Radioen

On air

Resonanzen  |  Fun! Mam OCL

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Erënnerunge sinn och vergänglech

Zäithistoriker

Erënnerunge sinn och vergänglech

Den 12. September sinn zu Jonglënster 15 Stolpersteng geluecht ginn, véier fir Affere vun der Shoah, 11 fir Zwangsrekrutéierter, déi am Krich gefall sinn. Dat Evenement huet eng Polemik provozéiert, déi d'Rëss an der Lëtzebuerger Gedenkkultur erëm däitlech gemaach hunn. Den Organisateure gëtt reprochéiert, datt se zwee Verbriechen op engem Niveau gesat hunn, déi an hirer Natur awer grondverschidde sinn. D'Shoah ass e Genozid an d'Zwangsrekrutéierung e Krichsverbriechen.

auto_stories

5 min

D'Shoah war de Versuch e ganzt Vollek systematesch ze exterminéieren. D'Drëtt Räich wollt d'jüddesch Fraen, Männer a Kanner, bis zum leschten, ëmbréngen, well se a sengen Ae geféierlech Untermenschen waren. D'Zwangsrekrutéierung war d'forcéiert a vëlkerrechtswiddreg Mobilisatioun an den däitschen Arméie vu jonke Lëtzebuerger. D'Drëtt Räich huet se wéi Volksdeutsche ugesinn, déi d'Flicht hate fir d'Volksgemeinschaft ze kämpfen - wann néideg bis zum Doud.

Geschicht an Erënnerung

Den Ënnerscheed ass vun engem rechtlechen an historesche Standpunkt vläicht richteg, memoriell gesinn ass d'Situatioun awer vill méi komplizéiert. Erënnerung huet nämlech manner mat Recht a Geschicht ze dinn wéi mat Psychologie a Politik. Si baséiert op eppes wat genau esou vital ass wéi d'Waasser, dat mir drénken an d'Loft déi mir ootmen: Narrativer - oder, einfach ausgedréckt, Erzielungen. Als Individue brauche mir Erzielunge well se dat wat d'Existenz eis zoumutt e Sënn gëtt a well se eis erlaben, mat deenen déi dës Erzielungen deelen, eng gemeinsam Identitéit opzebauen.

Vu bausse betruecht kënnen Erënnerungskämpf, wéi deen ëm d'Stolpersteng vu Jonglënster, onbegräiflech, irritant oder souguer kannereg virkommen. Wat een awer fir d'éischt bedenke muss, ass datt d'Representante vun de verschidden Organisatioune keng kal Lobbyiste sinn, mee an der Reegel Afferen oder Kanner vun Afferen, déi mat déiwen Traumaen a schwéiere Familljegeschichte mussen eens ginn.

Fir dat fäerdegzebréngen hunn si, iwwer Joerzéngten, Narrativer opgebaut an hu kollektiv gekämpft fir dës Narrativer an der nationaler, offizieller Erënnerung duerchzesetzen. De Problem am Fall vun der Affär Jonglënster ass, datt zwee Narrativer géinteneenprallen, déi am Fong identesch sinn an dowéinst schwéier niewenteneen existéiere kënnen. De Narrativ, deen d'Zwangsrekrutéierter opgebaut hunn ass nämlech och en Holocaust-Narrativ a kee Krichsverbriechen-Narrativ.

Dem Sacrifice e Sënn ginn

Dem belschen Historiker Peter Quadflieg no goufe 15.500 jonk Lëtzebuerger an den däitschen Arméie mobiliséiert. 3.800, also bal ee Véierel, sinn am Krich gestuerwen oder verschwonnen. 3.500 hunn sech dem opgezwongenen Déngscht entzunn. Déi di dono gefaange goufen, sinn a KZer komm oder goufen higeriicht. Hir Familljemembere goufen och bestrooft an hunn d'Majoritéit vun de bal 5.000 Lëtzebuerger gebillt, déi wärend dem Krich ëmgesidelt goufen.

Wou d'Befreiung koum, hunn d'Zwangsrekrutéierter an hir Familljen no Entschiedegungen, Unerkennung a Sënn gesicht - Sënn an enger Situatioun déi extrem komplex a problematesch war. Am Géigesaz zu den däitschen Zaldoten haten d'Zwangsrekrutéierter net fir Däitschland gekämpft. Hate se da fir Lëtzebuerg gekämpft? Nee, hunn d'Resistenzler affirméiert. Dat haten si gemaach. D'Zwangsrekrutéierter ware keng Kämpfer mee Afferen.

Hir Vertrieder hunn also versicht hirem Affer e Sënn ze ginn. Si hunn en Discours entwéckelt, deen aus den Zwangsrekrutéierter Victimme vum Nationalsozialismus gemaach huet, Märtyrer déi geopfert goufen, domadder Lëtzebuerg kéint liewen. An enger Gesellschaft déi nach staark vum Katholizismus gepräägt war, huet dat Narrativ funktionéiert. Säi Modell ass souwuel am Ale wéi am Neien Testament ze fannen - dat bescht Beispill ass d'Kräizegung vum Jesus Christus. Dat griichescht Wuert dat an der Bibel esou en erléisende Sacrifice bezeechent ass iwwregens Holocaust.

Holocaust um Lëtzebuerger Vollek

De Begrëff ass net nëmmen am biblesche mee och am genozidäre Sënn ze verstoen. D'Zwangsrekrutéierung an d'Ëmsiidlung ware Modalitéite vun der Exterminatioun vum Lëtzebuerger Vollek. Den Discours, deen dat behaapt, huet war scho wärend der Occupatioun present. En ass souguer schonn deemools als Reaktioun op d'Schicksal vun de Judden entstanen. Dat weist e Passage aus enger Ënnergronnszeitung vun der Resistenzorganisatioun Lëtzebuerger Patriote-Liga aus dem Mäerz 1943:

"Nun weiss aber ein jeder, dass Hitler, seit dem Tage seiner Machtübernahme, in Deutschland, die Schöpfung der Rassen durch die Vorsehung missachtet hat. Wir Luxemburger haben ja das beste Beispiel davon jetzt in unserem Lande; selbstverständlich meine ich hiermit nicht die Judenverfolgungen, obschon alle Luxemburger sagen, die Juden auch Geschöpfe der Vorsehung sind, sondern die von den Nazis vollführten, völkerrechtswidrigen bestialischen Verschleppungen von so vielen luxemburger Familien und die systematische Ausrottung aller sich nicht zum Nazi-Deutschtum bekennenden Menschen "

Dat Narrativ gouf nom Krich vun den Organisatioune vun den Zwangsrekrutéier weiderentwéckelt. A wou den Ausdrock "Genozid" fir d'éischt Kéier an der Chamber benotzt ginn ass, de 25. Januar 1961, ass dat am Zesummenhang mat der Zwangsrekrutéierung geschitt. Deemools, huet de sozialisteschen Deputéierte Romain Fandel deklaréiert: "l'enrôlement forcé des jeunes Luxembourgeois à la Wehrmacht n'était aux yeux et entre les mains de nos offenseurs que l'instrument diabolique dont ils se servaient pour exterminer la petite nation luxembourgeoise".

Eng zentral Roll déi elo menacéiert ass

Den Holocaust-Narrativ huet den Zwangsrekrutéierten, déi sech och Sacrifiés oder Déportés militaires genannt hunn, erlaabt 1967 offiziell vum Staat als "victimes du nazisme" unerkannt ze ginn an an den 1990er Joren de selwechte Status wéi d'Resistenzler ze kréien. En huet hinnen, driwwer ewech, och eng zentral Roll an der Lëtzebuerger Geschicht ginn: duerch hire Sacrifice haten si d'Bildung vum Lëtzebuerger Nationalstaat vervollstännegt.

Dës Acquise sinn elo menacéiert. Verschidde Representante vun den Zwangsrekrutéierte mengen datt Historiker dru schold sinn, oder Judden, déi decidéiert hätten hir Erënnerung opzedrängen. Mee de Problem sëtzt méi déif. En huet mat déifgrënnege kulturellen a politeschen Evolutiounen ze dinn, wéi d'Globaliséierung vun der Erënnerung um Zweete Weltkrich, mee och d'Enn vum Konsens deen an der Lëtzebuerger Natioun eng ethnesch a reliéis Eenheet gesinn hat.

D'Affär vun de Stolpersteng zu Jonglënster ass also méi wéi e Streit tëschent Leit déi sech net verdroe kënnen. Si ass den Ausdrock vun engem Malaise deen iwwerall an der westlecher Welt existéiert an deen dann entsteet wann ee feststellt, datt Erzielungen ëmmer rëm nei erfonnt a negociéiert musse ginn an datt net nëmmen d'Leit, mee och d'Erënnerunge vergänglech sinn.