Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fake News zur Escher Architektur

Zäithistoriker

Fake News zur Escher Architektur

Den Zäithistoriker Denis Scuto geet op den abstruse Verglach tëschent dem Escher Musée national de la Résistance an der Nazi-Architektur am neie Marco-Polo-Guide iwwer Lëtzebuerg an.

auto_stories

8 min

Den neie Marco Polo-Guide iwwer Lëtzebuerg huet wéinst sengem Kapitel iwwer Esch zu groussen Diskussiounen an de soziale Medie gefouert. Ech wëll mech hei net zu de Wäerturteeler zur Minettemetropol am Guide äusseren, mat deenen ech net d'accord sinn. Des goûts et des couleurs...

Inspiratioun klassesch Architektur

Ech wéilt mech hei awer ëmsou méi distanzéiere vun engem deplacéierten a falsche Verglach tëschent dem Escher Nationale Resistenzmusée an der Nazi-Architektur. Ech zitéiere wat am Marco-Polo-Guide steet: "Ähem, das Teil sieht zwar irgendwie aus, als hätte Hitlers Lieblingsarchitekt Albert Speer es entworfen, beherbergt aber das Musée de la Résistance (...)."

Dat Monument an dee Musée, deen d'Architekten Nicolas Schmit-Noesen a Laurent Schmit - deen als ee vu 94 Schüler vum Escher Jongelycée nom Streik vun 1942 géint den Nazi-Okkupant verhaft an e puer Méint op Burg Stahleck internéiert gi war - an den 1950er Jore fir d'Escher Gemeng entworf hunn, reien sech net an eng nationalsozialistesch Architekturtraditioun an.

Wéi aner öffentlech Bauten zu Lëtzebuerg an engem gudden Deel vun der Welt am 20. Joerhonnert, ob zu Paräis, zu Washington, zu Tokyo, zu Madrid, zu Roum, zu Berlin, zu Helsinki oder zu Rio de Janeiro, inspiréiert de Musée sech un der klassescher Architektur.

Firwat fanne mer a ville grousse Stied representativ Gebaier, mat Elementer vun anticker griichesch-réimescher Ästhetik? Fir et an de Wierder vum Architekturhistoriker Kostof Spiro auszedrécken: als unerkannten an universal Traditioun geet d'Virbild vun der anticker Architektur iwwert eng enk Symbolik eraus a ka fir veschidde Benotzer Verschiddenes bedeiten.

D'Entstoungsgeschicht vum Musée

Am Fall vum nationale Resistenzmusée erklären sech dës klassesch Elementer engersäits duerch den Ursprong vum Projet an anerersäits duerch d'Formatioun an d'Perséinlechkeet vun den Architekten.

Zur Entstoungsgeschicht vum Musée: De Projet geet zeréck op eng Fuerderung vun der Escher Sektion vun der Ligue luxembourgeoise des prisonniers et déportés politiques (LPPD). Si fäert, datt d'Resistenz an d'Resistenzler, an dat woufir se gestuerwe si, vergiess ginn. Dofir fuerdert d'LPPD 1949 an engem Memorandum vun der Gemeng e grousst Monument matzen an Esch: "Une humble pierre tombale, cachée sous des arbres, a suffi à de grands hommes. C'est vrai. Nous désirons par contre qu'ici à Esch notre Monuments aux Morts soit vraiment "monumental"."

Fir de Lien vum Widderstand géint den Naziokkupant am Krich mam Liewen a Friddenszäiten ze ënnersträichen, soll hei duerch de Musée och un déi erënnert ginn, déi hiert Liewen an hir Gesondheet geaffert hunn an de Schmelzen, de Minnen, de Betriber an déi esou d'wirtschaftlech Grondlag vun der nationaler Onofhängegkeet geschaf hunn.

D'Escher Gemeng kënnt de Wënsch vun der LPPD no a schreift e Concours aus fir en imposant architektonescht Ensembel vun dräi Gebaier. D'Monument selwer ronderëm e Sarkophage mat der Inscriptioun "Morts pour la patrie" soll mat zwee administrative Gebaier, dem Aarbechtsamt an dem Friddensgeriicht, souwéi engem Musée verbonne ginn. De Programm vum Concours schreift Folgendes vir: "L'ensemble est à concevoir de manière à créer un cadre digne d'un Monument aux Morts. Il semble indiqué de ne pas aménager des fenêtres dans les façades donnant directement sur la place du Brill. (...) On joindra, en principe, par une colonnade les bâtiments."(Am Jury setzen iwwregens niewent Lëtzebuerger Vertrieder en Ingenieur vun Zürich an en Architekt vu Metz.)

All Säit huet seng Funktioun

Genee dat setzt den Nicolas Schmit-Noesen mat Hëllef vu sengem Jong Laurent Schmit ëm. Och wann et keen éischte mee dräi zweet Präisser gëtt, setzt hire Projet, mam Titel Souvenez-vous", sech schlussendlech duerch géint déi aner sechs Entwërf: "Memento" vum René Fournelle, "Résistance" vum Pierre Bauler, "Mementote" vum Camille Olinger, "Ro'de Buedem" vum Christian Scholl mam Sculpteur émile Hulten, "Forum" vum Prosper Colling, "Victimes de la Guerre" vum René Kaufmann a Georges Klein a "V - Victory" vun den 2 selweschten Architekten.

Suwuel d'Referenz op antik Architektur mat der duebeler Kolonnade wéi déi sober Fassadë Richtung Brillplaz erginn sech also aus dem Optrag vun der Resistenzorganisatioun a vun der Escher Gemeng.

Wéi de Konschthistoriker Stefan Heinz ervirhieft, ass grad de Wiessel vun de Fassadë vum Resistenzmusée eng grouss Leeschtung vun den Escher Architekten: Wat zur Brillplaz zou als Erënnerungs- an och als Schauarchitektur funktionéiert, mat der oppener Sailenhal, e klassescht Motiv vun der Muséesarchitektur, an den zwou grousse Wandfläche mat den zwou Inscriptiounen, déi eng zu Éieren vun den Helde vum Widderstand, déi aner zu Éieren vun den Helde vun der Aarbecht, funktionéiert op de Säite wéi en normaalt Bürosgebai mat reegelméisseger Fassad.

E weidert klassescht Element gouf vun LPPD a Gemeng virgeschriwwen, an zwar véier grouss Bléck aus Steen mat Relieffen, déi d'Aarbecht an de Minnen a Schmelzen, d'Occupatioun, de Streik vun 1942, d'Konzentratiounslager, d'Zwangsrekrutéierung, d'Passeuren, d'Maquisaren, Deportatioun, Hiriichtungen, Befreiung a Rekonstruktioun thematiséieren. E Wierk vun de Lëtzebuerger Sculpteure Claus Cito, Emile Hulten a Charles Kohl.

E wandelbaren Architekt

Eng weider Erklärung vum Architekturstil fanne mer an der Formatioun an an der Perséinlechkeet vum Escher Architekt selwer. Den Nicolas Schmit-Noesen ass net nëmme bekannt fir de Bau vum Resistenzmusée. Hien (an enger zweeter Phase mat sengem Fils) ass verantwortlech oder matverantwortlech fir vill weider interessant Bauwierker. Ernimme mer hei just e puer: d'Postgebai vun Esch (mam Paul Flesch), de Lëtzebuerger Pavillon op der Weltausstellung vun 1937, d'Kinoë Rex an Empire zu Esch, den Escher Meedercherslycée, de Stater Kolléisch (mam Pierre Grach), d'Villa Louvigny (mat aneren Architekten), d'BIL zu Esch an an der Stad, de Foyer, d'Geschäft Meta Brahms, nieft ville Privathaiser. Stilistesch war hie ganz villsäiteg an senge Kreatioun. Mol huet sech um Modernismus, mol um Art déco, mol un der klassescher Architektur inspiréiert.

Et ass ganz wichteg, par rapport zum komplett abstruse Verglach vum Schmit-Noesen mam Speer, ze betounen dass den Escher Architekt e Schüler vun der Paräisser Ecole nationale des Beaux-Arts ass. Déi Schoul ass anengems de Prototyp vun der klassescher Ausbildung, "des étudiants nourris au lait gréco-latin" a bekannt dofir dass d'Architekten déi se forméieren zwar dekorativ Formen aus der Antiquitéit iwwerhuelen, mee se fräi adaptéieren. D'Saile vum Resistenzmusée erënneren un d'Antiquitéit mee den Nicolas Schmit-Noesen gëtt hinnen eng ganz aner Form.

Déi vill Referenzen op d'Antiquitéit a sengem Wierk erklären sech awer och doduerch dass de Schmit-Noesen e Fräidenker war, fir deen déi griichesch-réimesch Ästhetik mat rationalisteschen a laizisteschen Traditioune verbonne war. Mir fannen déi Ästhetik bei engem weideren Escher Architekt a Fräidenker erëm, dem schonns ernimmte Paul Flesch.

Fräiheet, Gerechtegkeet an Aarbecht

Den Henri Wehenkel huet a senge Recherchen drop higewisen, dass de Resistenzmusée un déi éischt Pläng vun engem Monument du Souvenir zum éischte Krich erënnert, dat 1920 vum Eisebunner, Deputéierten, Fräidenker an Turner Aloyse Kayser gefuerdert gëtt. An engem Artikel an der Zeitung Le Gymnaste, mam Titel "Le Stade du Souvenir", gesäit en eng Zort Tempel vun de Mënscherechter vir, mat als Haaptelement engem Sailegang mat Skulpturen an enger Inscriptioun: "La défense de la civilisation par les soldats du Droit et de l'Humanité".

En Tempel wëllen och d'Architekten Nicolas a Laurent Schmit-Noesen zu Esch fir d'Resistenz baue mat hirer Trilogie vu Gebaier ronderëm d'Wäerter Fräiheet, Gerechtegkeet an Aarbecht. An si schreiwen et souguer schwaarz op wäiss:

"Nous avons jugé nécessaire de mettre le monument en profond recul derrière une cour d'honneur, créant une zone de recueillement entre la vie de la rue et le sanctuaire. Pour souligner encore cette idée et à l'exemple des temples antiques, la cour d'honneur a été entourée de hautes colonnes pour en faire une cathédrale à ciel ouvert. Nous espérons fortement avoir réussi à imposer à quiconque franchit les quelques marches devant la cour d'honneur et qui dépasse les colonnades, le sentiment de se trouver en lieu saint, l'obligeant de se comporter dignement."

Tempel, Sanctuaire, Kathedral - dem Nicolas Schmit-Noesen an dem Laurent Schmit hire Musée national de la Résistance huet vill Referenzen, mee den Albert Speer an seng Architektur gehéieren net dozou.

Et ass en eenzegaartegt Gebai an en Emblème vun der Stad Esch, wéi d'Perspektiv déi ech vum Architekt Alain Linster krut ënnersträicht. Déi aktuell douce Renovatioun duerch den Architektebüro Jim Clemes wäert him net nëmmen zu sengem ale Glanz verhëllefen, mee och duerch eng modern Beliichtung vun der imposanter Anlag eng besser Integratioun vum Monument an de Park vun der Brillplaz (haut Place de la Résistance) erméiglechen.

Wien sech awer fir wéineg bekannt an zum gréissten Deel net ëmgesate Bebauungs- an Architekturpläng wärend der Nazioccupatioun zu Esch an zu Lëtzebuerg interesséiert, dee wéilt ech un déi rezent Fuerschungsaarbecht vum schonns ernimmte Konschthistoriker Stefan Heinz verweisen.

Hien huet vun 2014 bis 2016 op der Uni Lëtzebuerg d'nationalsozialistesch urbanistesch Pläng, déi ënnert der Leedung vum däitsche Stadbaurat Hubert Ritter fir d'Stad Lëtzebuerg an Esch vun 1941 bis 1944 entworf goufen, analyséiert an och dozou publizéiert (e. a. an der Hémecht 2017). Pläng vum Ritter sinn am Moment suguer an der Ausstellung "Fouillez les Archives de la Ville de Luxembourg!" vum Stader Geschichtsmusée ze gesinn.

Fir méi Informatiounen zu Esch an der Occupatiounszäit kënnt der d'Kapitel dozou vum Historiker Georges Buchler am "Guide historique et architectural Esch-sur-Alzette" liesen. Mee souguer hei wäert der kee Lien zum Hitler sengem Lieblingsarchitekt Albert Speer fannen...