Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Destroyer - It Takes A Thief

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Enseignant mat Leif a Séil

Sot emol

Enseignant mat Leif a Séil

Den haut pensionéierten Enseignant Jim Goerres huet Enn den 80er Joren ee Jugendhaus opgebaut a geleet, an ass haut President vu Memo Shoa. Educatioun an d'Vermëttele vu Wëssen ass de roude Fuedem, dee sech duerch säi Liewen zitt.

auto_stories

3 min

Dem Jim Goerres säi Liewen ass definitiv der Educatioun dediéiert: der parrainéierter Educatioun. Hie setzt op laang Zäit a wichteg gesellschaftlech Sujeten an ass Enseignant mat Leif a Séil.

Tëschent 1970 a 2013 war de Jim Goerres Schoulmeeschter, Turnproff, Direkter adjoint vun engem Lycée, huet pedagogesch Projete begleet fir de Script, ee Jugendhaus opgebaut a geleet. Jonker fuerderen ass eppes, wat de Jim Goerres ganz fréi a seng Karriär erkannt huet.

"Enseignant sinn huet fir mech mat Etappe bestanen, ech hunn Grondschoulméisseg bal eng Dose Joren, wou ech all Klassen duerchlaf hat, an dunn hunn ech eng Partie Jore Sportunterrecht gehal, fir da geléiert ze hunn den Enseignement duerch een anere Brëll ze kucken."

Et hätt hien ëmmer gestéiert, wéi d'Schoul dorop fixéiert war de Schüler just als akademesche Schüler ze gesinn, deen huet bis e gewëssen Zäitpunkt bestëmmt Saache gesinn ze hunn, "soss ass en net eliminéiert, mee geréckelt ginn".

"D'Geschicht vun der staarker Selektivitéit huet mech als jonken Enseignant fréi gestéiert, well déi Zäit war net vill Gefill a Sensibilitéit fir déi Problematik. Dat war esou, an d'Schüler hu sech lues a lues opginn. Am Sportunterrecht a spéider an der Jugendaarbecht hunn ech d'Bestätegung kritt, datt een Deel Schüler sech leider selwer opginn hunn. Dat ass ganz ellen, se hu sech heiansdo verschanzt, oft konnt ech déi Rebellioun déi doduercher entstanen ass novollzéien, wa Verschiddene soten, wa mir schonn näischt kënnen a fir näischt gutt sinn, da si mer mol gutt fir Iech et lafen ze loossen."

Hautdesdaags huet d'Schoul an hier Pedagogik sech verännert, et gëtt méi eng variéiert an adaptéiert Offer, Psychologie ass och een Deel vun der Schoul.

Empathie an Afillungsverméigen

Iwwer 43 Joer laang huet de Jim Goerres Villes gesinn, am Sënn vun der sozialer an demografescher Verännerung vun eiser Gesellschaft: bannent enger Zäit, wou et weder Handyen nach sozial Medie goufen.

Empathie an Afillungsverméigen si Synonym vum Jim Goerres. Seng Eltere ware fir hien eng Inspiratioun, hier Manéier Jonker a Kanner duerch e Multi-Brëll ze gesinn.

Wa Mënschen aus ënnerschiddleche soziale Couche kräizen a vermëschen, entsteet eng Gesellschaft, wou den Echange entsteet.

D'Vergaangenheet verstoen

Eng vum Jim Goerres sengen éischte Fräizäitaktivitéiten an der Pensioun war un den Archive vun der Resistenz vu sengem Papp schaffen an zugläich am Resistenzmusée aktiv ze ginn. Sou ass hien du vu Memo Shoah approchéiert gi fir do mat ze schaffen - dat war 2015.

Et geet dem Jim Goerres prioritär net drëm fir de Leit dréchent Wëssen ze vermëttelen, mee fir Education à la citoyenneté ze praktizéieren: iwwer dat, wat deemools geschitt ass, probéiert hien d'Entrée zu Sujete vun haut ze sichen. Bei Memo Shoah géif den Accent op d'Educatioun geluecht ginn.

Fir de Jim Goerres ass dat Spannendst den Echange mat de Jonken ze sichen an hinnen d'Material ze gi fir eng Orientéierung méi licht ze maachen.