Radioen

On air

Notturno  |  Lambchop - In Care Of 8675309

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hanner de Kulisse vun der Oktav

Am Gespréich

Hanner de Kulisse vun der Oktav

Nach bis e Sonndeg ass d'Oktav an der Kathedral. Ouni Mäertchen an ouni Pilger-Gruppen. Eng Traditioun awer bleift: d'Muttergottesstatue kritt all zwee Deeg een neit Kleed ugedoen.

auto_stories

3 min

D'Traditioun, Statuen ze kleede geet wuel op d'Spuenier an d'17. Joerhonnert zeréck.

Wärend der Oktavzäit kritt d'Muttergottesstatue ëmmer Méindes, Mëttwochs a Freides een neit Kleed ugedoen. Et këmmere sech zwou Dammen ëm de Brauch: d'Maisy Steffen an d'Yolande Scheek. Op der Visitt ass och d'Renée Schmit derbäi, Directrice vum Centre Jean XXIII.



Am éischten Deel geet et ëm d'Bedeitung vun de Bijouen a Schlëssel, deen d'Muttergottes unhuet. D'Muttergottes gëtt mat engem klenge Lift vum Votif-Altor vum Koschter aus der Kathedral erofgeholl gëtt.

Lauschtert den éischten Deelplay_arrow

Am zweeten Deel gi mer gewuer, wéi vill Kleeder d'Muttergottes huet a wou se hierkommen, wéi a wou se versuergt ginn a no wéi enge Krittäre se erausgesicht gi fir d'Oktav.

Lauschtert den zweeten Deel.play_arrow

Am drëtten Deel vun der Serie geet et ëm den Ordre de la Couronne de chêne, ëm wäertvoll Stréckeisen an en nawell groussen Zäitopwand fir d'Changéiere vun de Kleeder vun der Muttergottes.

Lauschtert den drëtten Deel.play_arrow

Am véierten Deel geet et ëm éischt Pressessioune virun iwwer 300 Joer an d'Traditioun vun der Schlusspressessioun.

Lauschtert de véierten Deel.play_arrow

Am fënneften a leschten Deel loosse mir de Paschtouer Jempi Reiners vu senger Experienze vum leschte Joer vun der Oktav 2020 verzielen. De Jempi Reiners gouf zum Oktav-Priedeger ernannt gi fir eng Oktav, matten am Lockdown. Trotzdeem kuckt de Paschtouer ganz positiv zeréck. Weider stellt de Grupp vu jonke Leit aus der Privatschoul Sainte-Anne vun Ettelbréck eis hir musikalesch Projeten vir.

Lauschtert de fënneften Deel.play_arrow