Fënnef Mol d'Woch Training mat de Weekend e Match derbäi: et ass schonn, wéi d'Laura Miller seet, en op d'mannst semiprofessionellen Encadrement, deen d'Mëttelfeldspillerin zu Léck den Ament erlieft.
E Liewe fir de Fussball
Zanter leschtem Donneschdeg spillt d'Laura Miller mat der Nationalekipp d'Qualifikatioun fir d'Weltmeeschterschaft 2023:
"Do steet een einfach mat der ganzer Ekipp, vis-à-vis stinn dann Traineren an d'Ersatzspillerinnen, et séngt een einfach. Et kann een net sangen, mee et séngt een einfach wéi wann een dee gréisste Sänger wier. Dat ass einfach e Gefill, dat een net beschreiwe kann. (...) Ech war einfach mega stolz do ze si virun deem ganze Publikum."
"All Dag positiv sinn"
Fussball fëllt de gréissten Deel vum Liewe vun der Spillerin, déi och schonn zu Metz an zu Montpellier aktiv war. De Choix fir ee Fussballveräin ass och ëmmer dorunner gekoppelt, datt d'Stad eng Uni huet, wou si ka Sport studéieren.
D'Laura Miller huet an hat schonn ëmmer konkret Virstellunge wou et soll higoen:
"Ech hu mer schonn ëmmer e bëssen Ziler gesat. A wann ee sech Ziler setzt dann ass et och méi liicht se ze erreechen, soen ech emol. (...) D'Uni ass mer extrem wichteg datt ech do en Ofschloss hunn, an dann eben och dass ech meng enk Kolleegen, déi ech hunn, dass ech déi behalen an och meng Famill. Kolleegen an d'Famill sinn déi, déi der hëllefe wann et emol net gutt geet."