Um Ufank vu senger Karriär huet den Adriano Lopes Da Silva, nach ënnert dem Numm Adrian Musek gemaach. Wéi et drëms goung seng musikalesch Karriär méi professionell opzestellen, huet him den Numm awer net méi gefall.
"Mäi richtege Numm ass jo Adriano an ech war ëmmer esou e bëssen, Adrian ass esou eng Saach dertëschent, du hues zwar e Kënschtlernumm, du hues awer Angscht ze vill opzefalen, du wëlls och net, datt een ze vill iwwert dech schwätzt, datt een ze vill Froe stellt. Ganz am Ufank hat ech net déi Self-Convidence, déi ech elo hunn."
Den neien Numm hat fir den Adriano, net nëmmen en Effekt op d'Musek, mee och op säi perséinlecht Liewen, wéi en am Interview erkläert huet.
Nom Coming Out ass et mat der Karriär biergop gaangen
Dem Chaild seng musikalesch Karriär huet sech an de leschte Jore séier weider entwéckelt, de Succès deen e bis elo hat, ass relativ grouss. Wat awer zur Konsequenz hat, datt dem Adriano seng Angscht, Saache schlecht ze maachen, geklommen ass. Eppes op wat e mëttlerweil e bësse méi entspaant drop kucke kann. Datt et an der Lescht esou gutt gelaf ass, hänkt fir de Museker och mat enger perséinlecher Entscheedung zesummen.
"Ab dem Moment, wou ech mech geout hunn, huet et ugefaangen, vun engem Dag op den aneren, gutt ze goen. [...] Dono hate mer Festivaller op eemol, ech hat mol kee Live-Set prett. [...] eng Saach no der aner ass da geschitt, an dat war alles wat ech wollt."
De Pit Walté hat mam Chaild schonn 2018 en Interview gefouert an de Museker huet e Bilan vun dem gezunn, wéi et dono weider gaangen ass.
Dem Adriano seng Visioun fir d'Zukunft ass kloer, hie wëll iergendwann professionell Musek maachen. Dofir huet en och mëttlerweil en Team ronderëm sech, dat en encadréiert an e war och lescht Joer op enger Performing Art School zu Liverpool. D'Pandemie huet déi Entwécklung awer e bëssen ausgebremst.
"Géif Covid net alles versauen, kéint ech am Fong domadder korrekt verdéngen an ech kéint och domadder déi ganzen Zäit beschäftegt sinn, sinn ech och. Mee vue, datt et keng Concerte méi ginn, ass e ganz krassen Income net do. Mee mir sinn awer derbäi drop hinzeschaffen, datt sech dat professionaliséiert. Ech waarden och nëmmen op dee Moment, wou ech mer soe kann: Sou elo kanns de dat!"
Iergendwann dovunner liewen
Fir weider an d'Richtung vum professionelle Museker ze goen, schafft de Chaild zanter enger Zäit mat Fokus zesummen, déi sech ëm säin Artist Development këmmeren, säi Sound an déi laangfristeg Planung. De Coronavirus huet déi Pläng zwar duerchernee gehäit, gläichzäiteg awer och Drock eraus geholl.
"Um Ufank war et wierklech, an engem Joer si mer do, an zwee Joer si mer do an an dräi Joer si mer do, elo war et, ok, mir iwwerliewen dëst Joer, mir iwwerliewen nächst Joer an da si mer do. An dat huet eis vill Pressure ewech geholl. Iergendwann hu mer da gemierkt, elo hu mer Zäit d'Saache richteg ze maachen."
Am Interview huet de Chaild och iwwert seng Aarbechtsweis geschwat, iwwert Deeg, wärend deene guer näischt geet, a Wochen, wärend deenen e gefillt, wéinst der viller Aarbecht net méi an d'Bett kennt. En huet iwwert d'Zesummenaarbecht mat de Produzente geschwat, awer och d'Bürokratie, déi zu der Musek derzou gehéiert.
"Wat een net onbedéngt mierkt, ass datt Songwriting 20 bis 30 Prozent vun allem ass. Well déi meescht Zäit verbréngs de domat, Dossieren ze schreiwen, fir Hëllefen, Saachen ze plangen, prouwen ze plangen, Visuals ze plangen, Visuals ze schneiden, leit E-Mailen ze schécken, riets a lénks probéiere Saachen ze maachen. Dat ass am Fong dat, wat am meeschten Aarbecht ass."