Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Seed To Tree - Major Lydian

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ If you can't stand the heat...

Prisma

If you can't stand the heat...

Et gëllt allgemeng als gescheit, wann ee sech net enger Gefor aussetzt. Mee wat ass, wann d'Gefor guer keng ass? Oder wa se esou harmlos ass, datt et méi schiedlech ass, hir aus dem Wee ze goen, wéi se an Ugrëff ze huelen? A wann et sech ëm Wëssen an Informatiounen handelt? Muss de Publikum sech mental drop virbereeden, wann en d'Noriichte lauschtere wëllt? Oder mussen d'Noriichten dofir suergen, datt de Publikum sech net iwwer hiren Inhalt opreegt?

auto_stories

8 min

Trigger-Warnungen si Warnungen, déi geäussert ginn, fir d'Leit drop hin ze weisen, datt en Inhalt se kéint emotional destabiliséieren.

Wat sinn Trigger-Warnungen?

Et fënnt een dat gären am Internet, an éischter och an den angelsächsege Länner. Mee mëttlerweil fënnt een och trigger warnings zu Lëtzebuerg.

A verstitt mech net falsch. En Trigger ass en Ausléiser. Technesch gesinn ass esou alles, wat eng Reaktioun ausléist, en Trigger vun där Reaktioun.

An et kennt ee jo zum Beispill d'Warn-Schëlter op der Baustell, datt een en Helm oder en Hörschutz soll undoen. Oder vu Filmer, datt de Film sech net un kleng Kanner riicht. Oder, wann de Film aus dem angelsächsege Beräich ass, datt sou schlëmm Wierder wéi "fuck" oder "shit" dra vir komme kéinten.

Dat, wat ech hei awer diskutéiere wëll, ass nach eppes aneres. Eng trigger warning ass eng Warnung, déi ee bei Online-Artikelen, Zeitungsartikelen oder mëttlerweil och a verschidde Schoule fënnt. Déi Warnunge wëllen een drop hiweisen, datt den Inhalt vun dem Wierk een emotional potentiell verstéiere kéint.

An ech schwätzen hei net vun Altersrecommendatiounen oder Warnungen, datt a bestëmmte Filmer Gewalt, plakeg Kierperen oder schlëmm Wieder dra sinn.

Nee, ech schwätzen hei vu Warnungen zu Press a Bildung. Also zu Warnungen, wéi een un Wëssen an Informatioun erun triede soll. Well anscheinend sollen do Saachen dra sinn, déi een ongemittlech fanne kéint.

Ass alles schlecht?

D'Iddi u sech ass jo net. Et wëll ee preventiv un d'Saach erugoen, fir sengem Publikum traumatesch Situatiounen ze vermeiden. En Opfer vu Gewalt ass zum Beispill vläicht frou, wann et weess, datt de Bäitrag, deen et liesen oder lauschtere wäert, vu Gewalt handelt. Sou kann d'Opfer sech dorop astellen a mental stäerken, respektiv decidéieren, sech déi Saach net un ze doen, a sou der Gefor ganz aus dem Wee goen.

Als Allergiker ass een och vläicht frou, wann ee weess, wat an engem bestëmmte Produit dran ass. Wann ech zum Beispill allergesch op Nëss sinn, da sinn ech frou, datt op Verpackunge vu Liewensmëttel dropsteet, datt deemno wei Nëss dra sinn, oder d'Produkt an enger Fabrick hiergestallt gouf, wou sech vläicht Spuere vun Nëss dra befannen.

Oder wann ech e Film kucken, da steet jo och do mol eng Altersbegrenzung dobäi, oder et gëtt am Ufank gesot, datt de Film sech un en "public averti" went. Et gëtt e Grond, firwat ech zum Beispill keng Horrorfilmer méi kucken. Wei ech jonk war, hunn ech gemengt, ech misst, a jo, ech hunn bäigeléiert.

Wéi gesot, d'Iddi ass net schlecht. Mee d'Welt, an där mir liewen, ass et leider. Wann ech elo ufänke soll, meng Bäiträg esou ze gestalten, datt se Iech esou wéineg wéi méiglech triggeren, da kann ech am Fong ophalen.

Wéi ech virun zwee Méint an dëser Sendung d'Fro gestallt hunn, ob eng Impfflicht sënnvoll wier oder net, dunn hu sech verschidde Leit immens doduerch getriggert gefillt. Just de Fait, datt ech eng Fro gestallt hunn, war genuch. Wéi dunn virun e puer Wochen de Gilles Retter iwwer d'Prioritiséierung vun der Impfung geschwat huet, gouf et an de Commentairen op de soziale Medien och erëm reeg Aktivitéit.

Gutt, lo ass d'Situatioun nun emol esou, datt am aktuelle Kontext iwwer Impfunge geschwat gi muss. An e puer Méint wäerte mer missen iwwer Scholden a Steiere schwätzen. Et gëtt ëmmer Themen, déi desagreabel sinn, respektiv duerch déi verschidde Leit sech getriggert fillen. Mee fir dann déi Themen ze ignoréieren, ass och keng Léisung. A fir preventiv d'Leit ze warnen, datt se getriggert kéinte ginn, ass et och net wierklech. Iergendwéi schéngt mer dat och eng Basis-Conditioun vum Liewen ze sinn: Wann s de Moies opstees, kanns de sécher sinn, datt iergendeppes an dengem Dag dech wäert triggeren.

An dat gëllt zum Beispill och fir mäin Beruff als Philo-Proff. Wann zum Schluss vum Joer kee Schüler Geleeënheet krut, sech a seng Iwwerzeegungen a Fro ze stellen, dann hu mer Kultur-Geschicht gemaach, an net philosophéiert. Da brauch een de Cours am Fong guer net ze halen, da kann een de Schüler och eng philosophesch Enzyklopedie schenken.

An Philosophéiere geet ebe meeschtens just doduerch, datt een, fir et dann a moderner Sproch ze formuléieren, d'Leit triggert. Respektiv, fir et méi präzis ze formuléieren: Philosophéieren heescht, Froen ze stellen. D'Fro léist awer net d'Reaktioun aus, mee déi Persoun, déi Fro ophëlt. D'Fro ass vläicht den Ausléiser vun enger Reaktioun, mee net hiren eigentleche Grond. D'Fro gëtt et onofhängeg vun der getriggerter Persoun - mee eng getriggert Reaktioun net. Kee Mënsch, keen Trigger.

Moraliséierend a manipulativ

Wat ass da lo de Problem mat trigger warnings? D'Intentioun hannendrun ass jo eng gutt. Et ass jo och absolut näischt Verwerfleches dorun, anere Leit wëlle Péng z'erspueren.

Mee si si leider manipulativ a bevormundend. A si triggere mech, mee dat ass wuel meng Perséinlechkeet.

De Problem ass, datt an der Praxis Trigger-Warnungen extrem moraliséierend sinn. Si decidéiere jo schonn am Virfeld, wat gutt ass a wat net. Oder si prägen an der Ëffentlechkeet, wéi eng Theeme geféierlech sinn, oder wei eng ongemittlech solle sinn, a wéi eng Themen absolut net problematesch sinn.

Dat heescht, datt ee bei bestëmmten Themen sech schonn net méi fräi fillt, vun der Long op d'Zong schwätzen ze däerfen. Schliisslech kéint ee jo engem dobäi op d'Féiss trëppelen. Mee vläicht ass dat jo heiansdo grad eben noutwenneg, datt ee riicht eraus schwätzt. Oder emol eppes seet, wat engem aneren net gefält. Kommunikatioun kann net klappen, wann een sech net ausdrécke kann. Oder net ausdrécken dierf.

Et ass wéi an enger Bezéiung. Wann een ageschnaapt ass, dann ass de Moment vläicht net dee beschten, fir ze diskutéieren. Mee heiansdo muss een awer diskutéieren, wann d'Bezéiung soll iwwerliewen. Schwätzt een net Kloertext, da kann et emol bis zur Scheedung goen. An Gesellschafte si jo och mat Bezéiunge vergläichbar...

Bei trigger warnings decidéiert also en anere fir mech, wéi ech d'Saach ophuele soll. Oder datt ech eng Saach ophuele soll.

Et ass souwisou e Symptom vun der Zäit, datt permanent an iwwerall d'Leit engem wëlle priedegen, wat moralesch oder wat grad wichteg ass. Oder, eppes wat besonnesch online, firwat hir Visioun vun der Welt déi eenzeg ass, déi moralesch akzeptabel ass, an all déi aner déi Béis sinn. A wann ee keng Récksiicht op se hëlt, dann ass een dee Béisen, den Täter, an si sinn d'Opfer.

Ech hunn haut besser Chancen, wann ech mech an enger Diskussioun wëll duerch setzen, mech selwer als Opfer ze verkafe wéi als déi Persoun, déi besser Argumenter huet.

Fir et an de Wieder vum Nietzsche ze soen: Wann déi Schwaach deene Staarke soen, datt Schwächt moralesch besser ass, jo, dann hu mer eng Sklavenmoral. Wa mer mol Stäerkt a Schwächt, oder Opfer an Täter, op der Säit loossen, an enger pluralistescher an demokratescher Gesellschaft géif ech do net vu Sklavenmoral schwätzen. Mee ech géif et awer en Problem nennen, wann net méi all Mënsch sech traut, seng Meenung ëffentlech ze soen. Dat fiddert de Ressentiment an déi extremistesch Parteien.

De Problem ass och, datt Trigger-Warnungen d'Leit infantiliséieren. Amplaz, datt een sech mat Iddien ausernee setzt, schützt een sech dovun. Wann een effektiv traumatiséiert ass, dann ass dat bestëmmt sënnvoll. Mee vorauseilend wëllen aner Leit a Watt apaken, dat ass net weisen. Leit, déi traumatiséiert sinn, déi wësse scho vum selwen, wéi wäit se sech selwer wëlle belaaschten. An Leit, déi et net onbedéngt sinn, am Virfeld wëlle vun enger Potentialitéit ze schützen, dat ass infantiliséierend. Besonnesch an der Press oder an der Bildung.

Wei gi mer dann elo domat ëm?

D'Intentioun hanner esou Warnungen ass jo eng gutt. Mee dat geet leider net duer, fir d'Saach u sech gutt ze maachen. D'Intentioun ass net onwichteg, mee och net alles. D'Resultat muss och stëmmen.

An trigger warnings verfeele menger Meenung no hiren Zweck. De Punkt ass nämlech net deen, datt bestëmmten Inhalter bestëmmte Gefiller a mir ausléise kënnen. De Punkt ass éischter, datt ech dee sinn, bei dem den Trigger aktiv gëtt. Dat heescht, den Inhalt en question ass just do, an de Problem ass u sech eng Reaktioun vu mir, net eng Aktioun vun eben dem Inhalt.

Krich a sozial Ongerechtegkeet sinn zum Beispill Saachen, déi mech rose maachen. Mee ech kann se awer net einfach esou verschwannen doen. Do bleiwe mer also zwou Méiglechkeeten. Ech wende mech eben dovun of, an ignoréieren se - mee dee Moment lafen ech vum Problem fort. Oder ech befaasse mech domat, kontrolléiere meng Roserei a kucken, de Problem op laang Zäit an Ugrëff ze huelen.

Dat ass nämlech dat schéinst bei Gefiller, egal wéi traumatesch se sinn. Et kann een zwar net direkt steieren, ob Gefiller ausgeléist ginn oder net. Mee et kann een awer, wann d'Gefiller bis do sinn, decidéieren, wéi een d'Gefiller auslieft, och wann dat net einfach oder net populär ass.

A wann ech schonn de Risiko aginn, traumatiséiert ze ginn, da wëll ech als Bierger och esou mëndeg kënne sinn, datt ech selwer decidéieren, wéi ech mat deenen Inhalter ëmginn. Oder wiert Dir frou, wann aner Leit Iech soen, datt Der musst rosen oder traureg sinn?