Radioen

On air

Owesconcert  |  Side by Side

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Infektioune mam Coronavirus iwwer Telefon detektéieren

Fuerschung

Infektioune mam Coronavirus iwwer Telefon detektéieren

De LIST, versicht an engem neie Fuerschungsprojet de Coronavirus iwwer d'Stëmm an dem Houscht ze detektéieren. Zil wier et fir iwwer een Telefonat festzestellen, ob ee Mënsch infizéiert ass.

auto_stories

1 min


De Bäitrag vum Natasha Ehrmann lauschterenplay_arrow


Et kéint ee mat Hëllef vun Algorythmen, kënschtlescher Intelligenz an Tounanalysen tëscht verschiddenen Zorten Houscht ënnerscheeden an. Och d'Universitéit vu Cambridge an den MIT géife momentan un ähnleche Fuerschungsprojete schaffen, sou de Muhannad Ismael, Chercheur beim LIST.

Momentan kéint een iwwer PCR-Tester an iwwer Blutttester de Virus noweisen. Dofir muss de Patient awer physesch consultéiert ginn, wat en Infektiounsrisiko fir d'Personal am Gesondheetssecteur mat sech bréngt a wat och vill Personal an deem Secteur an Usproch hëllt. De LIST-Projet kéint den Urgence-Servicer an Zukunft hëllefen déi kritesch Fäll séier ze identifizéieren.

De LIST brauch méiglechst vill Stëmmprouwen a mécht dofir en Appel un de Public. Iwwer de Mikro vum Computer oder vum Smartphone kann een Echantillone vun der Stëmm a vum Houscht ofginn.

De Fuerschungs Projet mam Numm CDCVA (COVID-19 Detection by Cough and Voice Analysis), gëtt vum FNR subventionéiert a vum LIST an Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg duerchgefouert, sou de Muhannad Ismael Chercheur am LIST. Bis den Abrëll 2021 gëtt gefuerscht an duerno kéint d'Applikatioun commercialiéiert ginn.