Zäithistoriker E Comeback vun engem peinleche Geescht

Den dräifache Referendum vum 7. Juni 2015 war de Lëtzebuerger Gilet-jaune-Moment, de Lëtzebuerger Brexit, d'Lëtzebuerger Trump-Wal. Et war de Moment, an deem sech en onerwënschten Invité an d'Debatt zeréckgemellt huet: d'Natioun. Den Zäithistoriker Vincent Artuso iwwer e peinleche Geescht aus der Vergaangenheet.

Vincent Artuso / tt

Vincent Artuso

Den dräifache Referendum vum 7. Juni 2015 war de Lëtzebuerger Gilet-jaune-Moment, de Lëtzebuerger Brexit, d'Lëtzebuerger Trump-Wal. Et war de Moment wou sech en ongewënschten Invité an d'Debatt zeréckgemellt huet: d'Natioun. An de politeschen, ekonomeschen, kulturelle mee och gewerkschaftlechen a reliéisen Elitten, hat keen domadder gerechent deem peinleche Geescht aus der Vergaangenheet erëm iwwer dem Wee ze lafen.

D'Uni Lëtzebuerg war am mannsten op dee Comeback virbereet. Zanter hirer Grënnung huet sech an dëser Institutioun eng konstruktivistesch Lektür vum nationale Phenomeen imposéiert, a mat hir d'Iddi, datt d'Natioun e kënschtlechen a schiedleche Kader ass.

Dekonstruktioun vun der Natioun

Dës konstruktivistesch Lektür baséiert zu engem ganz groussen Deel op déi seminal Aarbechte vum Ernest Gellner, vum Benedict Anderson oder vum Eric Hobsbawm: dräi brittesch Forscher, déi d'Analys vun der Gebuert an der Evolutioun vun de Natioune komplett revolutionéiert hunn, andeems se eng sozial a wirtschaftlech Lektür entwéckelt hunn.

Fir si waren d'Natioune keng ural Naturkierperen, mee sozial Gebilder, modern Konstruktiounen. Den Anderson huet zum Beispill de Konzept vun der Natioun als "virgestallt Gemeinschaft" gepräägt, den Hobsbawm dee vun der "erfonnter Traditioun". Déi Notioune goufen an enger gewësser, progressistescher Vulgate benotzt fir d'Natiounen zu eidele Gebilder ze degradéieren.

An engem Kontext vun triumphéierender Globaliséierung gouf deen, scheinbar artifizielle Kader dann och zum Ursprong vun allem Iwwel erkläert, opgrond vun enger Vereinfachung déi een esou kéint resuméieren: d'Natioun féiert zum Nationalismus, de Nationalismus zum Nationalsozialismus an de Nationalsozialismus zu Weltkrich a Vëlkermord.

Eng nëtzlech Fiktioun

A sengem leschte Buch äntwert de franséischen Historiker Pascal Ory op déi Uklo. Jo schreift en, d'Natioun huet Kricher a Massakere verursaacht, mee genau esou wéi aner sozial a politesch Konstruktiounen wéi Stämm oder Räicher, Reliounsgemeinschaften a Parteien. Jo, gesteet e weider an, et ass eng Konstruktioun, e Zougeständnes dat him awer just dës Fro inspiréiert: "An dann ?"

De Pascal Ory schreift:

"L'exercice de style critique visant à démontrer que le national est 'construit' reste au milieu du gué s'il ne pousse pas son raisonnement jusqu'au bout en essayant de répondre à la question capitale: 'Et alors?'. Si la Nation est une construction sociale, c'est à l'instar de toute institution du social - un État comme une Église, une famille comme un genre, une phalanstère comme une mafia -, et cette construction produit des effets concrets, tangibles, réels. [...] Elle est, bien évidemment, une communauté imaginée, produisant des romans nationaux - mais à l'instar de l'Internationale, du Prolétariat ou de l'Humanité, ces figures du roman international sur lesquelles se sont fondées depuis plusieurs générations et se fondent encore [...] tant d'engagements, de dévouements, de sacrifices. Avec ses propres engagements, dévouements, sacrifices, la nation fait donc partie des fictions utiles sur lesquelles se fonde toute société politique. Avec le recul de deux semaines et demi, elle s'affirme même comme la grande fiction utile de la société moderne."

Demos an Ethnos

Fir den Ory ass d'Natioun déi wichtegst sozial Fiktioun vun de leschte Joerhonnerten, well se zwou grondleeënd modern Aspiratiounen erfëllt. Déi éischt ass d'Bedierfnes vun Individuen, déi an enger Gesellschaft liewen déi sech permanent verwandelt, ze verwuerzelen, en Halt a scheinbar éiweg, gemeinsam Wäerter a Symboler ze fannen. De Besoin e Vollek am historeschen, identitären oder emotionelle Sënn ze bilden, also en Ethnos.

Déi zweet Aspiratioun, déi d'Natioun erfëllt, ass d'Striewe vun de moderne Gesellschaften no engem fräie Liewen, hire Wëllen iwwer d'eege Geschécker ze entscheeden, also e Vollek am politesche Sënn, en Demos ze bilden. Dowéinst fänkt all national Geschicht ëmmer mat der Erzielung vun enger Befreiung un, entweder vun engem alen, hifällegen, despotesche Regime oder vun engem gréisseren, frieme Stat mat deem een sech net oder net méi identifizéiert.

Eng Natioun ka vun deem Moment un entstoen, wou d'kulturell Revendicatioun ("Mir sinn en Ethnos, a mir wäerten et beweisen") an de Projet vu politescher Emanzipatioun ("Mir sinn en Demos, a mir wäerten d'Muecht erueweren") sech kombinéieren. Den Ory proposéiert dowéinst eng kuerz Formel fir d'Natioun ze definéieren: " un peuple qui devient le Peuple."

D'Natioun: e globale Phenomeen

Eng Kritik, déi ee par rapport zum Ory sengem Buch ka maachen ass, datt en zwar postuléiert, datt d'Natioun eng Innovatioun ass, mee eigentlech net erkläert wat hir Ursaach ass. Wisou et zu dëser Erfindung koum schreift e net. E stellt just e Lien fest tëschent dem Protestantismus an den éischte Revolutiounen: d'hollännesch Revolutioun am 16. Joerhonnert, d'englesch Revolutioun am 17. Joerhonnert an d'amerikanesch Revolutioun am 18. Joerhonnert.

Dee Lien tëschent Protestantismus a Souveränitéit vum Vollek ass awer net ganz rigouréis etabléiert an et mierkt een, datt den Ory an engem interpretativen Turbulenzberäich geréit, wou en d'franséisch Revolutioun erreecht. Eng Revolutioun, déi de nationale Phenomeen wesentlech impaktéiert huet, mee an enger Gesellschaft stattfonnt huet, déi majoritär kathoulesch gepräägt war.

Dem Ory seng nächst Demonstratioun ass dofir méi iwwerzeegend. E weist, datt d'Natioun, a Westeuropa gebuer ass, sech awer lues a lues iwwer d'Welt verbreet huet. D'Ironie vun der Geschicht ass, datt de nationale Kader ebe grad dee vun der Emanzipatioun géint d'europäesch Kolonialmuechte war.

An dësem Verlaangen no nationaler Existenz, deen universell, global ass, gesäit de Pascal Ory dann och de Schlëssel fir d'zäitgenëssesch Geschicht ze verstoen. Dowéinst proposéiert en och eng nei, gewot a provokant Lektür vum 20. Joerhonnert, déi den Impakt vun der bolschewistescher Revolutioun, mee och vum 2. Weltkrich minimiséiert:

"[L]e monde politique qui est sorti de la révolution d'Octobre a été balayé par celui dont le congrès de Paris donna les contours. [...] C'est [...] du congrès de Paris que sont sortis, soit directement soit dialectiquement, l'Europe et l'Asie du XXIe siècle, dès lors que l'on ramène chacun de ces deux continents à l'essentiel de leur identité spatiale et politique. Le Congrès des États souverains tenu à Vienne en 1815 avait signifié le triomphe du principe de légitimité dynastique sur le principe de légitimité nationale [...] Toute l'histoire politique du siècle qui l'a suivi peut être, sans exagération, résumée dans l'effritement progressif de cet édifice, jusqu'à son effondrement totale à l'issue de celle qui méritait bien, à cet égard, le nom de 'Grande Guerre' - certainement plus grande, si l'on mesure ses effets durables et profonds, que la Seconde Guerre mondiale, survalorisée pendant quelques décennies parr une grille d'analyse dominée par deux traumas: idéologiquement le trauma d'Octobre, éthiquement le trauma de la Shoah. En d'autres termes - et à rebours d'une intuition paresseuse -, le monde de 2020 descend beaucoup moins de 1945 que de 1919."

D'Natioun: en aktuelle Phenomeen

Am Géigendeel zu deem wat zanter dem Enn vun de 1960er Joren erkläert gëtt, ass grad d'Erofspille vum nationale Phenomeen eng eurozentristesch Kuerzsiichtegkeet. Den Ory kann zum Schluss vu senger Demonstratioun dann och, op d'Aktualitéit opbauend, feststellen, datt de nationale Kader nach ëmmer pertinent a prägend ass:

"La pandémie de 2020 a administré une preuve supplémentaire, et particulièrement violente, de ce qu'à cette date le monde fut 'moins mondial que jamais', en d'autres termes que la mondialisation ne produit aucunement du mondialisme: contradictions internes au sein de l'Union européenne [...], renationalisation des réponses. [...] Combinée à la mise en place de politiques de rapatriement économique et de fermeture des frontières, la figure de l'État-nation sort renforcée de la crise et là où l'État confirme son impotence, la société vacille."

An der Mediathéik:

Zäithistoriker / / Vincent Artuso
Lauschteren

Méi zum Thema

En Zuch Richtung Auschwitz
Zäithistoriker

Virun engem Joer war am Resistenzmusée zu Esch eng vun de leschte gréisseren, vun de Medie verfollegten, historeschen Debatte virum Lockdown. Rieds ass vun der Matschold oder Täterschaft vu 14 Lëtzebuerger um Holocaust.

Perspective_Musee_Resistance.jpg
Zäithistoriker

Den Zäithistoriker Denis Scuto geet op den abstruse Verglach tëschent dem Escher Musée national de la Résistance an der Nazi-Architektur am neie Marco-Polo-Guide iwwer Lëtzebuerg an.

Vincent Artuso
Zäithistoriker

Viru genau 80 Joer, am Februar 1941, huet d'Nazipartei hir Muecht zu Lëtzebuerg opgebaut an ausgedeent. Zu deem Zäitpunkt ass awer och fir d'éischt Kéier zanter laangem e Schimmer Hoffnung opgetaucht.

„Ons zerschloen Dierfer“: Der Wiederaufbau Luxemburgs (1944-1960)
Geschicht

Virun allem den Norden an den Oste vum Land goufen am Krich uerg zerstéiert. D'Geschicht vum Erëmopbau, souwuel de materielle wéi och de soziale Volet, ass eng, déi nach wéineg erfuerscht ginn ass.

Programm

Net verpassen

  • Annonce: Recherche d'un chef de la programmation

    Gebai vum radio 100,7

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche 1 chef de la programmation (m/f) pour contrat à durée indéterminée et à temps plein.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen