Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op der Lou

Flouernimm

Op der Lou

Den Ausdrock Louklëppel wäert deen een oder anere sécherlech nach kennen. Domat ass en ongehuwwelten, rabiate Mënsch gemengt, mee och d'Leit aus dem Éislek sinn, oder ginn och gären esou genannt. Den Ausdrock kënnt aus enger Zäit, an där - besonnesch am Éislek - vill Leit nach mat der Lou geschafft hunn. Wat dat elo awer mat Lëtzebuerger Flouernimm ze dinn huet, verréit de Claude Faber.

auto_stories

3 min

E Louklëppel ass näischt anescht wéi e geschielten Eechestämmchen. An d'Lou, op Däitsch Lohe, ass dann d'Schuel, déi mat engem besonneschen Handwierksgeschier, dem Louschlëssel, vum nach jonken Eechebam lassgeléist gëtt. Dës Lou gouf fréier vill gebraucht, an zwar als Gierwstoff bei der Fabrikatioun vu Lieder. Am Ufank vum 18. Joerhonnert gouf nämlech den Tanin entdeckt, deen an den Eecheschuelen dran ass. E besonnesch gudde Gierwstoff fir d'Liederindustrie, wéi sech séier erausgestallt huet.

Éischt Spuere vu Louhecken

Och zu Lëtzebuerg hunn d'Leit matkritt, datt do e puer Suen ze verdénge waren. An esou koum et dann, datt, haaptsächlech am Éislek, am grousse Stil Louhecken ugeplanzt goufen. Éischt Louhecke waren zwar scho viru gutt 300 Joer zu Lëtzebuerg ze gesinn, mee ëm 1900 hu se dach tatsächlech schonn eng Fläch vu ronn 25.000 ha ageholl.

Dat ware ganzer zéng Prozent vun eisem Ländchen, oder kuerz ëmgerechent, 17.850 Fussballfelder grouss. D'Louhecken hunn de Baueren, mee och villen Doléiner uechter d'Land e puer Su méi erabruecht, an déi sëllege Loumillen a Gierwereien hunn nach zousätzlech nei Aarbechtsplaze geschaf. Am Ufank vum 19. Joerhonnert konnten ëmmerhin eng 100 Gierwereien zu Lëtzebuerg gezielt ginn.

Et ass deemno och net verwonnerlech, datt iwwer dee Wee dann och d'Flouernimm "Lou" an "Loh/Lo" - mat oder ouni H geschriwwen - op ville Plazen uechter d'Land entstane sinn, e Wénk, deen eis bis haut nach verréit, datt do emol Eechebeem, also Louhecke stoungen a vläicht haut nach do stinn.

Héichpunkt: 19. Joerhonnert

"An, iwwer oder hanner der Loh" heescht et zum Beispill zu Ëlwen, Diddeleng, Mamer oder zu Nidderkäerjeng, "Op Lou" zu Stengefort. Mee et ginn och Loubëscher zu Kielen, Betzder a Garnech, an dann nach Loukaulen zu Conter oder Roudemer. Et gëtt och de Flouernumm "Louheck" zu Sëll, "Louklëppel" zu Weiler um Tuerm, "Op der Loumillen" zu Folscht, an "Um Loumillewee" zu Nidderfeelen. Dës kleng Opzielung mécht kloer, wéi vill hei zu Land mat der Lou geschafft gouf.

Dës ganz Gierwstoffindustrie hat hiren Héichpunkt ëm d'Mëtt vum 19. Joerhonnert, wéi Lëtzebuerg un den däitschen Zollveräin ugebonne gouf. Déi preisesch Arméi huet zu där Zäit vill Lieder gebraucht, an deen huet si dann och zu Lëtzebuerg ze kafe kritt. Mee et ass och soss vill an dat not Ausland exportéiert ginn, sief et Lieder, oder nëmmen dee gudde Gierwstoff, deen aus der Lëtzebuerger Lou gewonne gouf.

Um Enn vum 19. Joerhonnert huet sech dat ganzt Geschäft awer schonn nees geluecht, well Gierwstoffer am Ausland a vill méi grousse Quantitéite produzéiert konnte ginn an domat och méi bëlleg waren. Am Ufank vum 20. Joerhonnert sinn dann och déi éischt syntheetesch Gierfstoffer aus Phenolderivater op de Maart komm, esou datt zu Lëtzebuerg scho virum Zweete Weltkrich kaum nach Lou gewonne gouf, an och déi puer, nach iwwereg gebliwwe Gierwereien hir Dieren zougemaach hunn. Déi sëlleg Flouer mam Wuert "Lou" dran, hunn allerdéngs bis haut nach iwwerlieft.

E villsäitegt Geschäft

Um Enn sief nach kuerz, nieft dem Handwierk vun engem Loumiller oder Louschläisser, d'Aarbecht vun engem sougenannte Loutrëppler ernimmt fir ze weisen, wéi villsäiteg dach dat ganzt Geschäft ëm d'Louhecke war. Déi ausgelaugte Lou gouf nämlech dacks nees vun de Baueren agesammelt, ëmmer gutt fiicht gehalen a meeschtens ëm d'Fréijoer zu Loukuch getrëppelt.

Dofir gouf eng ronn oder véiereckeg Form aus Eise geholl, déi sougenannte Loureemchen, ongeféier véier Zentimeter héich a bis iwwer de Bord mat fiichter Lou gefëllt. Duerno war et dann dem Loutrëppler seng wichteg Aarbecht, esou laang op der Lou ronderëm ze trëppelen, bis datt déi zesummegepecht huet an esou gutt wéi keng Flëssegkeet méi dra war. De festgestampfte Loukuch gouf dunn aus der Form erausgeholl, e puer Wochen komplett ausdréchne gelooss an da schliisslech fir eegen Zwecker, nämlech als besonnesch gutt Heizmaterial, verfeiert.