Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Liewe mam Parasport

Sot emol

E Liewe mam Parasport

Fir de Marc Kiefer waren d'Paralympesch Spiller zu Tokyo "super-emotional". Déi perfekt Organisatioun an déi grouss Gentillesse vun de Leit hunn d'Event zu engem eenzegaartegen Erliefnes gemaach, esou den Directeur sportif vum Luxembourg Paralympic Committee.

auto_stories

2 min

De Marc Kiefer war Chef de Mission bei de Paralympics zu Tokyo - en Evenement, wat duerch déi perfekt Organisatioun, déi grouss Gentillesse vun de Leit an der aussergewéinlecher Stëmmung zu engem eenzegaartegen Erliefnes fir hie gouf.

Fir de Marc Kiefer ass et wichteg, wéi een de Sportler, oder de Mënsche begéint: Respekt weise steet ganz uewen. Dobäi kann a soll ee Behënnerung sécher net ausblennen, mee e respektvollen Ëmgang fleegen. Wat de Mënsch sech net wënscht ass Matleed.

An dee Respekt huet de Marc Kiefer bei de Paralympics op en Neits erlieft:

"Dieser Austausch macht es so besonders.(...) Und das finde ich ein ganz tolles Element, dieser "Spirit", diese Hilfsbereitschaft über Nationengrenzen hinweg, selbst wenn man im Wettbewerb Konkurrent ist."

Sport als Ausgläich

Sport ass net just den Haaptaspekt vu senger Aarbecht, mee spillt och eng grouss Roll a senger Fräizäit: De passionéierte Leefer a Mountainbike-Fuerer huet viru Kuerzem och erëm seng Loscht fir den Tennis entdeckt:

"Gerade beim Tennis kann man nicht so gut nachdenken, sondern man muss beim Spiel bleiben, was beim Radfahren oder beim Joggen dann trotzdem der Fall ist das man, dann doch irgendwie noch technischer Direktor in irgendeiner Form auch ist."