Radioen

On air

Kultur um 5  |  D'Zesummenaarbecht gëtt verdéift

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee Land, vill Sproochen, wéi vill Dictionnairen?

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Ee Land, vill Sproochen, wéi vill Dictionnairen?

S: Elo geet et nees ëm Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch an dës Kéier ass den Alexandre Ecker erëm bei eis am Studio. Hien ass Lexikograf beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch a verréit eis haut eppes iwwer de Lëtzebuerger Online Dictionnaire, also den LOD, als Wierderbuch an engem méisproochege Kontext.

auto_stories

4 min

Den Alexandre Ecker ass Lexikograf beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch. Foto: Archiv

Simone Larosche: Moien Alexandre!

Alexandre: Moie Simon!

E méisproochege Kontext... mengs de domat, datt zu Lëtzebuerg vill Sprooche geschwat ginn?

Jo, genee dat! Eng grouss Stäerkt vun eisem klenge Land ass et jo grad, datt esou vill Sprooche present sinn. Offiziell si mer dräisproocheg, mee nieft dem Lëtzebuergeschen, dem Franséischen an dem Däitschen huet ee jo och d'Chance, nach ganz vill aner Sproochen hei ze héieren... an zwou dervu fënnt ee jo och am LOD.

Effektiv! D'Englescht an d'Portugisescht, wann ech mech net ieren... An déi vill Sprooche sinn dann eppes, wat ee muss berécksiichtegen, wann een en Dictionnaire mécht?

Op alle Fall! Virun allem, wann ee mat enger eenzeger Offer wëllt derfir suergen, datt méiglechst vill Leit eppes dervun hunn!

An déi vill Leit maachen d'Zilpublikum vum Dictionnaire aus, oder?

Hey, ech gesinn, du hues déi leschte Kéier gutt opgepasst! Am Fall vum LOD ass et esou, datt jiddwereen, dee sech fir d'Lëtzebuerger Sprooch intresséiert, soll kënnen eppes iwwer de Sënn vun de Wierder gewuer ginn, egal ob d'Lëtzebuergescht dem Utilisateur seng éischt Sprooch ass oder net.

Eppes iwwer de Sënn vun de Wierder gewuer ginn? Sinn dann Dictionnairë mat méi Sproochen net éischter do, fir beim Iwwersetzen ze hëllefen?

Du denks do ganz richteg un zweesproocheg Dictionnairen ewéi de Pons oder de Langenscheidt. Jo, dat sinn Iwwersetzungsdictionnairen. Et huet een z. B. e Wuert ewéi dat däitscht Wuert Schloss an et wëllt ee wëssen, wéi een dat op Franséisch ka soen.

Jee no Kontext (dee gëtt dann och am Dictionnaire uginn), wier dat dann château, serrure, cadenas oder antivol. Ech mengen, ech hat d'leschte Kéier och schonn ugedeit, datt déi Dictionnairen unidirektional sinn: Se hëllefen, an eng Sprooch ze iwwersetzen, awer net, fir déi Sprooch ze verstoen.

Fir d'Sproochen ze verstoen, ginn ech effektiv éischter an den Duden oder an de Petit Robert kucken.

Jo, dat si jo och zwee ganz gutt eesproocheg Dictionnairen, déi effektiv genee dofir geduecht sinn. A weess de dann och, firwat dat esou gutt bei dir klappt?

Nee, so mer ...

Ma ganz einfach, well s de déi däitsch Sprooch an och déi franséisch gutt genuch kenns, fir d'Definitiounen, déi an deenen Dictionnairë stinn, ze verstoen! An nawell ass d'Lëtzebuergescht deng éischt Sprooch, oder?

Jo, ech géif soen, Lëtzebuergesch wier meng Mammesprooch, mee ech sinn och mam Englesche grouss ginn.

A, ma perfekt, da kann ech elo de Fonctionnement vum LOD unhand vun dir erklären! Do gëtt nämlech de Sënn vun de lëtzebuergesche Wierder duerch véier aner Sproochen (also d'Däitscht, d'Franséischt, d'Englescht an d'Portugisescht) vermëttelt. Fir déi Informatiounen ze verstoen, setzen déi lëtzebuergeschsproocheg Useren - zu deene gehéiers du och - hir méisproocheg Kompetenzen an - schliisslech gëss de jo och mam Duden, mam Robert a sécher dann och mam Oxford English Dictionary eens!

Déi net lëtzebuergeschsproocheg Benotzer kënnen am Idealfall - wann se germanofon, francophone, anglofon oder lusofon sinn), hir Kenntnisser an der Mammesprooch asetzen.

Kanns de eis do vläicht e Beispill ginn?

Jo, gären! Komm, mer huelen emol d'Wuert Läpp. Am LOD ass dat Wuert op Däitsch iwwersat mat Hemdzipfel, beim Ausdrock am Läpp steet spärlich bekleidet, op Franséisch en petite tenue.

Domat ass dem Germanophon gehollef an dem Francophone, mee eeben och dir! An dat alles klappt wéinst deem interessante méisproochege Kontext, vun deem mer virdru rieds haten.

Genee deen huet jo dir et erlaabt, mat deene ville Sproochen a Kontakt ze kommen an se esou gutt ze beherrschen!

Mee wann een déi Sproochen all am LOD huet, kann een dann net och dermat iwwersetzen?

A, du frees mech also, ob den LOD ieren e bidirektionalen Dictionnaire ass!? D'Äntwert ass do "Jo an Nee", oder éischter "Nee a Jo". E gouf net als Iwwersetzungsdictionnaire konzipéiert - also am Prinzip Nee - mee duerch d'Presenz vun den Iwwersetzungen an och duerch d'Méiglechkeet, an den Iwwersetzungsindexen ze sichen, kann een en natierlech och dofir benotzen - fir z. B. vum Läpp aus den Hemdzipfel erëmzefannen an och ëmgedréit.

Mee et muss awer do relativéiert ginn, well et kann net garantéiert ginn, datt déi Indexe komplett sinn - eng Iwwersetzung ass nëmmen dann do, wann se och gebraucht gouf, fir de Sënn vun engem lëtzebuergesche Wuert ze vermëttelen - an da gëtt et nach semantesch Verdäitlechungselementer, déi op der falscher Plaz stinn, wann ee wëllt vum Lëtzebuergeschen aus an eng aner Sprooch iwwersetzen.

Sorry, do kommen ech elo net méi no ...

Déi Verdäitlechungselementer sinn zousätzlech Informatiounen, déi hanner den Iwwersetzunge stinn. An déi spillen am LOD eng zentral Roll. Wann s de wëlls, da komme mer déi nächste Kéier méi am Detail dorobber zeréck ... da gi mer och an engems gewuer, wat d'Bürosklamer an d'Zuchposaun gemeinsam hunn!

Dat kléngt spannend! Ma da Rendez-vous an engem Mount?

E't ass notéiert! Bis dann!