Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Mëschung tëscht Bauer an Aarbechter

Sot emol

Eng Mëschung tëscht Bauer an Aarbechter

Zu Bäerdref opgewuess, zu Esch seng Jugend verbruecht: de Frank Feitler, bekannt fir seng Aarbecht op an nieft der Bün, fillt sech als eng Mëschung tëscht Bauer an Aarbechter, mat deene positive wéi mat deenen negative Säiten.

auto_stories

2 min

De Frank Feitler ass zu Bäerdref opgewuess an dono op Esch an de Süde geplënnert, wou en am Jongelycée zu Esch seng Première gemaach huet. Zwou Etappen, déi hien ganz kloer a sengem Liewe markéiert hunn.

Dofir déi Mëschung tëscht Aarbechter a Bauer, wéi de Frank Feitler seet, mat deene positiven an negative Säiten, mat där Bornéiertheet a mat där Generositéit.

E Mënsch op der Sich

Beim Frank Feitler schwätzt ee vu Regisseur, Dramaturg, Zeenarist an eben och vum Theaterdirekter. Vu Formatioun hir huet hien zu Heidelberg Philosophie an däitsch Literatur studéiert. Et ass sécher fir de Frank Feitler, deen ëmmer mat zwee Féiss um Buedem blouf, net einfach ze definéieren als wat hie sech gesäit:

"Ech si jo am Fong vu Formatioun Proff, also Philosproff war ech, ech hunn och bal zéng Joer Schoul gehalen. Ech gesi mech éischter als e Mënsch op der Sich. Wat ech genee sichen, dat weess ech emol net. Ech hunn Theater gär, ech hu Kino gär, ech hu Literatur gär. Dat ass eppes wat mech gepräägt huet. Ech intresséiere mech awer och fir Politik. Ech sinn am Fong zimmlech oppe fir alles."

Dem Frank Feitler seng "lustige Gurkentruppe"

Dem ganze Land war de Frank Feitler och e Begrëff mat sengem Lëtzebuerger Owender mat Texter vu Poutty Stein, Pir Kremer, August Liesch. Hien a seng Trupp ronderëm de Marc Olinger, Luc Feidt, Josiane Peiffer, Fernand Fox, André Mergenthaler asw. haten enorme Spaass, wat een och op der Bün gespuert huet. A wichteg dobäi - de Frank Feitler huet an hëlt sech och haut ni extrem seriö.

"Ech mengen dat muss een. Wann ee sech extrem seriö hëlt, da leit ee ganz vill. Et muss een och heiansdo kënne soen: "Kanner maacht lues". Wou ech Philo gemaach hunn, do huet eng Kéier ee gesot: "Il faut déjouer le charme de l'absolu, par l'ironie du consentement Voilà dat ass et, an net dem Absolutten do no sichen."