Radioen

On air

Al Schanken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gabriela Rapp

Am Gespréich

Gabriela Rapp

D'Gabriela Rapp huet d'Cyberworld Awareness and Security Enhancement Services mat opgebaut. Si kennt d'Realitéite fir Kanner a Jugendlecher aus der Cyberwelt an huet déi elo am Buch "Bitte tu was" verschafft.

auto_stories

6 min

D'Gabriela Rapp, eng studéiert Ekonomistin, huet hir Kandheet op engem Bauerenhaff am däitsche Schwabe verbruecht. Si huet eng Zäit an der Entwécklungshëllef geschafft, an ass op international Finanzstréim opmierksam ginn - an esou och op Lëtzebuerg komm.

Si huet gehollef CASES opbauen, d'Cyberworld Awareness and Security Enhancement Services. Iwwer dee Wee huet si vill mat Kanner a Jugendlechen zu Lëtzebuerg iwwer hir Realitéit an der Cyberwelt geschwat, an eng Welt entdeckt, déi zum Deel doudgeféierlech ka sinn.

D'Buch "Bitte tu was! - (Cyber) Porno Sex Gewalt Drogen Sucht Mobbing Ritzen & Co " ass e Must-read fir jiddereen, dee mat Kanner a Jugendleche schafft.

Iwwer Hacking an Industriespionage

Ufank der 2000er Joeren ass d'Gabriela Rapp op Lëtzebuerg komm, an huet Aarbechte gemaach iwwer déi si mat Industriespionage an Hacking a Beréierung koum.

"Industriespionage" - wat huet dat mat Geforen vun der Cyberwelt fir jonk Mënschen ze dinn? E Beispill vun der Gabriela Rapp:

"Wir haben in Luxemburg ein Experiment gemacht, wir sind in die Grande Rue gegangen, haben junge Leute 3 Tage ausgebildet, und Erwachsene angesprochen, das war 2007-2008. Und nach ihren Passwörtern gefragt. Wir hatten in weniger als 2 Minuten genderneutral von über 25 Erwachsenen die Passwörter. Und indirekt von fast 50 Prozent der Erwachsenen die Passwörter."

Iwwer dräi einfach Froen, déi de Géigeniwwer mat "Jo" beäntwert, kéint ee ganz séier Vertrauen opbauen.

"Ich erzähle was meine Kinder vielleicht an Dummheiten gemacht haben und frag Sie ob Sie auch Kinder haben, oder Haustiere, und dann geh ich davon aus dass höchstwahrscheinlich Ihr Passwort der Haustiername ist, oder Ihre Kinder (...) dann werde ich sie loben, und sagen sie sind besser informiert wie ein Sicherheitsexperte, ob Si mir Ihre Adresse geben könnten, wéil sonst werde ich nicht für meine Arbeit bezahlt. 98 Prozent der Menschen sind lieb und helfen, und geben mir ihr dann ihre Adresse. Und da ich den Namen Ihrer Kinder kenne und Ihre Adresse habe kann ich indirekt in ganz kurzer Zeit Ihre Passwörter knacken."

Lauschtert hei den éischten Deelplay_arrow

Eng Sécherheetsstruktur fir Lëtzebuerg

D'Gabriela Rapp war am Projektmanagementberäich aktiv, a koum sou 2001 als extern Mataarbechterin bei den Opbau vun enger "Wëssensgesellschaft fir Lëtzebuerg". De Sécherheetsaspekt huet hir gefeelt an zesumme mam François Thill hu si decidéiert, eng Sécherheetsstruktur fir Lëtzebuerg opzebauen.

"Unser Ziel vor Augen damals war von Anfang an, 2001, wir brauchen eine Cybersicherheitsstrategie. (...) Das war ein wichteger Pfeiler, dieses Cyberwelt-Bewusstsein. UND die Sicherheitsstruktur. Beides geht nur zusammen. Wir hatten seinerzeit die Kinder integriert. Damit waren wir weltweit auch führend."

Lauschtert hei den zweeten Deelplay_arrow

Direkte Kontakt mat de Jonken an hire Probleemer

Bei Erwuessene wieren d'Sécherheetsreflexer och net do, dofir huet een decidéiert bei de Kanner unzefänken. An zéng Grondschoule krut een direkte Kontakt zu Jonken an de Problemer, déi si an der Cyberwelt begéinen.

An der Pandemie huet d'Gabriela Rapp dann d'Buch "Bitte Tu was" geschriwwen. Hannen um Buch steet:

"Bitte Tu was" fleht ein 13-jähriges Mädchen. Si ist verzweifelt, sieht keinen Ausweg, hat Suizidgedanken. Jemand hat ein Nacktfoto von ihr erpresst. Ein Schicksal unter vielen.
Kinder, das Wertvollste einer Gesellschaft!
Wo ist unser Schutz?"

Der Gabriela Rapp läit d'Iwwerliewe vun de Jonke bei Situatiounen, déi hiren Ursprong hunn, ganz besonnesch um Häerzen.

Fir kënnen ze hëllefe muss ee sech froen: wéi eng Kompetenze brauche mer an der digitaler Welt?

Wéi kënne mer eng Risikoevaluatioun maachen, well eis Instinkter an der Cyberwelt net funktionéieren?

Wat passéiert iwwerhaapt an dëser Cyberwelt?

Wéi ee Konsum hunn d'Kanner do?

Wéi eng Phenomener kann een hei gruppéiert gesinn?

An hirem ganz léisungsorientéierte Buch erkläert d'Gabriela Rapp, wat dat fir Auswierkungen op d'Gehier vun deem Mënsch huet, dee virum Ecran sëtzt.

Et soll een am beschten direkt hellhöreg ginn, an oppasse wéi een sech un dës Aufgab mécht.

Lauschtert hei den drëtten Deelplay_arrow

An de Spillschoulen huet d'Gabriela Rapp gemierkt, datt een Drëttel vun de Kanner schonn Horror-Clownvideoen , oder Extrait'e vun Horrorfilmer gesinn hunn. Si kucken dacks bei den eelere Geschwëster mat.

Déi béiswëlleg Messagen tauchen op ouni dass een se bewosst siche geet. Si brennen sech an d'Gehier vun de Kanner an, an kënnen schlëmmstefalls dozou féieren dass d'Kanner spéider méi ängschtlech sinn, an erhéichte Gefor lafen un zum Beispill Depressiounen ze erkranken.

Wou läit d'Léisung?

D'Léisung ass der Gabriela Rapp no, guer net schwéier: et misst een horizontal vernetzt schaffen, iwwer all d'Acteuren d'Bewosstsinn kréie wéi eist Gehier schafft, a kloer kommunizéiere wéi ee mat digitale Méiglechkeeten ëmgeet.

Als Erwuessene misst een sech fir t'éischt emol bewosst ginn dass Kanner bis 6 Joer alles wat se erliewe wéi e Schwamp opsaugen, an datt eist eege Verhale mam Handy eent zu eent vun hinnen opgeholl an nogemaach gëtt.

Et soll ee mol froen: wéi war et am Internet? An dann och zu 100 Prozent nolauschtere wat d'Äntwert ass.

Et brauch een d'Zäit fir dës Appen, Spiller, Instrumenter kennenzeléieren. Déi meescht Elteren si geschockt wann se gesi wat un Inhalter do zougänglech ass.

Lauschtert hei de véierten Deelplay_arrow

Well an de Schoulen ëmmer méi op digital Léisunge gesat gëtt, kafe vill Elteren hir Kanner Maschinnen, fir datt se net dono eppes verpassen. D'Risikobewosstsinn feelt awer do. D'Begleedung beim digitale Konsum bleift weiderhin néideg.

E leschte Rotschlo vum Gabriela Rapp:

"Wenn Sie kleinere Kinder haben: nutzen Si jede Gelegenheit um denen zuzuhören, die kindlichen Bedürfnisse helfen zu leben, rauszugehen, zu spielen, sich zu unterhalten. (...)
Das ist auch sehr wichtig für später: die Bedürfnisse führen dazu dass wir Motivation entwickeln, und unsere Kreativität erhalten. Das fehlt sonst nachher."

Lauschtert hei den fënneften Deelplay_arrow

D'Buch "Bitte Tu was" vun der Gabriela Rapp ass vun elo un erhältlech.