall an der Stad Plakater mam Motto "Mir wölle bleiwe wat mer sin: Urdeitsch Muselfranken" gepecht haten. Zwee Deeg méi spéit hu si d'Fluchblieder verdeelt an deenen si den "Anhang der Lévy, Dupong, Clement, Bodson und anderer Verräter" denoncéiert hunn. Zu Esch an an der Stad koum et zu Kläppereie mat de Lëtzebuerger Polizisten, déi versicht haten d'Aktioun ze ënnerbriechen.

D'Verwaltungskommissioun hat déi däitsch Militärverwaltung ëm Hëllef gebiede fir erëm Uerdnung ze schafen. Et waren och däitsch Zaldoten, déi intervenéiert sinn, nodeems de Grupp Dennemeyer d'Stater, d'Escher an d'Ettelbrécker Synagogen, de 16. Juli, mat Steng a Molotow-Cocktailer ugegraff hunn.

D'Krankheet sëtzt elo déif am Organismus

An hirer reeller oder virgetäuschter Naivitéit hunn d'Membere vun der Verwaltungskommissioun nom Krich erzielt, datt si an den däitschen Offizéier korrekt Kontaktpersoune fonnt haten, Antinazien, déi net gefaart hate géint Extremiste virzegoen a souguer déi jiddesch Gemeinschaft a Schutz ze huelen. A Wierklechkeet wollt déi däitsch Militärverwaltung just anarchesch a gewalttäteg Aktioune verhënneren.

D'Lëtzebuerger Nazien hunn hir politesch Aktivitéit mam Wëssen an der Awëllegung vun der Militärverwaltung entfaalt. No der Grënnung vun der VdB huet déi dann och d'Bildung vun neie Parteie verbueden. Ufanks August hat déi prodäitsch Beweegung 1.400 Memberen. D'Krankheet souz elo déif am Organismus. Dat huet d'Ausbreedung vun der zweeter Well vun der bronger Epidemie beschleunegt, déi, déi mat der Ernennung vum Gauleiter Simon zum Chef der Zivilverwaltung ugefaangen huet.