Radioen

On air

Notturno  |  Simon McCorry & Wodwo - By Water Mite

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gérard Kraus: Passioun fir Science Fiction a Fantasy

SOT EMOL

Gérard Kraus: Passioun fir Science Fiction a Fantasy

De Gérard Kraus ass an enger Zäit grouss ginn an där Science Fiction a Fantasy zimmlech present waren. Vill Mënsche si mat Märercher grouss ginn, déi se dann iergendwann hannert sech gelooss hunn.

auto_stories

3 min

Mee de Gérard Kraus erënnert sech drun datt zu senger Zäit eben op der Televisioun vill Cartoons aus dem Genre Science Fiction gelaf sinn, sou ze soen d'Generatioun "Club Dorothée" An de Gérard Kraus ass eben do hänke bliwwen.

"Ech zielen ëmmer Geschicht datt ech bei menger Bom zu Keel an der Stuff souz an dass ech mech erënnere kann datt de Captain Kirk do mat de Tribbles op der "Enterprise" gespillt huet. Deemools hunn ech nach guer net esou drop reagéiert oder och verschidde markant Bicher déi ech als Kand geliest hunn, dat sinn déi wou Science Fiction-Elementer dra vir komm sinn(...) Et si lauter sou Momenter a mengem Liewe wou ech soe Science Fiction ass am Fong mäin Dada."

"Studium awer net ouni Science Fiction"

De Gérard Kraus huet Englesch studéiert, ass haut Engleschproff, mä och wärend sengen Etude war Science Fiction dobäi. Op der Uni huet en am drëtte Joer o der Uni huet en esou guer e Module gemaach wou et just ëm Science Fiction-Literatur goung. A wéinst der Science Fiction huet en esou guer d'Uni gewiesselt an ass op Liverpool gaangen.

"Wou se e Studiegang hate wou een eigentlech e ganzt Joer laang am Detail Science Fiction studéiert huet, souwuel an der Literatur wéi och an de Medien. Do ass dann och eng ganz aner Welt opgaangen, sou eng riseg Bibliothéik mat quasi alle Wierker déi et jeemools gi sinn, mat Spezialisten an deem Domaine, mat Matstudéierenden, déi och komplett op deem Trip waren."

Wéi vill Plaz hëllt Science Fiction am Alldag?

De Gérard Kraus huet seng Fra wärend dem MA zu Liverpool kenne geleiert, dat heescht si sinn Allenzwee an der Science Fiction doheem. D'Science Fiction hëlt scho vill Plaz, et ass nach net krankhaft, seet de Gérard Kraus, mä et wier eppes Normales an hirer Famill ginn.

"D'Meedercher hunn och Nimm, déi aus der Science Fiction a Fantasy inspiréiert sinn, den Hond heescht Lilu, do war meng Schwéiermamm eigentlech frou, dass mer dem Hond deen Numm ginn hunn an net nach e Kand dono genannt hunn, aus dem fënneften Element eben."

Mee Science Fiction ass, wéi de Gérard Kraus seet, present an hirem Privatliewen, wéi zum Beispill och Science Fiction-Konscht déi doruechter hänkt.

"Et sinn Objetë wéi dem Darth Vader säin Helm, dee quasi bei der viischter Dier steet, nieft anere Science Fiction-Helmer. Et ass haaptsächlech Science Fiction a Fantasy wat mer um Fernsee kucken, wa mer eppes kucken oder wa mer emol e Film kucke ginn.(...) Dass vill, dass awer nach an engem Beräich wou ech soen, mer ginn awer nach ganz gutt domat eens."

Et ass dach flott wann een am Liewen eng Passioun huet, oder?