Radioen

On air

De Weekend  |  Isabelle Medinger

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "En neit Konzept, en neien Challenge!"

LGX Online 2020

"En neit Konzept, en neien Challenge!"

D'LGX (kuerz fir Luxembourg Gaming Xperience) hat d'lescht Joer e risege Succès mat ongeféier 14.000 Visiteuren op engem Weekend. Op der LGX trefft sech alles a jiddwereen ronderëm d'Theeme Gaming, Japanese Culture a "mondes imaginaires" e wéi Pop Culture.

auto_stories

2 min

Dëst Joer ass d'Convention Online, mat engem liicht ofgespeckte Programm an de Competitiounen. Vun den 12 Competitiounen d'lescht Joer sinn et der dëst Joer just nach véier. Esou en Event vun de Foireshalen an d'Netz ze verleeën ass net esou evident, dëst soten eis zwee vun den Organisateuren, den Thommy Meyer an den Jeremy Chiampan.

Si hunn u bis zu siwe Versiounen fir de Programm fir dëst Joer geschrauft. "Mir hunn laang dru geschafft, fir datt een awer eppes kann proposéieren, wat jiddwereen interesséiert", seet den Thommy Meyer.

Mat sou genannten "Dip Ins", also Podcasts, gëtt iwwer alles ronderëm de Competitiounen an den Event geschwat. Och wann een dat net denkt, d'Gaming Kultur ass zu Lëtzebuerg an engem reegelrechten Boom, nach méi zanter dem Ufank vun der Corona-Pandemie. Highlighte sinn dëst Joer en Q&A mam Schauspiller Jerome Flynn och bekannt als Bronn aus der Serie Game of Thrones, eng Hypnose-Show mam Sebastien Pieta an déi véier Gaming Competitiounen mat de Spiller Clash Royal, Rocket League, Fortnite an natierlech Fifa.

Och d'Cosplay-Communautéit ass net vergiess ginn. Zesummen mat der Cosplayerin Nini Michiko hu si e Konzept ausgeschafft, wou Cosplayer eng kuerz Zeen aus engem Anime oder Manga kënne nospillen an eraschécken. "De Cosplay ass en Deel wou mer net wollten negligéieren, mir hunn e gudden Lien mat hinnen opgebaut an et ass och eng ganz grouss Community hei am Land", seet den Thommy Meyer vun 11F.

Resuméiere kann een de Programm esou, datt et e Freiden lass geet mat engem "Dip In" ronderëm Gaming mam Eric Schaus an e puer Player am Gespréich an ee Quiz an dem Q&A mam Jerome Flynn. E Samschden dréit sech de Programm méi ëm Japanese Culture an d'Mondes imaginaires mat engem "Dip In" um 12:10 an um 17:10. Invitéeën sinn hei d'Cosplayerin Nini Michiko, d'Mangaka Sabrina Kaufmann de Cartoonist Andy Geenen an e puer méi. E Sonnden dréint sech de Programm dann méi ëm alles wat nei Technologien ugeet, dorënner och en "Dip In" um 12.10 mat der Telekommunikatiounsentreprise Orange iwwer de 5G Reseau.

Den Thommy Meyer freet sech op d'Editioun vun dësem Joer och wann se Ufanks als éischt ofgesot gouf. "Et war net 100 Prozent sécher, dass mer etonline maachen an dunn kruten mer awer de Go. An dunn hu mer eis geduecht: eng LGX online 2020, e neit Konzept, e neien Challenge!"