Radioen

On air

De Moien  |  Stella - Charmed

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Rees zu sech selwer?

Prisma

Eng Rees zu sech selwer?

Wat stécht wierklech hanner Reesen, déi zum Zil hunn, op bestëmmte Plazen ze kommen, wéi zum Beispill reliéis Gebailechkeeten, oder op spezielle Weeër ze trëppelen, ze wanderen, vläicht souguer ze lafen? Meeschtens mécht een sech och just mat dem noutwennegste Gepäck op esou e méi oder manner laange Wee. Ma wat beweegt d'Leit dozou, esou eng Rees an Ugrëff ze huelen? Wat erwaarden si sech dovun? Steet dobäi d'Zil am Mëttelpunkt? Oder ass net awer vläicht de Wee selwer, deen dobäi d'Zil ass? Ass et virun allem nët och eng Rees zu sech selwer? D'Pascale Worré offréiert zu dëse Froen eng kleng Gedankerees.

auto_stories

6 min

All Joer am Mee fënnt an der Reegel den traditionellen "Mäertchen" statt. Nieft de Gromperekichelcher an dem gebakene Fësch um Knuedler stinn déi Wochen no Ouschteren awer virun allem ganz am Zeeche vun der Muttergottesoktav. Ech erënnere mech nach drun, wéi meng Urgroussboma a meng Boma mir erzielt hunn, wéi si an d' Stad an d' Kathedral gepilgert sinn. An ebenfalls am Mee pilgeren op Christi Himmelfaart all Joer ongeféier 20.000 Gleeweger op Wolz bei d'Fatima-Denkmal.

Wat ass ee Pilger?

E Pilger ass ursprénglech ee Friemen, dat heescht een, den sech iwwer säin eegent Siidlungsgebitt eraus sou wei an d' Ongewësst beweegt. Am Mëttelalter ass domat virun allem awer och e frieme Mönch, den als Gaascht an e Klouschter komm ass, als Pilger bezeechent ginn. Iwwerhaapt huet dat Wuert "Pilger" oder "pilgeren" eng staark reliéis Prägung, well sou huet sech e Pilger virun allem aus Glaawensgrënn op d'Rees a friem Géigenden an op bestëmmte Platze wéi Kierchen an Tempele beginn. Net nëmmen am Chrëschtentum spille Pilgerreesen eng wichteg Roll. A quasi all Weltrelioun huet d' Pilgeren seng Platz an der reliéiser Praxis. Sou soll zum Beispill am Islam all Moslem eemol a sengem Liewen op Mekka pilgeren.

Mee lo si mer eigentlech scho matte bei de Beweeggrënn an der Fro, firwat e Mënsch sech op esou eng Rees begëtt. Pilgeren huet schonn eng laang Traditioun. A wéi schonn ugedeit, stoungen haaptsächlech reliéis Motiver am Mëttelpunkt. Mee och hei muss een differenzéieren. Sou goufen et engersäits Pilgerreesen ouni en Ziel. Mat Ziel ass hei eng bestëmmte Platz, zu der ee pilgert gemengt. Sou genannte Wandermönchen oder "Wüstenväter" si gepilgert fir einfach ënnerwee ze sinn a fir a frieme Géigenden ze sinn.

Anerersäits ware Pilgerreesen awer och Reesen, wou déi Gleeweg op Platze wéi Jerusalem, Roum oder bei d' Graf vum hellege Jakob zu Santiago di Compostela gepilgert sinn, dëst mam Ziel fir mat Gott an d'Rengt ze kommen, vun hire Sënne befreit ze ginn an domat "Séilenheel" ze erlaangen. Hei schwätzt een och vu "Wallfaart". Nieft dem Heel vun der Séil steet awer bei Wallfaarten och d' Heelung vun enger Krankheet am Virdergrond. Bekannt heifir ass virun allem Lourdes, wou vill Mënschen hi reesen, well se sech duerch d' Drénken aus der Quell oder d' Bueden Heelung erhoffen.

Wat huet sech an de Jore geännert?

Mee wéi gesäit et dann eigentlech haut aus mat Pilgerreesen? Ginn et se nach a sinn d'Grënn ëmmer nach déi selwecht? Ech hunn elo scho puer Beispiller genannt, déi eis haut ëmmer nach als Wallfaarte bekannt sinn: D' Oktav, Fatima, Mekka, de Jakobswee a Lourdes. Sou ginn et souguer Reesagencen, déi esou Pilgerreesen ubidden. Bequeem mam Fliger oder mam Zuch op Santiago de Compostela oder op Lourdes, am 4-Stären Hotel logéiere mat Hallef- oder Vollpensioun.

An och a speziellen Online-Shops kann een sech souguer eng echt Pilgermuschel oder eng Fläsch mat Waasser vu Lourdes bestellen. Sécherlech huet dat net méi vill mat dem urspréngleche Pilgeren ze dinn. An awer kann ee soen, datt eng Nofro besteet. Ech wëll mech awer lo net weider mat dësem Aspekt vun organiséierte Pilgerreesen ausernee setzen. Mech interesséiert éischter déi Fro, wat de Mënsch vun haut dozou beweegt, sech, meeschtens eleng an zu Fouss, op esou eng Rees ze beginn.

Sécherlech ginn et och nach eiser Deeg vill Leit, déi aus reliéise Grënn eng Pilgerrees oder eng sou genannte Wallfaart an Ugrëff huelen. Donieft ginn et awer och eng ganz Rei aner Motivatiounen. An natierlech kënnen och gläich méi Beweeggrënn bestoen. Ech denken net, datt een all Kéiers just een eenzege konkrete Grond huet, firwat een sech op de Wee mécht.

Nieft de bekannten offizielle Pilgerweeër, wéi dem Jakobswee, zéien och Fernwanderweeër, sou genannten Trails, an der ganzer Welt ëmmer méi Mënschen un. De Pacific Crest Trail mat insgesamt 4.265 Kilometer oder den Appalachian Trail mat 3.500 Kilometer, béid an den USA, sinn zwee Beispiller fir sou Fernwanderweeër. Allerdéngs schwätzt een hei net vu Pilgeren, mee éischter vun Thru-Hiking. Wat kënne mer eis dann elo hei drënner virstellen? Iwwersat bedeit Thru-Hiking eng Durchwanderung. Hei gëtt e bestëmmten Trail zesummenhänkend a vum Ufank bis zum Schluss bewandert.

Bekannt ass dës Form vu Reesen och nach als Backpacking, well een am Prinzip just mat engem Rucksak mat dem Noutwendegsten ënnerwee ass. Eng erweidert Form vum Thru-Hiking ass, wann een dës Trails nonstop leeft. Hei kënnt allerdéngs oft nach de sportlechen an och leeschtungsorientéierten Aspekt dobäi, zum Beispill wann ee probéiert, eng offiziell Fastest Known Time ze erreechen.

Wat erfuerdert dann esou en Trip?

Et kascht jiddefalls mol vill Zäit, dat heescht, et muss een sech puer Wochen oder Méint Zäit huelen an des Rees och schonn am Virfeld gutt plangen, sech kierperlech a mental drop virbereeden. Och brauch ee Courage fir sech eleng ouni déi gewinnte Sécherheet op de Wee ze maachen. Hei gi schonn zwee Aspekter siichtbar, déi eis eng Richtung uginn: Zäit a Sécherheet. Zäit ass eppes, wat de Mënsch vun haut ganz oft net huet bezéiungsweis sech ze seelen hëlt. A Sécherheet ass eppes, wat mer an der Reegel vill hunn, wat jo och seng Virdeeler huet.

Se mécht awer och bequeem a bewierkt, datt mer eis net gär aus der Sécherheetszon eraus beginn. Der Natur an de Wiederkonditiounen ausgeliwwert sinn, op sech selwer gestallt an ugewise sinn, sech an nei friem Länner a Kulture beweegen - et erfuerdert e gewëssent Lassloossen. A genee dat sicht een och vläicht op dëse Reesen. E Lassloosse vun allem, wat eis am Alldag esou selbstverständlech erschéngt, dat eng Routine an eist Liewe bréngt, souguer vläicht e gewëssenen alldeeglechen Trott. Wat ass wann...? Wat maachen ech wann... oder wann net...? Oft halen eis esou Froen an Onsécherheeten dovun of, eppes an eisem Liewen ze änneren an eppes Neies ze riskéieren.

Awer wat seet dëst alles elo iwwer d'Beweeggrënn aus? De Reiz vun esou enger Rees läit sécherlech doran, datt se eng Méiglechkeet bitt, sech mat der Natur a mat sech selwer ze konfrontéieren an och ze connectéieren. Se erlaabt, sech Zäit ze huele fir ronderëm sech an an sech eran ze kucken an ze lauschteren. Et léiert een op esou enger Rees nei Mënschen, Geschichten a Kulture kennen. Zousätzlech stellt esou eng Rees een awer och viru gewësse Schwieregkeeten, déi een eleng muss meeschteren. Heizou gehéiere sécher och déi eege Limitten, souwuel kierperlech wéi mental. An och muss een sech ëmmer rëm motivéiere fir weider ze goen, sou datt esou eng Rees och eng enorm Wëllenskraaft an Ausdauer of verlaangt.

Ob een säin Ziel erreecht oder net, sou wäert de Wee un sech engem wuel am Endeffekt ëmmer an Erënnerung bleiwen. An och déi eege Conclusiounen an d'Konsequenzen, déi ee fir sech a fir säi Liewen doraus zitt, sinn un sech schonn eng Aart Beräicherung, souguer wann d'Conclusioun déi ass, datt een op dem Wee net zu enger Conclusioun komm ass.

Ob een elo aus reliéise Grënn pilgert, e Fernwanderwee an Ugrëff hellt, sief et andeems een e wandert oder leeft, sou hunn all des Formen eppes gemeinsam: Et si Reesen zu sech selwer, an et wäert een ëmmer mat enger eegener Erkenntnis zeréck kommen.