De Jos Strutz gouf bei e Spezialist iwwerwisen an deen hien direkt Vertrauen hat a hie sot zu senger Fra: "Ech mengen ech maachen dat." Virun e puer Woche krut de Jos Strutz eng nei Liewer transplantéiert an e kuckt ewell mat ganz vill Hoffnung an d'Zukunft.
"Ech géif där Famill vum Spender gäre Merci soen"
Kuerz virun der Transplantatioun hat de Jos Stutz Gebuertsdag an en denkt datt en ebe mat der Transplantatioun en zweet Liewe geschenkt krut an elo zwee Mol ka Gebuertsdag feiere kann. A mam Recul vun e puer Wochen zanter der Operatioun huet de Jos Strutz sech och mam Thema Organspend ausernee gesat.
"Mir ass et bewosst datt ech elo soen, wann et emol eng Kéier eriwwer ass, an et ass nach en Organ bei mer ze huelen dat nach ka gebraucht ginn: Jo, selbstverständlech! Operéiert et eraus a setzt engem aneren dat an, et ka jo e jonke Mënsch sinn, deen nach d'Liewe viru sech huet. An dann duerch mäi "Nee-soen", verweigeren ech deem jo dann d'Liewen. Dat ass net eis Recht fir dat ze maachen."
"Et ass schonn e komescht Gefill"
Wann een elo bedenkt, dass en Organ an engem wat net am eege Kierper gewuess ass, ass speziell. Wat awer ganz wichteg ass, well ouni dat neit Organ wär e geschwënn net méi do.
"D'Leit sollen emol nodenken doriwwer. Well jidderee kann jo an dee Fall kommen, sief dat elo Liewer, mä kënnen och d'Niere sinn oder d'Long oder d'Häerz (...) Also wann ech gelift, géif ech soen, brauch ee net vill ze iwwerleeën. So just: Jo, ech gi meng gesond Organer of, wann ech eng Kéier net méi do sinn."
Kloer ass awer, d'Sangen ass a bleift och no der Transplantatioun, déi grouss Passioun am Jos Stutz sengem zweete Liewen.