News - Den Honger an der Welt hëlt zou
Duerch d'Pandemie vum Coronavirus riskéiert och den Honger an der Welt ze klammen. An zwar ganz staark, gëtt an engem Rapport vun der UNO - de Vereente Natiounen - gewarnt.
Schätz aus dem natur musée - Sonnesystem
Wann et owes ganz däischter ass, an den Himmel ass ganz kloer, da kann ee ganz vill am Stärenhimmel entdecken. De Patrick Michaely aus dem natur musée an d'Jana hunn eis dat virgemaach.
De Sujet vum Dag - Konscht mat Aartercher am Mudam
De Mudam ass de Musée fir modern Konscht hei um Kierchbierg. Dat bedeit, datt déi Molereien, Fotoen, Skulpturen oder Videoen, déi queesch uechter d'Gebai ausgestallt ginn, virun net all ze laanger Zäit entstanen sinn. Dowéinst "modern". "Modern" sinn och d'Aarbechtsmethode vun de Kënschtler vun haut: den Žilvinas Kempinas, deen a Litauen op d'Welt koum, awer elo scho laang Joren zu New York lieft a schafft, weist am Mudam Konscht mat Aachtercher a Wand.
Gelies an erzielt - Netsy Dentzer: Näischtnotzen - Till Eulenspiegel