Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eric Buttini

Invité am Moies-Magazin

Eric Buttini

Invité am Moies-Magazin beim Yann Logelin war den Eric Buttini aus dem natur musée. Mam Conservateur fir Astrophysik a Geophysik goung ënner anerem rieds iwwer e Concours, deen d'IAU, d'International Astronomical Union am leschte Joer lancéiert hat. Fir hiren 100. Gebuertsdag ze feieren hat d'IAU an 112 Länner e Concours gestart fir engem Stär, bei deem een Exoplanéit entdeckt gouf, dee ronderëm dëse kreest, en Numm ze ginn, an och Lëtzebuerg konnt esou engem Stär an engem Planéit en Numm ginn.

auto_stories

1 min

headphones

32 min

play_arrow

Aus de Propose waren der dräi zeréckbehale ginn an am Kader vum Science Festival gouf et e Vott ënner all de Visiteuren am natur musée. Duerchgesat hate sech schlussendlech den Numm Lucilinburrhuc fir de Stär a Péitruss fir de Planéit, dee ronderëm dësen dréit.

Wou een déi zwee Himmelskierper nuets ka gesinn, héiert Dir am ganze Gespréich vum Yann Logelin mam Eric Buttini.