Radioen

On air

Notturno  |  Alan Palomo - Stay-At-Home DJ

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Do gehéiert Leidenschaft dozou"

Am Gespréich

"Do gehéiert Leidenschaft dozou"

Den Extremsportler Ralph Diseviscourt a säi Vëlo si quasi net vuneneen ze trennen. Aktuell hält hie mat 915,53 Kilometer de 24-Stonne-Weltrekord am Vëlofueren. Hie gouf Drëtten an der Race Across America, 5.000 Kilometer vun der amerikanescher West- op d'Ostküst.

auto_stories

4 min

Am Gespréich mam Jean Claude Majerus hëlt de Ralph Diseviscourt eis mat a seng Welt vum Extrem-Vëlossport, wat dat un Trainingsintensitéit brauch, an och wéi en Afloss de Vëlo op säin Alldag a säi Familljeliewen huet.

Passionéiert oder geckeg?

5.000 Kilometer queesch duerch d'USA, iwwer 915 Kilometer a 24 Stonne mam Vëlofueren, duerch Wüüst bei grousser Hëtzt bis op Bierger vun 3.000 Meter, wou et nach schneie kann. De Ralph Diseviscourt ass en Extremsportler mat Performancen, déi een dronke maachen.

Fir d'Sportaart esou auszeüben, wéi hien dat mécht, do géif virun allem Leidenschaft dozou gehéieren, mengt de Ralph Diseviscourt. Hie géif sech deemno éischter als passionéierte Vëlossportler, wéi e geckege Cyclist, bezeechnen.

"Natierlech sinn déi Courssen esou extrem, datt ee ka mam Gedanke spillen, datt et geckeg Iddie sinn. [...] Fir mech zielt d'Leidenschaft fir de Vëlossport, déi mech motivéiert fir deen Training esou ze maachen, fir esou Courssen ze fueren."

Den éischten Deel vum Interview lauschterenplay_arrow

En héijen Drock

Am Juli dëst Joer huet den Ultracyclist Ralph Diseviscourt mat 915,53 Kilometer en neie 24-Stonnen-Weltrekord um Vëlo realiséiert. Vill Training a vill Organisatioun waren heifir néideg. Nieft der kierperlecher Form ass awer och de mentalen Zoustand fir esou eng Performance wichteg, wéi de Ralph Diseviscourt erkläert, déi kéint een net vernoléissegen.

"Doduerch, datt ee probéiert e Weltrekord ze briechen, stellt ee sech och an de Fokus an dat bréngt e gewëssenen Drock mat sech."

Hie wier sech relativ sécher gewiescht, datt de Weltrekord am "Beräich vun de Méiglechkeete" géif leien. Et kéint een awer ni zu 100 Prozent soen, datt et klappt, dat géif ëmmer vun der Dagesform ofhänken, zielt de Sportler.

Den zweeten Deel vum Interview lauschterenplay_arrow

D'Ënnerstëtzung vun der Famill ass wichteg

Nieft der Passioun an dem mentalen Zoustand ass natierlech och vill Zäit, Wëssen a vill Training néideg. Ouni seng Famill hätt hien dat awer net meeschtere kënnen, seet de Ralph Diseviscourt. Seng Fra hätt vill Versteesdemech missten opweisen, fir datt hien déi Coursse kéint fueren. Och den Timing vun de Coursse spillt hei mat, well d'Vakanz heirop en Afloss huet.

"Wann ech elo Race Across America am Juni fueren, da weess ech, datt ech duerno am Laf vun der Saison keng gréisser Course méi ka plangen, och einfach well ech kierperlech a mental och midd sinn. An dat ass ëmmer e gudde Moment fir eng grouss Vakanz ze maachen."

Den drëtten Deel vum Interview lauschterenplay_arrow

Race Across America: ee Mythos

A senger Karriär huet de Ralph Diseviscourt scho villes erlieft. Mat senge 44 Joer ass hien nach am richtegen Alter fir nach esou munches ze erreechen. Een Highlight bleift awer seng Participatioun bei der Race Across America, déi ee Mythos am Ultrasport ass.

"Et ass déi Course, wou jiddwereen, dee sech an dee Sport lancéiert, strieft fir kënnen un den Depart ze goen. 5.000 Kilometer vun der West- op d'Ostküst mat eppes an déi 50.000 Héichtemeter, wou een duerch d'Wüüst fiert, duerch d'Rocky Mountains, Great Plains."

Déi Course wier extrem schwéier, well déi klimatesch Bedéngunge vill géife wiesselen.

De véierten Deel vum Interview lauschterenplay_arrow

Training am Lockdown

De Ralph Diseviscourt ass vill dobaussen op de Stroossen uechter ganz Land ënnerwee fir ze trainéieren. Hie fiert zum Beispill all Dag mam Vëlo op d'Schaff an owes nees Heem, donieft sinn nach vill weider Trainingsunitéite verdeelt.

Ee groussen Aschnëtt koum dunn am Mäerz mam Lockdown: Home Office stoung um Programm an domat sinn direkt zwou Trainingsunitéiten den Dag ewechgefall. De Ralph Diseviscourt huet awer ëmmer Zéit fonnt fir eraus trainéieren ze goen. Beim Lockdown ass him e Changement an der Natur opgefall.

"Dat war wierklech schonn impressionant, wann ech do moies oder och am Dag, wann een dorëmmer gefuer ass, et war praktesch keen Auto op der Strooss, Mer haten natierlech och Chance zu Lëtzebuerg, datt mer d'Méiglechkeet haten nach dobausse Sport ze maachen. Et ware jo och Länner, wann ech do meng Kolleegen an Italie kucken, déi konnten emol net virun Dier goen ... Ech si frou doriwwer, datt mer eisen Training konnte relativ normal duerchzéien, an dat an enger herrlech roueger Natur, wou ee praktesch Stroosse fir sech hat."

De fënneften Deel vum Interview lauschterenplay_arrow