Radioen

On air

Notturno  |  Gruff Rhys - People Are Pissed

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Bün fir jonk Musekerinnen a Museker

D'Future Talent Stage

Eng Bün fir jonk Musekerinnen a Museker



Fir déi drëtte Kéier organiséiert d'Stad Lëtzebuerg, zesumme mat Trust in Talent, de 6. September d'Future Talent Stage. Eigentlech eng Initiativ, déi et jonke Lëtzebuerger Musekstalenter erméigleche soll, live virun engem Public opzetrieden. Dëst Joer ass awer alles e bëssen aneschters.

auto_stories

2 min

Um Future Talent Stage kënne jonk Talenter sech um Knuedler virun enge gréissere Public beweisen. Dës Kéier ass dat wéinst der Pandemie net méiglech. Dofir gëtt dat dëst Joer online organiséiert.

Dëse Sonndeg tëschent 16 an 18 Auer kann ee sech d'Museker tëschent 15 a 25 Joer um Youtube-Kanal vun der Stad Lëtzebuerg ukucken.

Ee Casting am Virfeld

Éier si de Sonndeg hiert Kënnen ënner Beweis stellen, hu sech déi Jonk fir d'éischt awer mol misse qualifizéieren. Nodeems si sech ugemellt haten, hu si iwwer déi sozial Netzwierker Stëmme fir sech gesammelt.

Déi aacht Musekerinnen a Museker mat de meeschte Stëmme goufen an e Studio invitéiert, fir ënner professionelle Bedéngungen e Lidd opzehuelen.

Eng gutt Erfarung fir Jonker

Fir e Sonndeg goufen eenzel Videoclippen zesumme geschnidden, fir eng Show draus ze maachen. Et hätt ee probéiert de Jonken eppes ze ginn, wat si och duerno nach weise kënnen, seet de Kristian Horsburgh vun Trust in Talent, déi d'Future Talent Stage mat organiséieren. Och wa si dëst Joer net virun engem grousse Public optriede kënnen, géifen déi Jonk hei trotzdeem eppes léieren.

"Wéi gëtt ee bemierkt a wéi kënnt een iwwerhaapt op esou eng Bün. Wat geschitt duerno, wéi schwätzt a kommunizéiert ee weider iwwer säin Erliefnes? Dat heescht déi digital Experience ass nach ëmmer do, well si trotzdeem de Wee gemaach hunn: ech muss meng Crowd motivéieren, an ech muss professionell optrieden."

Nieft den aacht jonken Talenter sinn de Sonndeg awer och zwee scho méi etabléiert Lëtzebuerger Artisten ze gesinn an ze héieren, de Khalid Oke an d'Rapperin Nicool. Et wier wichteg, datt déi Jonk och op eppes hischaffe kéinten, seet de Kristian Horsburgh, datt si iergendwann och selwer Headliner sinn.

Vum Danze bei de Gesang

2018 gouf d'Future Talent Stage fir déi éischte Kéier organiséiert an ass aus enger anerer Initiativ entstanen. Zanter 12 Joer organiséiert d'Gemeng Lëtzebuerg nämlech den Intra-Urban Dance Festival, eng Plattform op där jonk Danzgruppen op eng net-kompetitiv Manéier hiert Kënne weise kënnen. Esou wier iergendwann d'Iddi entstanen en änlecht Konzept am Beräich Gesang auszeschaffen, esou den Did Schintgen vun der Gemeng Lëtzebuerg.