Radioen

On air

Notturno  |  SpudBencer - A4, 2021.08.27 (Travelling To Berlin)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Wansinnsbuch

Dave Sim & Carson Grubaugh - The Strange Death of Alex Raymond

E Wansinnsbuch

Mat der Serie "Cerebus" huet de Kanadier ee vun den absolutte Klassiker vum Independent-Comic geschaf. No längerer Paus mellt hie sech zeréck mat dësem gréissere Wierk.

auto_stories

4 min

Mat der Serie Cerebus, déi hie bal 30 Joer gezeechent huet, huet de Kanadier Dave Sim ee vun den absolutte Klassiker vum Independent-Comic geschaf. No längerer Paus huet hien sech elo erëm mat engem gréissere Wierk zeréckgemellt: The Strange Death of Alex Raymond, erauskomm bei Living the Line. Den Alex Raymond war en Zeechner, dee vun den 1930er bis an d'50er aktiv war a vill Comic Strips fir Zeitungen illustréiert huet. Seng bekanntste Kreatioun ass sécherlech de Flash Gordon, deen een och aus dem Kino kennt. 1956 ass de Raymond bei engem Autosaccident gestuerwen, en Accident, dat ni ganz opgekläert gouf. Déi verschidde Geschichten, déi doriwwer erzielt ginn, notzt dëse Comic als Ausgangspunkt, fir d'Geschicht vum Alex Raymond z'erzielen.

D'Buch zerfält an zwee Deeler. Am éischte geet et ëm dem Alex Raymond säi Wierk a speziell säin Zeechestil. Am zweete geet et ëm ongewéinlech Korrespondenzen tëschent senge Comics a sengem Liewen esou wéi och dem Liewe vu enger Rei vu senge Kollaborateuren. Wat déi zwee Deeler verbënnt, ass d'Fro no der Relatioun tëschent der Fiktioun an der Realitéit. De Raymond war ee vun de éischten, dee "realistesch" Comics gezeechent huet, deen probéiert huet, mat senger Konscht ganz no un d'Wierklechkeet erunzekommen. Fir den Dave Sim huet awer an dësem Fall net nëmmen d'Konscht d'Wierklechkeet imitéiert, mee wat am Raymond senge Comics geschitt, huet op eng gelungen Aart a Weis och eis Welt beaflosst.

Obsessiivt Beschäftege mat Detailer

Am éischten Deel ënnersicht The Strange Death of Alex Raymond déi Zäit an de 1930er, wou verschidden Zeechner de Cartoon-Stil, dee bis dohin d'Comics dominéiert huet, hannert sech loossen an ufänken, realistesch gezeechent Abenteuergeschichten an den Zeitungen ze publizéieren. Et gëtt hei souguer vu Photorealismus geschwat, also eng wierklech präzis, trei Form vun der Repräsentation. Den Dave Sim ass vun deene Comic Strips faszinéiert a beschreift, wéi de Alex Raymond an aner Illustrateuren hire Stil entwéckelt a sech géigesäiteg beaflosst hunn. D'Buch ass bal schonn eng historesch Etüd, eng Geschicht vun der Illustratioun an Amerika zur Mëtt vum 20. Joerhonnert. De Sim zeechent sech och selwer als Erzielerfigur, deen eis duerch d'Buch féiert, virun allen zeechent en awer d'Comics vun deemools no. E bëssi wéi en Schüler kopéiert hien déi al Meeschteren, ersetzt allerdéngs d'Originaltexter vun de Strips mat senger Narratioun.

Et ass e Buch, dat sech op eng obsessiv Manéier mat techneschen Detailer beschäftegt. Et geet zum Beispill ëm bestëmme Pinsel- a Fiedertechniken, déi de Sim genau studéiert huet, fir se dann a sengem Comic ze reproduzéieren an z'erklären. Mee et ass kee rengen Insider-Comic, well d'Begeeschterung, déi den Auteur fir säi Sujet huet, spréngt hei och op de Lieser iwwer. Et entdeckt ee schnell selwer, wat fir eng Meeschterschaft hannert deenen Zeitungscomics stécht - Wierker mat engem u sech "niddrege" kënschtleresche Status, eng reng Masseproduktioun, déi ee schnell gelies an ewechgeheit huet. Hei gesi mer awer zum Beispill, dass den Alex Raymond Linne gezeechent, déi méi fein waren, wéi d'Zeitungen se konnten drécken. De Sim erschaaft eng Hommage un en aalt Handwierk, eng verluere Konscht, an dat ass scho spannend.

En Hauch vu Verschwörungstheorien

Wärenddeems deit hien déi ganzen Zäit un, dass et mysteriéis Parallelle tëschent dem Raymond senge Comics a sengem Liewe gëtt. Dat betrëfft besonnesch d'Autosaccident, dat a verschidde Comics anscheinend, sou mengt den Auteur, virausgesot gouf. Hie mécht sech dann am zweeten Deel drun, weider Connectiounen ze sichen an seng Erzielung an eng, wéi hie selwer seet, "metaphysesch" Richtung ze dreiwen. Do gëtt et op eemol zum Beispill Verbindungen zum Margaret Mitchell, der Auteurin vu Gone with the Wind, dat och an engem Autosaccident gestuerwen ass. Mee, ouni elo dat alles ausbreeden ze wëllen, et muss ee fäerten, dass den Dave Sim hei säi Public verléiert. De Comic ass ëmmer nach technesch virtuos, mee e kritt eppes vu Verschwörungstheorien, wou alles mat allem zesummenhänkt, et keng Zoufäll méi ginn, an dat Ganzt trotzdeem konfus bleift. Duerch verschidde Passage muss een sech wierklech duerchquälen.

Interessanterweis gouf The Strange Death of Alex Raymond net vum Dave Sim fäerdeg gezeechent, mee vu sengem Kollaborateur, dem Carson Grubaugh. Eng kuriéis Geschicht: Den Sim hat sech un der Hand blesséiert a konnt dowéinst laang Zäit kaum zeechnen. Wann een am paranoide Modus vum Comic selwer bleift, kéint een do elo och iergendee geheimen Zesummenhang unhuelen. Mee, Fakt ass, dass wéinst der Verletzung de Carson Grubaugh d'Buch iwwerholl huet, e Prozess, deen am Comic och thematiséiert gëtt, wou de Grubaugh dann oft net esou ganz weess, wat e mat dem ufänke soll, dat him de Sim zeréckgelooss huet. Op jiddwer Fall bréngt en dat Ganzt zu engem Enn, wann och engem onspektakulären.

The Strange Death of Alex Raymond ass op alle Fall e Comic, dee polariséiert. Et ass e Wansinnsbuch. Engersäits e stilisteschen Tour de force, bei deem ee just staune kann a Loscht huet, dem Dave Sim seng Zeechnungen sou genau unzekucke wéi hien dem Alex Raymond seng ugekuckt huet. Anerersäits ass et eng mat der Zäit ëmmer manner verständlech Erzielung, bei där een sech freet, wat den Auteur geridden huet. Mee et sollt een The Strange Death of Alex Raymond eng Chance ginn, an, och wann een d'Buch no 200 vun 300 Säiten an den Eck geheie well, huet et sech gelount.