Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Bombay Bicycle Club - Tekken 2 Feat. Chaka Khan

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Erzielen ass eng Konscht

Am Gespéich

Erzielen ass eng Konscht

Kënnt der Iech nach erënneren, datt der als Kand doheem Geschichten erzielt krut, oder datt der selwer Äre Kanner Geschichten erzielt hutt. Vun "Et war emol ..." bis bei "A wa se net gestuerwe sinn, dann ..." , esou hu vill Geschichten ugefaangen an opgehalen. Mee Geschichten erzielen ass vill méi, wéi just nëmme Märercher erzielen. Geschichten erzielen ass eng Konscht, eng Konscht déi a ville Kulturen eng Joerhonnerte wann net esou guer Joerdausende laang Traditioun huet. D'Erzielerin Betsy Dentzer ass d'Invitée an der Emissioun "Am Gespréich", si hëlt d'Mënsche mat hire Geschichte mat op eng Weltrees.

auto_stories

4 min

Foto: Veronique Kolber

Als Kand krut si vill virgelies

Der Betsy Dentzer hiren Don, hir Passioun an hir Loscht um Geschichten erziele geet an hir Kandheet zeréck. D'Bicher, Liesen a Virliese gouf bei hir doheem ganz grouss geschriwwen. An der Famill gouf vill gelies, a vun hire Grousseltere krut d'Betsy Dentzer dann och vill erzielt. Da huet als Kand hiert d'Liewe markéiert an et huet si am Fong net méi lass gelooss.

"Ech hat ëmmer gär Geschichten an ech hunn ëmmer gär Aufsätz geschriwwen. Ech war herno och op enger Sproochesektioun. Dat war da warscheinlech esou en natierleche Wee. Ech muss awer soen, wat elo selwer op der Bün stoen ugeet, do war ech guer net de Mënsch dofir. Ech weess, mer haten an der Primärschoul e Kannertheater, do hat ech eng mini-kleng Roll, ech mengen, et war emol kee Saz. Mee ech war einfach ze schei."

Deel 1 lauschterenplay_arrow

Vun der Assistante sociale bei d'Erzielerin

D'Betsy Dentzer huet no hirem Ofschloss Assistante sociale studéiert, wollt awer nach e Masterdiplom drun hänken a koum iwwer de Wee vun engem Televisiouns-Reportage iwwer den Theatergroup Ramba Zamba vu Berlin, en Theaterensembel mat Mënsche mat enger Behënnerung zum Theaterpädagogiestudium, dee si dunn zu Berlin gemaach huet. Do koum deen nächste "Aha"-Ament:

"Wou mer e Cours haten, deen iergendwéi Erzählstoffe der oralen Literatur geheescht huet. An mer haten eng Prof. Kristin Wardetzky, wat eng Koryphee an der Erzielkonscht an Däitschland ass. An déi huet Erzieler agelueden, déi mer zum Deel guer net verstanen hunn, well si portugisesch zum Beispill geschwat hunn. Eng brasilianesch Erzielerin huet d'Routkäppchen erzielt, a mer hunn alles verstanen, well déi Fra esou staark war an der Expressioun, an der Gestik an der Mimik. An do hunn ech dee Beruff entdeckt. Ech duecht, dat do gëtt et jo net, dat do ass jo voll dat, wat ech sinn."

Deel 2 lauschterenplay_arrow

D'Erzielen ass eng universell Sprooch

D'Betsy Dentzer reest gären an dat kënnt hir als Erzielerin sécher ze gutt, well si eben an alle Kulture ka wullen an ëmmer nees nei Geschichte fannen. Well d'Erzielen als universal Sprooch engem eng grouss Welt opmécht.

"An esou faszinant et ass déi verschidde Kulturen ze entdecken, ass et awer och esou faszinant ze mierken, datt et an de verschiddene Kulturen awer och änlech Motiver ginn. Ech hunn zum Beispill eng Geschicht aus Afrika, dat ass ganz kloer d'Motiv vum Aschenputtel, just datt et eben net säi Schong verléiert, mee et verléiert e Bracelet, deen et ronderëm de Fouss gestreckt hat. An dat ass esou faszinant, datt e mierkt: Ok! D'Geschichten si gereest, och wou et nach keen Internet ginn ass a kee Fliger. An iergendwéi hunn déi Saache sech transportéiert. An dat ass einfach onwarscheinlech faszinant."

Deel 3 lauschterenplay_arrow

Foto: Veronique Kolber

Eng Rees a Geschichten duerch d'Welt

D'Betsy Dentzer ass e aktiven a kreative Mënsch, an d'Erzielen ass eng Passioun fir si. Erauskommen ëmmer nees nei Projeten, wéi en nei CD mam Titel "Ënnerwee", déi viru Kuerzem erauskoum, nom Spektakel "Zwee Ënnerwee".

"Et sinn elo véier Geschichten ... Mer reesen a Kanada, mer reesen a Japan, mer reesen an de Kongo, Venezuela ganz wichteg ... Eis war et och wichteg, datt Musek och kéint erzielen, datt een an der Musek och héiert, wat ka geschéien, datt ee sech e Personnage, eng Welt ka virstellen. D'CD kritt een op www.rotondes.lu "

Deel 4 lauschterenplay_arrow

An all Negativem läit och Positives

Och fir d'Betsy Dentzer war et am Mäerz dëst Joer deen Ament, wou d'Liewe quasi vun enger Stonn op déi Aner vun 100 op 0 erofgewuer gouf, a si huet sech wéi mir all am Confinement erëmfonnt.

"Meng éischt Reaktioun war Panik, existenziell Panik, elo gëtt alles ofgesot, wat geschitt? ... Et gëtt en Onverständnes, datt d'Kultur erëm zougemaach gëtt, wat ech och verstinn. Mee et huet eis Chance ginn als Kulturzeen zesummenzewuessen. Ech hu selwer ganz vill Ënnerstëtzung erlieft duerch Kulturhaiser, déi Projete bezuelt hunn, mee och do ware fir nei Projeten."

Deel 5 lauschterenplay_arrow