Domat war de Wee fräi fir weider Schreifaktivitéite wéi de Cabaret a spéider dunn och seng Aarbecht um radio 100,7.
Schreiwen als Ventil
1976 ass de Cabaret "Scène libre" gegrënnt ginn, an dat huet dem Jean Pol Roden e Moyen gi fir op déi politesch Aktivitéit ze reagéieren an domat och den Emotiounen oder souguer der Roserei lass ze ginn.
"Ganz wichteg, datt ee sech wiert géint dat, wat d'Politiker maachen.[...] Zemools an där Zäit, natierlech ass et haut e bësse méi einfach ginn, wann ee politesch Texter schreift. Einfach, well d'Medien am Alldag soe schonn alles vir. Also muss een dat e bësse feilen an e bëssen anescht dréinen, awer engem seng Roserei ass ëmmer nach derbäi, quitt datt een haut vläicht och Saache méi gedam ausdréckt, méi douce."
"D'Technik ass haut formidabel"
De Jean-Pol Roden huet e laange Wee vum radio 100,7 matgemaach vun der Lonkecher Strooss iwwer d'Avenue Monterey bis elo an déi nei Büroen um Kierchbierg. De Jean-Pol Roden ass iwwer de Kannertheater bei den 100,7 komm, huet sech dunn awer och ëm de Schouldossier bekëmmert a eng Onmass politesch Sujete gemaach. Et ass awer besonnesch déi technesch Entwécklung déi hien impressionéiert huet:
"Wann ech bedenken déi éischt Reportage hu mer mat Kassetterekorder gemaach.[...] An dono koum de Minidisk, wat schonn e grousse Fortschrëtt war, an dono koumen digitaliséiert Mikroen. Ech mengen dat sinn och Saachen, déi formidabel sinn, an do gesäit een och wéi alles ännert."