Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ho Chi Minh City - Verkéiert Welt?

Op Weltrees

Ho Chi Minh City - Verkéiert Welt?

D'Anne Schaaf mécht eng kleng Weltrees an ass elo an Asien ukomm. Éischt Etapp: Ho Chi Minh City: Smog, Verkéierschaos, Street Food, a ganz vill Gaaschtfrëndschaft huet si bis elo erlieft.

auto_stories

6 min

Street Food gëtt et zu Ho Chi Minh vill.

Knapps aus dem Fluchhafen eraus, wollt ech mir den Aacht-Euro-Luxus Luxus gënnen, aacht Kilometer Taxi duerch Ho Chi Minh City – also fréier Saigon – ze fueren. Ech souz knapp am Auto a schonn huet de Chauffer mir eng Zigarett offréiert. Zesummen hu mir zum souwisou schonn extrem staarke Smog bäigedroen: D'Loftverschmotzung ass hei esou héich, datt net just am Verkéier Mondschutz gedroe gëtt. Vill Awunner hu souguer am Alldag een un.

An där pulséierender Business-Metropol muss een en héije gesondheetleche Präis fir den Erfolleg bezuelen. Mee ginn och wierklech déi zur Keess gebiede ginn, déi net nëmme fir Succès, mee och fir seng negativ Nieweneffekter responsabel sinn?

De ganze Stot um Scooter

Ech sinn houfreg, deen éischte Mount eleng Reese gutt gepackt ze hunn. Mee ech hunn hei zu Ho Chi Minh direkt dierfe mierken, firwat dee gewonnene Courage gutt ass. Ech hätt mir kënnen denken, datt et an enger Stad mat iwwer aacht Milliounen Awunner, bei enger Populatiounsdensiteit vu bal 4.000 Persoune pro Quadratkilometer, kann enk ginn.

Lëtzebuergesch alkoholiséiert Duerfkiddies, déi mam 50 Kubik duerch d'Pampa rennen, si Chrëchtkënnercher, géint de Verkéier zu Ho Chi Minh City. Während permanent getut gëtt, gesäit een Elteren, Kanner, Hënn a Bomien, an esouguer heefeg d'ganz Famill zesummen um Scooter. Elleng de verkéiersméissegen Darwinismus entscheet, op de Bus, den Auto, de Scooter oder de Vëlo d'Kéier kritt.

All gudden Däitsche géif bei dësen Ëmstänn mat sengem Reglementéierungswahn Suicide begoen. Dat wier zu Ho Chi Minh City och net all ze schwéier: Et muss ee just wann et gréng ass, iwwer d' Strooss goen a mengen, et géif jidderee stoebleiwen.

Selfië virum Krichsmusée

Wat d'Monumenter ubelaangt, ass den duerch an duerch roude Fuedem zu Ho Chi Minh de Vietnamkrich. Virum "War Remnants Museum" stinn eng Jett al Panzer, esouwéi Krichsfligeren. Een Deel vun deem déidlech Equipement kënnt vun den Amerikaner. Dofir wierkt et ëm sou méi absurd, datt vill Touriste grad do virdrun hir Erënnerungs-Selfië schéissen.

Wie virum Musée net nodenke well, deen huet bannendra keen anere Choix méi. Ech hu seelen esou eng haart an éierlech Ausstellung gesinn – virun allem, wat d'Thematiséiere vun de Konsequenze vum ätzenden Herbicide "Agent Orange" betrëfft. Dëst gouf am Krich vun der amerikanescher Arméi versprëtzt. An zwar fir d'Gebeems an d'Planzen ze vernichten, déi de Géigner eng gutt Stopp gebueden hunn.

D'chemikalescht Gemësch huet awer net nëmmen d'Flora an d Fauna zerstéiert, mee och d'Liewe vu ville Mënschen. An zwar bis haut. De Musée konfrontéiert mat Fotoe vu Mënschen, déi immens staark gesondheetlech Problemer kruten. Dorënner och Bëbeeën, déi nom Krich enorm deforméiert op d'Welt koumen. Hei bleift kee Milimeter Plaz fir schéi schwätzen oder fir ze verharmlosen.

En aneren Deel vun der Ausstellung motivéiert an demotivéiert zugläich: E weist etlech Fotoe vun Antikrichsprotester uerschter d'Welt. D'Solidaritéit war zwar immens grouss an dach ass d'Géigenwier bei den Decideuren op daf Ouere gestouss. Mënschlech Perversioun an hirer perfidster Form.

"Mat Hänn, Féiss an Engagement"

Bis elo kéint et sou kléngen, wei wann mäin Openthalt hei negativ bis wierklech elle war. Dat ass awer net de Fall. Iert ech heihi koum, sote mir vill Reesender, Asiate wieren immens frëndlech. Ech halen awer net vill vu Pauschaliséierungen – och wa si positiv gemengt sinn. Mee se sollt sech confirméieren.

Ech sinn op sëlleche Plazen – net opgesat – ugelaacht ginn. Eng Boomchen an engem klenge Buttek huet mir geüübt, "Merci" op vietnamesesch ze soen. Vill eeler Leit schwätze keen Englesch. Mee si versichen engem mat Hänn, Féiss an Engagement z'erklären, wéi vill eppes kascht, oder wéi een op eng Plaz kënnt. Net ze vergläiche mat esou muench europäesche Stied, wou Leit bal fortlafen, wann ee si just no der Auerzäit froe wëll.

Street Food vum Feinsten

Wat am Vietnam, wéi och a villen anere Stied an Asien, net feelen däerf, ass de Street Food. Op all Eck, jo bal all Meter setzen deels ganz Familljen virum Kachdëppen Hannert engem butzegen an dacks abenteuerlech zesummengezëmmerte Stand kachen a brutschen zimlech geniaalt Iessen zesummen. Vu datt et wéineg Menüskaarten op Englesch ginn, dacks keng Biller dobäi sinn oder et einfach richt ewech guer keng gëtt, muss een no Bauchgefill entscheeden.

Ech hat Chance. D'Iessen war richteg gutt an d'Käch sympathesch. Een Här, dee viru mir an engem Kolleg souz, huet eis einfach eng Schossel vu sech ginn – hien hat gesinn datt bei eisem Plat (Räis mat klenge Wachteleeër a Fleesch vum klenge Véi) nach keng gefëllte Paprika dobäi war. Hien huet eis ugegrinst, wéi et gesinn huet, datt et eis schmaacht. A sech einfach eng nei bestallt.

Datt ee fir dräi Gäng nëmmen 1,24 Euro op de Kapp bezilt, fillt sech, op mannst fir mech, nach ëmmer komesch un. Dacks wéilt ee méi ginn. Hei gehéiert et awer éischter dozou, d'Präisser ze drécken. Den Awunner no ass et onfrëndlech net ze verhandelen.

No vir kucken

Viru puer Deeg hat ech mech erféiert, wéi mir kuerz virun der Landung duerch brongen Donst geflu sinn. No e puer Deeg denken ech mir: Unter den Wolken muss die Freiheit wohl nicht unbedingt grenzenlos sein. An dach gëtt mer bewosst, datt d'Mënschen dat scheinbar mat hirem ganz eegen Humor huelen oder op mannst dat bescht doraus maachen.

Een Owend si mir ganz spontan vun enger Ronn Vietnamesen op Patt ageluede ginn. Wéi iwwerall op der Welt gouf et iergendwann ëm Suen, Krich, Relioun, den Doud a Politik. An dorëms, wéi dës Themen all zesummenhänken. Déi Jonk Männer, mat deene mir geschwat hunn, hu vill Familljememberen duerch de Krich ni kennegeléiert. Si soten, si géifen ni vergiessen, wat geschitt wier – mee et wier wichteg no vir ze kucken.

Am Bezuch op Politik sote si: "There is one Party, so there is no change." Kuerz, bündeg an dach haart. Mee den "Change" gëtt sech selwer geschaaft: Ech hu mech seelen esou vu Kapitalismus ëmgi gefillt, wéi an dësem anscheinend kommunistesche Land. De Materialismus wénkt engem vun iwwerall zou, ewéi eng Winkekatze, déi ni e Krämpche kritt.

"Näischt fir kleng Butzen"

Bei der Police an den Zaldoten hätt een all Interêt sech kleng ze halen. Mee am perséinlech Gespréich mat eis, waren eis Géigeniwwer immens éierlech an oppen. D'Hären, déi Ufank 30 waren, hunn éischter léisungsorientéiert gewierkt. Roserei géif näischt bréngen: Et misst een ebe kucken, datt ee sech selwer hëlleft. Hëllefe géif engem nämlech soss kee ginn. Weder de Staat, nach iergendee Gott.

Ee vun hinne schafft am Süden a seng Eltere passen am Norden op säi klengt Kand op. Hie gesäit et just an der Summervakanz. Hie géif säi Meedchen zwar scho vermëssen, mee d'Stad wier näischt fir kleng Butzen. An Europa wéilt hie scho reesen, esou de jonke Mann. Mee et bräicht een enorm vill Suen: De Kontostand géif gecheckt ginn, éier ee fortgoen dierft. Déi gefuerdert finanziell Garantie wier esou héich, datt vill Vietnamesen d'Land ni verloosse kéinten. Hien wéilt elo spueren a selbstänneg ginn, esou de Papp vun engem klenge Meedchen. Duerno kéint dat mat Europa funktionéieren.

Businessnumm: Tom

Zu gudder Läscht hu mir gutt gelaacht: Eis Gespréichspartner haten eis hir Nimm zwar gesot. Ee vun hinnen huet dunn awer gesot, hie géif Tom heeschen. Dat wier säi Businessnumm. Businessnumm, dat géif bedeiten, den Numm, deen Europäer auszeschwätze kéinten.

An dësen éischten Deeg zu Ho Chi Minh gouf mir vill Gaaschtfrëndschaft entgéintbruecht. Ech mierken, dass ee lues a lues léiere muss, domat ëmzegoen. Dat ass net einfach, mee eng immens schéin a wichteg Erfahrung.