Flouernimm Op der Rhum

An den ale Kasären Op der Rhum an der Stad ass haut en Altersheem ënnerbruecht, de Centre du Rham, dee seng Dieren am Joer 1981 opgemaach huet. Dobäi hu sech do scho vill Joerhonnerten do virdrun ëmmer nees Leit niddergelooss. An am Mëttelalter ass dunn d'Stater Festungsmauer och um Rham-Plateau erweidert ginn, an zwar ënner dem Wenceslas dem Zweeten, dem Wenzel, Herzog vu Lëtzebuerg.

Claude Faber

Tréierer Paart

De Plateau, deen haut ënner dem Numm "Rumm" bekannt ass, gëtt vun dräi Säite vun der Uelzecht ëmspullt an ass deemno scho ganz fréi als strategesch wäertvoll fir d'Festung Lëtzebuerg erkannt ginn. De Wenzel huet d'Rhum am Ufank vum 15. Joerhonnert duerch de Bau vun der drëtter Rengmauer an de geschützten Deel vun der Stad mat agebonnen. An ënner der franséischer Herrschaft huet de Vauban dunn um Enn vum 17. Joerhonnert och nach grouss Kasären do baue gelooss, fir ëmmerhin bal 1.800 Zaldoten ënnerzekréien.

Um beléifte Wenzel-Tour sinn haut grouss Deeler vun der Wenzelsmauer ze gesinn, an natierlech och nach vill aner impressionant Elementer vun der aler, Lëtzebuerger Festung. Dorënner dann och vereenzelt Paarten an Tierm, duerch déi een deemools an d'Stad eran- oder erausgelooss gouf, wéi zum Beispill de Jacobs-Tuerm. Oder soll ech éischter Al Tréierer Paart soen, oder vläicht Dinsel- oder Dënselspaart? Dës Bezeechnunge féieren eis nämlech e gutt Stéck méi no un de Flouernumm Op der Rhum.

D'Roll vun den Handwierksleit

Dinsel oder Dënsel kënne vum laténgesche Wuert "insula" ofgeleet ginn a bezeechnen deemno näischt anescht wéi eng Insel. A vu datt d'Rumm jo op dräi Säite vun der Uelzecht ëmginn ass, souzesoen eng Zort Hallefinsel duerstellt, gouf de Plateau och ufanks, dat heescht nach bis an d'16. Joerhonnert eran, och Dënsel oder Dinsel genannt. Dës Paart huet awer de Leit aus dem Stadgronn d'Liewe schwéier gemaach, well si de Wee fir bei hir Felder um Fetschenhaff onnéideg verspaart hunn. De Grof Mansfeld huet dowéinst am Joer 1590 d'Dënselgaass, déi haiteg Tréierer Strooss, erweidert, an déi ënnescht Dënselpaart, och nach bannenzeg Tréierer Paart genannt, baue gelooss, fir de grousse Verkéier op dëser Plaz nees méi un d'Rullen ze bréngen. Zu där Zäit, a schonn e puer Joerzéngt do virdrun, war d'Dënselgaass nämlech staark besicht. Elauter Handwierksleit hate sech do niddergelooss, wéi zum Beispill Maurer a Steemetzer, déi net zulescht eng wichteg Aarbecht beim Bau a beim Ënnerhalt vun de Festungsmauere geleescht hunn.

Mee wat huet dat alles mam Flouernumm Op der Rhum ze dinn, wäert Dir Iech elo vläicht froen. Mee ënner dësen Handwierksleit waren och eng jett Textilhandwierker dobäi, déi sech ganz gären bei enger Baach oder engem Floss ugesidelt hunn, well si d'Waasser net nëmmen fir d'Wäsche vun der Woll an vun den Dicher onbedéngt gebraucht hunn, mee natierlech och fir d'Bedreiwe vun hire Mille selwer. Et ass dann och nozeweisen datt eng grouss "folle mullen" bei der Clausener Bréck bestanen huet. Eng Wollmillen, respektiv eng Duchfabrick, déi schonn am Joer 1379 an der Zunftordnung vum Wieweramt eng éischte Kéier ernimmt gëtt. A fir dat Ganzt nach ze ergänzen, sief hei nach gesot, datt enger Recherche no vum Eva Jullien iwwer d'Handwierksleit an der Stad am spéide Mëttelalter, souguer iwwer 30 Léngent- a Wollwiewer, dräi Dichermeeschter, dräi Fierwer an ee Wollschléier am Gronn solle geschafft hunn.

Op der Rumm huet "Dënsel" verdrängt

Sou! Mat all dësen Erklärunge komme mer dem Flouernumm Op der Rhum elo scho ganz no. Fir déi frësch gewieften Dicher ze recken, sinn dës nämlech vun der "folle mullen" a Clausen op Rumme gespaant ginn, ënner anerem um Fouss vum Bockfiels, bei den Uwänner vun der Uelzecht beim ale Sankt-Johann Spidol, dat deemools an de Mauere vun der Abtei Neimënster Plaz fonnt hat, an, wéi soll et nees anescht sinn, och op der Dënsel, dat heescht op der haiteger Rumm.

D'Ausdréck Uff den Rhamen an Op der Rhuem tauchen noweislech schonn an der Mëtt vum 15. Joerhonnert op. A well den Ausdrock fir d'Aarbecht op der Rumm ze schaffen vu villen Handwierker, an och Doléiner, iwwer vill Joren ëmmer nees gebraucht gouf, huet sech och lues awer sécher den Ausdrock Op der Rumm breet gemaach, an den ale Flouernumm Dënsel verdrängt.

Datt et op franséisch Plateau du Rham heescht kënnt dann och dohier, well sech franséisch Kadasterbeamten ufanks vum 19. Joerhonnert op dat däitscht Wuert Rahmen baséiert hunn. Op Lëtzebuergesch ass de Flouernumm Op der Rhum awer bis haut nach bestoe bliwwen.

An der Mediathéik:

Iwwer Bierg an Dall / / Claude Faber
Lauschteren

Méi zum Thema

Dréischer
Flouernimm

De Flouernumm vun dëser Woch ass Dréisch oder Dréischer. Et kéint een och Frichen oder ganz einfach Brooch oder Broochland soen, mee do ginn et awer landwirtschaftstechnesch gesi fein Ënnerscheeder.

Misärsbréck
Flouernimm

Ass den Numm Misärsbréck wierklech en Iwwersetzungsfeeler? Oder ass et de ville Misär, deen op a ronderëm dës Bréck geschitt ass? De Claude Faber huet fir eis Summer-Serie recherchéiert.

Programm

Net verpassen

  • Nei Museksemissiounen

    Bigstock / real_content

    Al Schanken: Freides, 21:00

    Mat Groove a Séil: Samschdes, 19:00

    Palatino FM: Samschdes, 21:00

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen