Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Frànçois & The Atlas Mountains - Coucou

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Seitert a Säitert

Flouernimm

Seitert a Säitert

De Flouernumm, deen Iech de Claude Faber hei erkläert, ass ee vun den heefegsten hei am Land. Et ass de Flouernumm "Seitert" oder "Säitert", mat e oder ä geschriwwen. Seng Bedeitung liicht och jiddwerengem direkt an, oder? Gitt net ze wäit sichen, et ass nämlech vill méi einfach, wéi Dir Iech elo vläicht denkt.

auto_stories

4 min

Fir dem Flouernumm Seitert op d'Schléch ze kommen, fänken ech dës Kéier direkt mat enger Seechen un, fräi iwwersat aus dem Nikolaus Gredt sengem Buch "Sagenschatz des Luxemburger Landes".

Eng Seechen als Ursprong

Virun engen etleche Joren huet sech e kräftege Bouf an der Nuecht vu Schandel bis op Mäerzeg missen heem maachen an ass dobäi duerch den däischtere Bësch an déckt Gestrëpps tëschent Groussbus a Viichte gelaf. Op eemol, hie war bei der Groussbusser Seitert ukomm, huet de Bouf ganz aarmséileg Lauter héieren, déi awer séier an e verdäiwelt Gejäiz ausgeaart sinn.

Hien ass méi séier gelaf, fir dem grujelege Spektakel aus de Féiss ze kommen, mee de Kaméidi an d'Gejäiz sinn ëmmer méi haart ginn, an de de Bouf huet et ferm mat der Angscht ze di kritt. Hien huet sech dunn un eng grouss Bich geklamert, no alle Säiten gestuerkt, fir jo erauszefannen, wat oder wien him do esou e Leed wollt undoen. Hien huet esouguer een Ament gefaart, déi deck Bichen an Eeche géifen iwwer sengem Kapp zesummebriechen an hien dorënner begruewen.

Well de Kaméidi awer einfach net wollt noloossen, huet sech de Bouf op eemol zesummegerappt an ass ouni ëmzekucke weidergelaf, esou séier wéi hien nëmme konnt. A wéi hien nees op e Wee gestouss ass, deen hie vun aneren Deeg hier gutt kannt huet, do war vum Gejäiz a vum Kaméidi och näischt méi ze héieren.

Ganz blatzeg an doudmidd ass de Bouf no ville Stonnen Angscht a Lafen nees heem komm an ass och direkt nach un der Dier an d'Gette gaangen. Vun deem Dag un ass dee soss dach esou staarke Borscht just nach viru sech hi gesiescht a sollt och séier den Doud fannen.

Kaméidi a fierchterlecht Gejäiz

Bei der Groussbusser Seitert, mee och op ville Plazen net wäit dovun ewech, esou heescht et, hunn d'Leit ëmmer nees dëse Kaméidi an dat fierchterlecht Gejäiz héieren. Mee bis haut huet nach kee Mënsch erausfonnt, wat oder wien dohannert stécht.

Dëst ass eng vu ville Seeërcher, déi sech an enger Seitert ofspillen. A wéi ee sech dobäi denke kann, geet et hei ëm Plazen, wou ee sech an der Nuecht, mee och soss, net direkt erëmdrécke soll. Fir méi genee ze sinn, et si meeschtens däischter Bëscher, an deenen een de Wee net verloosse soll, fir sech net dran ze verléieren.

Wou kënnt "Seit" oder "Säit" hier?

Fir dann de Flouernumm Seitert ze erklären, muss een den Numm ganz einfach an zwee splécken, an zwar a "Seit" oder "Säit" an "ert", oder besser gesot "haart". A wéi schonn emol beim Flouernumm Wemperhaart erkläert, ass ënner "Haart" e Bësch oder eng mat Bësch bewuessen Héicht ze verstoen.

Mat enger Seit-Haardt gouf da gewéinlech en Hang vun esou enger Héicht bezeechent, gären emol mat géie Flanken oder mat Griechten duerchzunn. E weidere Flouernumm, deen ech Iech an dëser Summerserie scho virgestallt hat. Beim Wuert Seit-Haardt ass da mat der Zäit de Buchstaf H net méi mat ausgeschwat ginn, an den Numm Seitert oder Säitert ass ganz einfach iwwereg bliwwen.

Seitert bei Groussbus

Eist ganzt Ländchen ass mat Seiterten duerchzunn. Zu Groussbus, vu wou déi Seeche vu virdrun erzielt, gëtt et nieft dem Flouernumm Seitert och nach d'Flouernimm "hanner der Seitert", "bei der Seitert" a "virun der Seitert". Zu Réiden heescht et "Iwwer der Seitert" an zu Uewerwampech "Um Seitert".

Mee och de Flouernumm "Säitert", also mat ä geschriwwen, ass iwwerall uechter d'Land erëmzefannen, wéi zum Beispill zu Käerch, Mamer, Conter, Kielen, Jonglënster, Luerenzweiler, Folscht a Roudemer.

Säitert bei Meesebuerg

Um Enn wëll ech hei dann nach op d'Säitert bei Meesebuerg ze schwätze kommen, déi deem engen oder anere vläicht awer e Begrëff ass. Net, well et do méi schéin ass, wéi op anere Seiterten, mee well do eng ganz besonnesch Bich steet, déi esouguer an der Lëscht vum zousätzlechen Inventaire vun de klasséierte Monumenter hei zu Lëtzebuerg geféiert gëtt, an zwar ënner dem Titel "Mudderbuch um Säitert bei Meesebuerg".

Eng Mudderbuch ass nämlech eppes nawell Rares. Et ass eng Buch, op där hirem Stack eng ganz Rëtsch déck Äscht, fir net ze soe Stämm, wuessen. Esou Beem kënne ganz natierlech entstoen, mee dacks sinn och Mënschen oder Déieren d'Ursaach, well si den Haaptstrang vun esou enger Bich an engem fréie Wuesstumsstadium ofgebrach hunn. Fir vill Beem heescht dat de sécheren Doud. Mee et ginn der awer och, an dat ass dann éischter rar, déi dann déi iwwereg gebliwwen ënnescht Äscht all zesummen als Haaptstrang huelen, fir dann zu enger sougenannter Mudderbuch erunzewuessen.

D'Mudderbuch um Säitert bei Meesebuerg huet iwweregens stolzer eelef dëser Haaptstämm opweises an iwwerhëlt domat déi éischte Plaz vun de Mudderbichen hei zu Lëtzebuerg. Déi landbekannte Mudderbuch am Juckelsbësch bei Mamer, déi ganzer 12 Haaptstämm gezielt huet an dowéinst och d'Apostelbich genannt gouf, ass nämlech leider um ofstierwen.