Radioen

On air

Resonanzen  |  Franz Xaver Scharwenka - Polish National Dances Nr.1, Op. 3 - François Xavier Poizat (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech hu mussen op der Kaart kucken"

Sot e mol

"Ech hu mussen op der Kaart kucken"

Mat 18 Joer ass d'Marja Leena Junker aus Finnland fortgaangen, an koum dunn, no Statiounen a Schweden an zu London, mat hirem Mann op Lëtzebuerg. Lëtzebuerg huet se déi Zäit guer net kannt, seet si.

auto_stories

2 min

Se huet mussen op der Landkaart nokucken fir Lëtzebuerg ze situéieren, an den éischten Androck vun hirer neier Heemecht war d'Schéinheet vun der Natur.

D'Lëtzebuerger an d'Finne gläiche sech

D'Finne sinn éischter zeréckhalend jo vläicht souguer distant, genee dat huet d'Marja Leena Junker och bei de Lëtzebuerger gemierkt. Mee wann ee se bis kennt, d'Lëtzebuerger grad ewéi d'Finnen, ginn et absolut trei Frënn.

"Il y a une profondeur des amitiés qui se font peu à peu. Ça ne se fait pas toute de suite avec les Luxembourgeois. Il faut vivre avec un certain temps, et en quelque sorte, mériter l'amitié."

"Les monolgues du Vagin"

Den Text vun der Eve Ensler huet d'Theaterzäit vun der Marja Leena Junker, mee awer och vun der Myriam Muller an der Marie-Paule von Roesgen markéiert. Et war keng Produktioun wéi all déi aner, an e Beispill weist, wéi d'Stëmmung déi Zäit war.

"Donc c'était la seule fois, que le Centaure, pendant mon temps, que nous avons acheté des places pour nos affiches. Parce que les commerçants, normalement ont les amenées chez les commerçants, dans les magasins, Grand Rue partout, ils ne les voulaient pas. Et alors on a acheté des emplacements pour nos affiches."

An trotz dem zécken gouf dës Produktioun zu engem vun de ganz grousse Succèsen vum Théâtre du Centaure .

"Nous l'avons jouée presque 300 fois, surtout en France et que c'était dans une carrière, je crois pour nous trois, une chose qui ne peut se renouvelée. Mais au-moins dans une carrière nous avons toutes, Marie-Paule, Myriam et moi, nous avons connu une chose incroyable d'un tel succès public."