Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Diktatoren: Déi besser Krisemanager?

Prisma

Diktatoren: Déi besser Krisemanager?

"When the going gets tough, the tough get going." Mee wat ass, wann een net tough ass? Oder wann ee gären hätt, datt anerer fir eis tough solle sinn? Wat ass, wa mer duerch d'Pandemie esou genervt sinn, datt mer eis just nach wënschen, datt se verschwënnt ... ëm egal wéi ee Präis? Jo, da kann ee sech schonn emol wënschen, et kéim en Diktator, deen de Problem fir eis reegelt. Mee ass dat wierklech esou eng gutt Iddi?

auto_stories

7 min

Asking for a dictator

Wann et Iech esou geet wei mir, dann hutt der et esou lues genuch mat der ganzer Pandemie. Mee net just mat der Pandemie: iergendwéi nervt grad alles. D'Ëmweltproblematik nervt. Den Trafic nervt. D'Matmënschen nerven. D'Meteo nervt...an esou weider.

An anere Wieder, et kéint een esou lues eng Vakanz verdroen. Eng länger. Mat vill Sonn.

Bis dohin ass et awer nach e bëssen. Et gesäit emol esou aus, wei wann mer nach e bësse missten op d'Zänn bäissen. Die Mühen der Ebene, eben. Mir sinn net méi an der panescher Phas vum Ufank vun der Pandemie. Mir sinn awer och nach net esou wäit, datt et sech ufillt, datt d'Pandemie iwwerwonne wär. Mir sinn an der Phas, wou mer op d'Zänn bäissen an duerchhale mussen.

Kuerz, et ass de Moment fir Charakter ze beweisen. Oder, wiem dat net schnell genuch geet, oder eben ze vill ustrengend ass, dee rifft no enger méi schneller Léisung. A gär stellt ee sech fir, datt en Diktator d'Problemer méi schnell gereegelt kritt.

What is a dictator?

Mee ass et wierklech eng clever Iddi? Wat ass dat, en Diktator?

D'Wuert hu mer aus dem Latäin. Bei den ale Réimer war den Diktator eng Persoun, déi temporär Vollmuecht krut. D'Schlagwuert hei ass temporär. Wann eppes ganz Dramatesches passéiert ass, dann huet den Diktator dofir gesuergt, datt de Problem gereegelt gouf. Mee seng Muecht war begrenzt, op d'mannst zäitlech.

All Mënsch huet a sengem Liewe jo schonn en Diktat geschriwwen. Déi Persoun, déi diktéiert, ass en Diktator. An dem Wuert Diktator fënnt een d'Wuert "dire" erëm. Den Diktator seet, wat gemaach gëtt.

D'Iddi hanner dem Poste vum Diktator ass et, e Problem méi effikass ze reegelen. Dat heescht, mir sinn do wäit ewech vun der Iddi vun engem absolutten Herrscher.

An déi Leit, déi mir haut Diktator nennen, wéi den Hitler, de Stalin, de Mao, de Pol Pot, etc., dat sinn an dem Sënn keng Diktatoren, dat sinn Tyrannen. Hier Muecht war net begrenzt.

Historic examples

Ass en État de crise, oder en État d'urgence, dann am Endeffekt keng Diktatur am originelle Sënn vum Wuert? Wa mer emol déi negativ Konnotatioun vum Wuert op der Säit loossen, da kéint ee scho Parallellen zéien. Wann eng Kris do ass, gëtt d'Muecht fir eng bestëmmten an begrenzten Zäit an den Hänn vun enger oder e puer Persoune konzentréiert. An dat esou laang, bis de Problem gereegelt ass.

Frankräich war jo vun 2015-2017 esou am État d'urgence wéinst dem Risiko vun Terrorismus. Dat huet jo genuch Leit Suerge gemaach, a fir vill Diskussioun gesuergt.

Dat selwecht gëllt jo och hei zu Lëtzebuerg mam État de crise, dee wéinst der Pandemie ausgeruff gouf. Dee war jo och zäitlech begrenzt an huet och fir vill Opreegung gesuergt.

An u sech ass et jo och ëmmer gutt, wann ee sech Suerge mécht ëm d'Muecht, déi e Staat huet. D'Geschicht weist leider dacks genuch, datt Muecht korrumpéiert. Mir brauche jo just zeréck bei d'Réimer ze kucken. De Fait, datt si nom Cäsar keng Diktatore méi agesat hunn, läit net dorun, datt et keng Krise méi gouf, mee just nach Alleinherrscher.

Mee eng Diktatur am originellen, réimesche Sënn vum Wuert ass net dat, wat mir haut drënner verstinn. Mir hunn Tendenz, Diktatur ze soen, an Tyrannis ze mengen. Dat gesäit vu wäitem vergläichbar aus, ass et am Endeffekt awer net wierklech.

What could possibly go wrong?

Gutt, genuch mat Wieder gespillt, komme mer zeréck zum Punkt. Wann also Leit mengen, datt et besser mat engem Diktator wier, an een hinne seet, datt mer technesch gesi Mechanismen hunn, déi grosso modo an déi Richtung ginn, dat stellt se wuel net zefridden.

Dofir, komm mir kucken emol, wéi en Tyrann da mat Krisen ëmgeet a mir fänke mat engem ganz einfache Beispill un: der Autobunn.

Wann een einfach just vergläicht, wéi vill Kilometer Autobunn pro Joer a China gebaut ginn, a wéi vill der an der EU gebaut ginn, oder zu Lëtzebuerg, dann ass de Fazit gär: kuckt, d'Chinese sinn do vill méi effikass wéi mir.

De Problem ass awer, datt een d'Zuelen och an de Kontext muss setzen. D'EU baut vläicht vill manner Autobunnen, well mer der schonn esouvill hunn. Et wier, mengen ech, net fair ze soen, datt mer zu Lëtzebuerg verhältnisméisseg inkompetent sinn, just well mer an der leschter Zäit sou wéineg Autobunne gebaut hunn. Vläicht baue mer keng, well mer der jo schonn hunn.

A wa mer kucken, wei schnell dat a China geet, am Verglach zu enger bestëmmter Autobunn hei am Südoste vum Land...tjo...och do muss een nuancéieren. A China gehéiert d'Land dem Staat. Do kann ee vun haut op muer gezwonge ginn ze plënneren. Dat kann een zu Lëtzebuerg net. Dofir dauert et da méi laang mam Bau vun Infrastrukturen, mee op där anerer Säit hu mer dofir méi Sécherheet, wat de Privatbesëtz ugeet.

An ass dat wierklech e gudden Trade-Off? Ass de Bonus, datt Autobunne séier gebaut kënne ginn, et wierklech wäert, datt mer de Risiko aginn, am Gulag ze landen?

Oder wéi ass et mat Impfungen? Hei hu mer keng Impfflicht, an trotzdeem kréie Leit hei awer intellektuell Zoustänn, well se fäerten, et kéint dozou kommen. Déi Léit, déi mengen, mir géifen an enger Diktatur liewen, well mer esou eppes wei Impfungen iwwerhaapt hunn, sinn och erstaunlecherweis dacks déi, déi mengen, mir bräichten en Diktator, fir eis virun der Diktatur ze retten.

Bon, wat géif en Diktator maachen, wann et géif dorëm goen, eng Pandemie ze bekämpfen a wann en Impfstoff verfügbar wär? Jo, ech mengen da mol, dann hätt op eemol all Mënsch Rendezvous an engem Impfzenter.

Ech mengen, autoritär Herrscher si jo ëmmer erëm negativ duerch hire Krisemanagement opgefall. Oder duerch hiren Ëmgang mat de Mënscherechter. Oder duerch hier offe Bezéiung zur Wourecht. Oder hier Tendenz, d'Oppositioun an d'Kritik net mat Argumenter, mee mat Kugelen, Prisong, Gëft, an esou weider, roueg ze stellen.

Et ass warscheinlech keen Zoufall, dass an de leschte Joren autoritär Politiker bei den Wieler punkte konnten. D'Welt ass komplex. An dat hu mer eben net esou gär.

Projektioun: Simpel Léisunge fir eng komplex Welt

Autoritär Politiker verspriechen ebe simpel a schnell Léisungen. Mee leider schéngt d'Realitéit net ëmmer mat ze kréien, datt si sech dann och de Verspriechunge vun deene Politiker soll upassen. Oder ass de Problem vläicht éischter deen, datt déi simpel Léisungen u sech Quatsch sinn?

Mir liewen an enger komplexer Welt. An en plus an enger Demokratie. Dat heescht, als Bierger sollt ee sech jo op d'mannst fir d'Wale Gedanken zur Politik maachen. Wiele goen ass, wann een d'Geknouters vu ville Leit kuckt, am Alldag jo schonn ustrengend genuch.

Mee a Pandemie-Zäiten ass dat fir vill Leit en intellektuellt Minnefeld. Fake News, Angscht, Onwëssen, et gëtt vill Faktoren, déi d'Denke behënneren. An Denken ass jo eng Saach, Nodenken ass jo e ganz anere Level. Dat ass e kognitive Sprong, dee fir de Mënsch ustrengend ass. Et gëtt net vill Aktivitéiten, déi esouvill Kalorië verbrenne wéi Nodenken. Dofir ass dat fir eis näischt, wat intuitiv ass.

Fazit?

Eng einfach Léisung ass dacks just kuerzfristeg gutt. Wann ech no engem Diktator verlaangen, fir d'Pandemie ze reegelen, dann denken ech net onbedéngt dorun, datt deen Diktator de Problem da vläicht net esou ugeet, wéi ech mer dat erwënschen.

Den Trump war zwar keen Diktator a keen Tyrann, hien huet sech awer autoritär ginn. "Make America Great Again" huet jo brillant geklappt. Den Ofgang vum Trump war eppes ganz Spezielles. Idem fir de Bolsonaro, dank sengem Krisemanagement ass Brasilien op zweeter Platz, wat d'Unzuel vu Corona-Doudegen ugeet. Staark Mënsche mat staarke Léisungen hunn eben en staarken Impakt. De Mussolini par contre war en Tyrann. Den Hitler och. De Pol Pot och. An...naja...staark Leaderen, staarken Impakt...

Lo mol ouni Sarkasmus: Wat ass besser? E Ruinenfeld, wou all Mënsch dout ass, oder eng Situatioun, wou all Mënsch genervt ass?

An amplaz datt mer eis no Léisungen ëmsichen, déi einfach schéngen ze sinn, wier et dach vläicht méi sënnvoll, wa mer eis selwer froe géifen, wéi mer all zesummen de Problem reegelen. Amplaz datt mer eis Verantwortung - an dee Moment och eis Fräiheet - un eng Persoun oftrieden, déi d'Problemer fir eis reegelt, wier et dach besser, wa mer selwer kucken, wat mer maache kënnen. Also, wéi wier et, amplaz vun engem Diktator zum Beispill mat enger Corona-Solidaritéits-Steier. Wa mer, amplaz dovun ze dreemen, wéi mer eis Fräiheet besser verléiere kënnen, éischter kucken, eise kollektive Räichtum produktiv ze verdeelen?