Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Substanz ass dacks net de Problem"

Suchtverhalen

"D'Substanz ass dacks net de Problem"

Vill Drogenofhängeger hätten eigentlech psychech Problemer, seet den Direkter vum Centre Thérapeutique vu Manternach. De Romain Pauly gesäit d'Legaliséierung vu Cannabis eleng net als Léisung.

auto_stories

2 min

Romain Pauly, Direkter vum Centre thérapeutique Manternach Syrdall Schlass

Am "Centre thérapeurique Manternach Syrdall Schlass" wäre momentan vill Leit, déi psychesch Problemer hätten, seet den Direkter Romain Pauly. "Si hunn iergend ee Produit geholl, fir sech auszehalen. Oder fir dobaussen ze bestoen." Wann d'Substanz bis net méi do wier, géif dacks kloer ginn, datt d'Drog net de Problem wär. Deen eigentleche Problem wier vill méi komplex a géif méi déif sëtzen.

Ëmmer méi Leit kéinten oder wéilten net méi an der Gesellschaft matmaachen. Doduerch kéint een an eng gewëss Zeen kommen, wou ee mat der Substanz géif konfrontéiert ginn. De Romain Pauly begréisst awer, datt et haut méiglech ass, fir als Drogenofhängegen an der Gesellschaft z'existéieren. "Fréier souze si méi an der Psychiatrie a méi am Prisong. Hautdesdaags kann een domat liewen. Och wann déi meescht dat net als liewenswäert gesinn." Eng Fixerstuff wär net schéin. Awer fir Mënschen, déi op sou Strukturen ugewise wieren, wär et ee Liewen an een Iwwerliewen.

Cannabis däerf net verharmloost ginn

Déi meescht Leit wäre wéinst Heroin a Kokain am Therapiezentrum. Déi allermeescht Clienten hätte mat Cannabis ugefaangen. Dat géif net heeschen, datt Cannabis direkt zu Heroin géif féieren, sou de Romain Pauly. Et wier awer e Feeler d'Drog ze verharmlosen.

Den Trend, datt vill Jugendlecher regelméisseg Cannabis consomméiere gesäit hien als problematesch. Et misst een Ëmdenke bei der Preventioun ginn. "Mä et geet net duer fir ze soen, komm mir legaliséieren et, an dann ass de Problem geléist. Jugendlech, déi massiv a chronesch Cannabis fëmmen, déi hunn e Problem."

Am "Centre thérapeutique Manternach Syrdall Schlass" gi bis zu 25 Drogenofhängeger betreit. Den Zentrum ass aus dem Centre Hospitalier Neuro-Psychatrique ausgelagert. Et ass deen eenzegen Therapiezenter fir Drogenofhängeger zu Lëtzebuerg, wou d'Clienten eng Zäit laang kënne liewen. D'Cliente kéimen aus verschiddene soziale Milieuen, seet de Romain Pauly. Hien ass zanter 30 Direkter vum Zentrum.