Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Ghostly Kisses - On and Off

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Espace Muséologique 9/44

Muséen iwwer Bierg an Dall

Espace Muséologique 9/44

Den 9. September 1944 gouf Péiteng vun den Nazie liberéiert. Haut erënnert den Espace muséologique engersäits dru wéi Fraen a Männer ëm hir Fräiheet gekämpft hunn, an anerersäits ass de But vum Espace Muséologique dës Episod aus der Lëtzebuerger Geschicht net ze vergiessen.

auto_stories

1 min

Den Espace Muséologique 9/44 invitéiert de Visiteur dozou an eng aner Epoch anzedauchen an op interaktiv Manéier d'Geschicht ze erliewen. Zu Péiteng ass zanter 1947 all fënnef Joer eng grouss Zeremonie zum Undenke vum éischte gefalenen amerikaneschen Zaldot, den Hyman Josefson.

De Guy Kummer ass Member vun de Geschichtsfrënn vun der Gemeng Péiteng an erzielt, wéi d'Amerikaner komm sinn, wier en M8 Spähpanzer mat véier Leit virgefuer. Déi däitsch Truppe wiere schonn um Wee fir zeréck gewiescht, hätten awer nach Panzer a Kanoune verstoppt. Den M8 Panzer wier da beschoss ginn an dräi Zaldote goufe verletzt: si hu gebrannt, sinn aus dem Panzer an d'Waasser vun der Waxweiler Mille gesprongen. De véierten Zaldot koum net aus dem Panzer eraus an huet dat net iwwerlieft.

Dat war den Hayman Josefson, ee wichtege Personnage fir d'Gemeng Péiteng. Fir hie gouf 1947 e Monument opgestallt, an dat Evenement gëtt an der Gemeng gefeiert.

Virun allem awer steet den Espace muséologique 9/44 fir déi lieweg Memoire mat der Commemoratioun an de Verdeedeger vun der Fräiheet.