Radioen

On air

Notturno  |  Ruth Garbus - Mono No Aware

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Faites le bon choix

Ernärung

Faites le bon choix

D'Fondation Cancer huet an hirer neier Campagne op d'Wichtegkeet vun der richteger Ernärung opmierksam gemaach. Mat enger gesonder Ernärung kann de Kriibsrisiko miniméiert ginn.

auto_stories

1 min

D'Iwwergewiicht wier déi zweetheefegst Ursaach fir Kriibs, esou d'Lucienne Thommes, Directrice vun der Fondation Cancer. Dofir wier eng gesond Ernärung wichteg; mat vill Uebst a Geméis.

Fäerdeg Produiten, Chipsen a Fast Food hätte vill Kalorien, Zocker a Fett, domadder kéint ee säi Gewiicht net halen. Produite mat preparéiertem Fleesch oder och ze vill rout Fleesch géife vu sech aus schonn de Risiko fir Daarmkriibs erhéijen.

Der Fondation Cancer ass et wichteg mat der Campagne "Faites le bon choix" oder "Entscheide dich richtig", drop opmierksam ze maachen, datt net nëmmen d'Fëmmen, mee och d'Ernärung wichteg bei der Kriibspreventioun ass. Et hätt een de Choix, wat een ësst, esou d'Lucienne Thommes.

"Ech menge wann ee Proteinne brauch, kann ee Fleesch iessen, mee et muss een awer net Fleesch iessen. Ech mengen et kann een dofir och Vollkar-Produiten iessen, et kann ee Fësch oder Eeër iessen. Esou wéi mer och drop sensibiliséieren, datt ee soll evitéiere gezéckert Gedrénks ze huelen, well et kann een och einfach Waasser drénken. Et gi gesond Alternativen."

Op entscheidedichrichtig.lu kann een am Kader vun der Campagne en Test maachen an do seng Kenntnisser zum gesonden Iessen ënner Beweis stellen.