Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Misärsbréck

Flouernimm

Misärsbréck

Fir aus dem Süden hier op Léifreg kënnen ze fueren, muss ee fir d'éischt emol laanscht de Stauséi kommen. Dat geet natierlech am beschten iwwer d'Staumauer bei Esch/Sauer, mee do gëtt et awer och nach déi sougenannte Misärsbréck am Alaf vum Stauséi. Ass et dann och dee ville Misär, deen op a ronderëm dës Bréck geschitt ass, deen dem ganze Flouer säin Numm ginn huet? De Claude Faber huet recherchéiert.

auto_stories

3 min

Den Numm Misärsbréck léisst natierlech direkt emol drop schléissen, datt op dëser Plaz och vill Misär geschitt ass. An et ginn och eng jett lokal Geschichten iwwer Brécken, déi do zesummegefall wären, a Leit, déi do zu Fouss oder mat hirem Won stieche bliwwe solle sinn, déi dem Numm all Éier maachen. Mee et ass leider net eendeiteg beluecht, datt dës Bréck an de ganze Flouer ronderëm d'Bréck dowéinst och den Numm Misère droen.

Eng réimesch Villa

Dem Lokalhistoriker Dr. Marc Neu no huet den Numm éischter e sproochlechen Ursprong, dee souguer bis op d'Réimerzäit zeréck soll goen. Kuerz hanner der Bréck, um Hedeknäppchen, soll nämlech emol eng réimesch Villa gestanen hunn. Iwwerreschter, déi do bei Ausgruewunge fonnt goufen, kënnen dat zum Deel och beleeën.

Dem Lokalhistoriker seng Interpretatioun vum Numm Misère soll dann op e Feeler vu franséische Kadasterbeamten zeréckgoen, déi de fréiere Flouernumm vun do, nämlech "Op der Mies" falsch iwwersat, an doraus dat franséischt Wuert "misère" gemaach sollen hunn. An d'Wuert "Mies" soll da vum laténgesche Wuert "mansio" ofzeleede sinn, wat souvill wéi Haus oder Villa heescht. An da wäre mer bei der Réimescher Villa ukomm.

Mies zu Lëtzebuerg

Dës Ofleedung huet mech allerdéngs intrigéiert, an ech hu mech op d'Sich no weideren Erklärunge fir de Flouernumm "Op der Mies" gemaach. Dobäi sinn ech op vill Plazen hei am Land gestouss, déi dësen Numm och droen, wéi zum Beispill zu Dippech, Kielen, Wal, Käerch, oder och nach zu Stengefort. "Op dem grousse Mies" an "Um klenge Mies" heescht et zu Biissen. An zu Mamer trëfft een och nach op d'Flouernimm "Op der hënneschter Mies" an "Op der Fiichter Mies".

Dobäi ass d'Wuert Mies souzesoen de Virleefer fir dat däitscht Wuert Moos, ganz am Sënn vun engem mouerege Landschaftsstreech oder enger Supp. Am Alhéichdäitsche fënnt ee souguer nach eng Tëscheform, nämlech "mios", déi béid Wierder etymologesch ganz kloer verbënnt.

A wéi soll et nees anescht sinn, Misärsbréck ass net nëmmen den Numm vun der Bréck, déi do iwwer d'Sauer geet, mee dat ganzt Fiichtgebitt am Alaf vum Stauséi, dat zanter 2014 en nationaalt an international Natur- a Vulleschutzgebitt ass, dréit och dësen Numm a passt deemno wonnerbar op d'Erklärunge vum Wuert Mies, respektiv Moos, dat hautdesdaags dann awer éischter fir eng Planzenaart gebraucht gëtt, wéi fir e suppege Flouer.

Eng falsch Iwwersetzung?

Mee dem Lokalhistoriker Dr. Marc Neu seng Interpretatioun, datt franséisch Kadasterbeamten am 19. Joerhonnert de Flouernumm "Op der Mies" an dat franséischt Wuert "Misère" falsch iwwersat sollen hunn, bleift dann nawell nach am Raum stoen, fir net ze soen, datt dëse Flouernumm net awer eppes mam Leed, also mam Misère, ze dinn huet, deen d'Leit ronderëm dës Bréck erlieft sollen hunn.

Wéi och ëmmer! Op alle Fall ass et der Wäert sech dës Bréck emol eng Kéier méi genee unzekucken a ganz besonnesch dat grousst Natur- und Vulleschutzgebitt "Misärsbréck", an deem deen hei zu Land éischter raren Äisvull (Alcedo atthis) nach ze gesinn ass. Och de Virbarrage vum Stauséi, mat senger grousser Fëschtrap, nëmmen e puer honnert Meter vun der Bréck ewech ass kuckeswäert.