Radioen

On air

De Moien  |  Lionlimb - Hurricane

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Infektioun

Ausbroch

Infektioun

Bannent e puer Stonne war d'Land komplett besat a knapp fënnef Joer Ënnerdréckung hunn ugefaangen. Déi éischt Stonnen an Deeg ënner der Occupatioun waren turbulent a komplizéiert, d'Vollek an d'Autoritéite méi oder manner iwwerfuerdert an op sech eleng gestallt.

auto_stories

7 min

Den 10. Mee 1940 gouf d'Grande-Duchesse Charlotte matten an der Nuecht erwächt. Déi däitsch Invasioun hat ugefaangen. Um hallwer 4 huet déi groussherzoglech Famill de Stater Palais a Richtung Rodange verlooss. Um Véierel fir 8 huet een Douanier d'Herrscherin a hir Suite gewarnt, datt däitsch Truppe bal um Grenzpunkt wieren. Si hu sech dunn a Frankräich a Sécherheet bruecht.

Den Ierfprënz Jean, säi Brudder a seng Schwësteren, sinn an engem aneren Auto gefuer, mam Lieutenant Konsbrück, dem Prënz Felix sengem Aide-de-camps. Hiren Auto gouf vun engem däitsche Kommando gestoppt, dee bei Bascharage gelant war. Si hu missten ëmdréien. Tëschent Zolwer an Esch goufe si nees vun däitschen Zaldote gestoppt. Déi Kéier huet de Lieutenant Konsbrück de Passage forcéiert. Dëse Grupp an dee vun der Grande-Duchesse hu sech owes um Wee op Paräis erëm getraff.

De Premierminister Pierre Dupong an den Ausseminister Joseph Bech sinn zu Esch iwwer d'Grenz gaangen. Deenen anere Membere vun der Regierung hate si tëschent hallwer 5 an hallwer 6 den Evakuatiounsuerder ginn. Den Aarbechtsminister Pierre Krier gouf zu Zolwer un engem däitsche Barrage ugehalen. D'Zaldoten hunn hie schliisslech fortfuere gelooss. No engem Ëmwee iwwer d'Belsch huet hien och Paräis erreecht. Den Educatiounsminister Nicolas Margue hat manner Chance. Hien huet keen Auswee méi fonnt an ass deen eenzege Minister, deen net an den Exil gaangen ass.

De Justizminister Victor Bodson huet viru sengem Depart nach en Halt an d'Helleggeescht-Kasär gemaach. Wou d'Offizéier hie gefrot hunn, wat hir Attitüd den Däitsche géintiwwer sollt sinn, hätt de Bodson geäntwert:

"Schafft mat en; Schafft ge'nt se; Macht we' der wöllt - t'Regierung gêt elo fort".

Op jiddwer Fall huet den Doktor vun der Fräiwëllegekompanie dat esou erzielt. De Lieutenant Will Albrecht hat d'Zeen e wéineg anescht an Erënnerung:

"[E]ch heiere nach vei de Minister Bodson mam Majouer Speller geschwaat huet, ech heiere nach vei de Majouer fréét: 'Vèlech Uerderen hanerloost der ons? Vaat sole mer maachen?' An t'Entvert voor: 'Sheist op t'Praisen! Miir fueren elo fort!' De Majouer vollt nach èpes froen, t'Autosdiir as oover zougeklapt, an t'Véén sin oofgefuer. De Majouer soot duerop: 'Miir sin e neitraalt Laant, en Uerder zum sheisse gin ech net.'"

Wéi trei déi Nokrichstemoignagen d'Evenementer vun der Nuecht zeréckspigele bleift op. Mee si soen eppes aus iwwer d'Verbatterung, déi nach Joerzéngten duerno geherrscht huet. Knapps e puer Stonnen nom Ufank vun der Invasioun war de Lëtzebuerger Staat gekäppt. Nom Krich huet den Dupong behaapt, datt d'Regierung no engem geheime Plang agéiert hätt, vun deem bis haut awer all Spuer feelt. D'Konditioune vum Depart weisen éischter, datt Regierung improviséiert huet.

A falls et e Plang gouf, war deen esou geheim, datt esouguer déi héchst Beamten näischt vun em wossten. Si hate keng Anung, wéi si sech ze verhalen hätten, besonnesch vis-à-vis vun den Däitschen, wéi large hir Attributioune wären, an och net, wéi wäit si fir alles, wat géif geschéien ze haften hätten.

Regierungswiessel

Am Nomëtteg vum 10. Mee huet den Albert Wehrer, Generalsekretär vun der Regierung, sech mam Emile Reuter a Kontakt gesat fir schnellstens eng institutionell Léisung zesummenzebastelen. De Reuter war de President vun der Chamber. Hie war och um Enn vum Éischte Weltkrich Regierungschef gewiescht, hat also Erfarung mat extrem delikate Situatiounen.

Den 11. Mee huet d'Chamber d'Resolutioun gestëmmt, déi de Reuter mam Wehrer redigéiert hat an huet enger Regierungskommissioun d'Vollmuechten iwwerginn, déi d'Regierung duerch d'Gesetzer vum 28. September 1938 a vum 25. Juli 1939 kritt hat. Dës Regierungskommissioun war net nëmmen e Verwaltungsorgan, mee eng de-facto Regierung. De Wehrer huet dat dem Ernest Hamelius, President vum Staatsrot, och kloer geschriwwen, wou hien en zwee Deeg méi spéit gefrot huet d'Léisung ze validéieren:

"La doctrine admet que lorsque le Gouvernement régulier est dans l'impossibilité d'agir, un Gouvernement de fait non seulement peut se constituer, ce qui peut toujours se faire, mais peut poser des actes valables [...] Les conditions nécessaires pour qu'un organe gouvernemental irrégulier puisse agir avec la même autorité et le même droit qu'un gouvernement régulier sont l'urgence extrême, la nécessité de la mesure prise et l'impossibilité de procéder selon les formes normales. Il n'est guère possible de nier que ces conditions sont remplies."

De Staatsrot huet déi Argumentatioun validéiert an de 16. Mee huet en zweete Vott vun der Chamber d'Grënnung vun der Regierungskommissioun bestätegt. Si huet aus véier Membere bestanen: de Wehrer, hire President, souwéi d'Conseillere Metzdorff, Simmer a Pütz. Eng politesch Kommissioun, an där d'Fraktiounen an der Chamber vertruede waren, sollt d'Regierungskommissioun beroden.

Den Dag duerno gouf eng schrecklech Noriicht bekannt. Däitschland hat decidéiert Lëtzebuerg wéi e Feindesland ze betruechten. Berlin no war d'Land net méi neutral, well seng Regierung de Westalliéierten zougelaf war, a well de franséische Radio eng Usprooch vum Premierminister Dupong diffuséiert hat, déi dat Drëtt Räich wéi eng Krichserklärung ugesinn huet.

Wat de Wehrer zanter dem Januar gefaart hat, war elo geschitt. Den Drot zu de Kommandante vun der däitscher Militärverwaltung, alles Offizéier vun der aler Schoul, war allerdéngs gutt. Si hunn dem Wehrer zougeséchert, datt si d'Regierungskommissioun weiderhin als Gespréichspartner géifen ugesinn, hu just verlaangt, datt si sech vun elo u Verwaltungskommissioun géif nennen. Hir Vollmuechten huet d'de-facto Regierung awer viru behalen.

Angscht a Chaos

D'Infektioun hat blëtzaarteg zougeschloen. E puer Stonne waren duergaange fir den Organismus komplett ze infizéieren, säi Metabolismus ze perturbéieren, säin Nervesystem ze stéieren. De Regimm, deen an den dräi leschte Jore versicht hat de Vollekskierper ze stäerken, d'Volksgemeinschaft ze eenegen, hat d'Attack net iwwerlieft.

D'Bevëlkerung huet orientéierungs- a fassungslos nogekuckt, wéi de Virus sech verbreet, mat wat fir enger Wucht a Schnellegkeet en hir Welt op de Kapp gestallt huet. A grad zu deem Zäitpunkt hat hir Regierung si am Stach gelooss, hu vill Lëtzebuerger geduecht. Hir Cheffen hate si verroden, hate sech bei de Fransousen a Sécherheet bruecht an d'Grande-Duchesse gezwonge mat hinnen ze goen.

D'Minetter ware besonnesch rosen, well besonnesch exponéiert. Aus hirer Heemecht war eng Kampfzon ginn. Vun der Ligne Maginot aus hunn d'Fransousen op déi Däitsch geschoss, déi natierlech geäntwert hunn. Reegelméisseg sinn hir Bommen op Haiser gefall, hu vun enger Sekonn op déi aner ganz Famillen ausgeläscht.

D'Feele vu Loftschutzmoossnamen illustréiert den Zerfall vum Staat besonnesch krass. Déi éischt an eenzeg Entscheedung, déi deen Här getraff huet, deen d'Regierung zum "Président du Conseil Supérieur de la défense aérienne passive" ernannt hat, war mat sengem Mercedes op d'Côte-Azur ze fueren, wou hien e puer Woche virdrunner Fra an Duechter a Sécherheet bruecht hat. D'Bevëlkerung huet sech a Panik an de Minièren verstoppt.

En Déifferdenger Bouf, deen am Kommissariat gefrot huet, wat hien a seng Famill sollte maachen, krut vun de Poliziste geäntwert: "Maacht et wéi mir". Déi haten hir Wallisse gepaakt. Schlussendlech sinn d'Krichsparteien intervenéiert. 45.000 Minetter goufen an d'Éislek evakuéiert. Fir 47.000 anerer huet den Exodus a Frankräich ugefaangen.

All déi, déi iwwer 30 waren, hu sech un de leschten Ausbroch erënnert, un déi däitsch Invasioun, déi si am Éischte Weltkrich erlieft haten, un den Honger, un d'Spaltung vun der Gesellschaft, d'Streiken, an d'Angscht ëm d'Onofhängegkeet. Mee d'Preise waren deemools anescht, et waren nach Leit aus dem 19. Joerhonnert. Dës Kéier hate si et mat den Nazien ze dinn, rücksichtslos an onbaarmhäerzeg Invasoren.

Vill Lëtzebuerger hate gelies, wéi grausam si a Pole virgaange waren. Verschiddener haten och Biller am Kino gesi vu Warschau a Flamen. Eng europäesch Haaptstad, komplett niddergebommt. Nom 14. Mee ass d'Noriicht weidergaangen, datt e Schwaarm vu blärende Sturzkampfbombere Rotterdam dem Äerdbuedem gläichgemaach hat, well dat friddlecht an neutraalt Holland net direkt kapituléiert hat, wéi déi Däitsch et gefuerdert haten.

Et war e Krich, Leit waren dozou verdammt ze stierwen. Jiddwereen huet elo mat der onheemlecher Iddi missten eens ginn, datt säi Liewen, dat vu Persounen, déi him Eppes wäert waren - ëm Gottes Wëllen, dat vu senge Kanner -, zu all Moment, kéint ewechgerappt ginn, mee wou, wéini, wéi? Blëtzschnell, ouni Abschid, oder no laanger Agonie? A wat fir engem Ausmooss? Wéi grouss ware statistesch d'Chancen dach ze entkommen? Dës Froen hunn d'Séile gepisakt. Maske si gefall.