Radioen

On air

Notturno  |  Aphex Twin - Blackbox Life Recorder 21f (Radio Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E sportleche Maulef, neit Gezei fir Déieren an eng Rees an d'Tierkei

100,7-Klassesall

E sportleche Maulef, neit Gezei fir Déieren an eng Rees an d'Tierkei

Dierfe mir am Confinement Sport maachen? Mir probéieren déi Fro ze beäntweren a begéinen engem Maulef, mir kucken eis un, wéi ee virun 30 Joer akafe war, a villes méi am 100,7-Klassesall.

auto_stories

4 min

News fir Kids

De Coronavirus huet eist d'Liewen den Ament fest am Grëff: an dat a ganz ville Beräicher - ënner anerem och am Sport. Och do gouf - a gëtt - nach ëmmer vill ofgesot. Dir däerft jo och schonn zanter Wochen zum Beispill net méi op de Fussballstraining goen. An awer gëtt probéiert iergendwéi, iergendwann d'Saach erëm ulafen ze loossen: d'Sophie Morang weess méi.

Lauschterenplay_arrow

Schätz aus dem natur musée - De Maulef

De Maulef lieft virun allem ënner dem Buedem. Dacks gesäit een an enger Wiss lauter kleng Buedemkéip. Wéi a wisou de Maulef déi mécht, erkläert d'Françoise Theisen aus dem natur musée.

Lauschterenplay_arrow

De Ralph Lange mat Post aus der Festung (3. Deel)

Wat maacht dir, wann dir nei Schlappen, eng Auer oder Stoft braucht? Normalerweis geet een an e Buttek, kuckt sech d'Saachen un a keeft, wat engem am meeschten zouseet. Momentan bestellt een dat eent oder anert vläicht iwwer den Internet. Mee virun 300 Joer huet e gewëssen Adam Sigismund von Thüngen Bréiwer vu Lëtzebuerg op Bréissel schécke missen, fir sech seng extravagant Wënsch erfëllen ze kënnen. De Ralph Lange aus dem Musée 3-Eechelen weess méi doriwwer.

Lauschterenplay_arrow

Dem Zebra seng nei Box

Haut geet et weider mat de klenge Lidder a Gedichter vum Lauschterbuch "Komm, lies mer vir", déi de Jhemp Hoscheit bei Editions Binsfeld erausbruecht huet. Déi leschte Kéier waren d'Déieren am Friemsproochenunterrecht, haut hu se keng Loscht méi op hir al Kleeder.

Lauschterenplay_arrow

D'100,7-Aufgab vum Dag - Missioun Dramhaus

Eis gebaute Welt gëtt dir verschidde Missiounen, fir déi gebaute Welt, an där mir liewen, ze erfuerschen. Dës Uerter, Plazen, Stroossen, Gebaier a Baudeeler kënne vu baussen, awer och vu bannen ënnersicht ginn (méi Informatiounen iwwer Eis gebaute Welt fannt dir hei).

Lauschterenplay_arrow

Dramhaus ass eng weider Missioun an dëser Rei an adresséiert sech un iech all, well dir jo den Ament doheembleift aus Récksiicht op vulnerabel Mënschen, fir déi eng Infektioun mam Coronavirus geféierlech wier. Villmools Merci!

Fir dʼZäit doheem sënnvoll ze notzen, stelle mir iech virun Erausfuerderungen, déi léierräich sinn an och Spaass solle maachen.

Bei dësem Challenge léiert dir, är Wunneng ze zeechnen, wéi e Profi! Ausserdeem däerft dir zum Schluss ärer Fantasie fräie Laf loossen an äert Dramhaus entwerfen; et däerf alles hunn, wat iech gefale géif, zum Beispill vill Schlofkummeren, eng Sportshal oder e Kino am Keller, eng grouss Stuff, e Bam um Daach. D'Zeechnung soll kreativ a witzeg sinn. Villäicht inspiréiert se souguer richteg Architekten an Architektinnen?

Hëls du deng Missioun un?

Da kuck dir däin Optrag genee un! Méi Informatiounen zur Challenge fënns du am PDF-Dokument ënnen op der Säit an an dësem Video.

Schéck Fotoe vun der Zeechnung vun dengem Dramhaus op: challenge@script.lu.

Benotz wetransfer.com fir grouss Dateien.

Deng Missioun muss bis de 4. Mee 2020 erfëllt sinn. Vill Gléck!

Ze gewannen

Déi dräi bescht Resultater gi mat engem Eis gebaute Welt-Rucksak mat villen Extrae belount. Domat kënnt dir dann zesummen an ärer Klass, wann dat erëm méiglech ass, Missiounen an ärer Gemeng oder am ganze Land erfëllen.

Wien däerf matmaachen?

All dʼKanner a Jugendlech vum Cycle 3 un.

Froen?

Schreif eis se op challenge@script.lu

Betsy Dentzer-Hodscha Nazreddin - Deel 1

Nodeems mir gëschter den Till Eilespiggel aus eisem Nopeschland kennegeléiert hunn, hëlt d'Betsy Dentzer eis haut mat an den Noen Osten: an d'Tierkei. Do nämlech huet viru laanger laanger Zäit e ganz gescheite Kapp gelieft: Nasreddin Hodscha war säin Numm.

Lauschterenplay_arrow