Radioen

On air

Notturno  |  Chaild - Hardcore

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dierf ech och net averstane sinn?

Prisma

Dierf ech och net averstane sinn?

A Krisenzäite rangéiere sech d'Leit gären emol hanner hire Regierungen. Déi sinn dann op emol vill méi populär wéi virdrun, an et herrscht Burgfrieden. Dat heescht, datt d'Autoritéit manner ugefecht gëtt, bis d'Kris laanscht ass. An den aktuellen Etat de crise rifft vill Kritiker op de Plang. Kritiker, déi hirersäits dann och kritiséiert ginn. A vu lauter Kritik verléiert ee gären den Norden. Den Thomas Koenig freet sech, ob et net awer och gutt Argumenter dofir gëtt? An och, firwat produktiv Sträitgespréicher a Krisenzäiten - mee net nëmmen - esou schwiereg sinn.

auto_stories

7 min

De Philosoph Thomas Koenig. Foto: Archiv

De Problem

Virun dräi Wochen huet d'Pascale Worré ee Prisma doriwwer gemaach, wéini de Moment komm wier, fir datt de Bierger decidéiert, sech net méi duerch den Etat de crise a senge Grondrechter aschränken ze loossen.

A sengem Bäitrag huet d'Pascale vill gutt Argumenter bruecht, firwat ee grad elo kritesch soll si par rapport zu de Mesurë vum Staat. An hatt ass net dat eenzegt. Misste mer net preventiv einfach emol Nee soen, et geet elo duer?

Keng Argumenter dofir?

An aus rengem Esprit de contestation wëllt ech dann hei menger Roll als Philosoph gerecht ginn. Kommt, mir kucken eis emol d'Géigenargumenter un.

Als éischt ass jo ganz kloer d'Fro vun der Solidaritéit. Mir schränken eis elo mol bis op Weideres an, fir der Gesellschaft ze hëllefen. Et net ze maachen, wier egoistesch.

Dann zum Argument, et soll ee verstänneg sinn. Ganz dacks gëtt esou eng Ausso beschmunzelt, an doriwwer ironiséiert. Leit, déi verstänneg sinn, gi gär duergestallt, wéi wa si keen eegene Charakter hätten. Wéi wa si just Matleefer wieren. Mee dann ass de Rückkehrschluss jo awer och erlaabt, datt Leit, déi net verstänneg sinn, Toperte wieren. Oder Querulanten. Oder einfach nëmme penibel.

An dann ass natierlech och d'Fro, wat falsch doru soll sinn, wann ee mam System matspillt? Leit, déi verstänneg sinn, hu manner Problemer wéi déi aner, well si de System fir sech notzen.

Gutt, dann ass och nach d'Argument, datt et illegal ass, sech net un d'Gesetzer ze halen. Kloer, do läit d'Géigenargument quasi op der Hand, datt d'Gesetzer och kënnen moralesch verwerflech sinn. Wann dat de Fall ass, sollt een net blann de Gesetzer follegen. Sécher, absolut richteg, mee dann d'Géigefro: Wie bis Mäerz 2020 kee prinzipielle Problem mat eise Gesetzer hat, dee misst an aller Konsequenz jo dann och kee mam Etat de crise hunn. Schliisslech war dee jo an der Verfassung esou virgesinn, an dat scho laang virum leschte Mäerz.

An, dat lescht Argument, dat ech hei wëll opféieren: Et ass jo just temporär. No dräi Méint ass den Etat de crise eriwwer. Gutt, do kontert Dir mir dann, datt et genuch Staate gëtt, déi de Contraire bewisen hunn, zum Beispill Frankräich, déi hiren Etat d'urgence ëmmer erëm ëm e puer Méint verlängert hunn, an duerno schliisslech bal zwee Joer dobäi waren.
Mee och do kann een dogéint halen, datt dat eng falsch Equivalenz ass: Lëtzebuerg ass net Frankräich. An eis aktuell Kris ass sanitärer Natur, net terroristescher. An déi dräi Méint si jo nach net ofgelaf, et wier also e bësse verfréit, elo schonn Alarm ze schloen.

Si mer all Iwwerzeegt?

Voilà, lauter gutt Argumenter, gell? Oder sidd Dir elo schockéiert, wéi staatshöreg dat alles eriwwer komm ass?

Virun dräi Wochen huet d'Pascale gemengt, datt kritesch Froe stellen net automatesch bedeite géif, datt een dogéint wär. An trotzdeem gëllt een awer gär mol als suspekt, wann een et mécht. Dat erschwéiert den Debat. A grad dofir spille mer Mephisto a verneinen elo mol e bëssen.

Falsch Dichotomien

Dofir probéiere mer hei emol ze nuancéieren. Wa mer eis d'Argumenter vu virdrun ukucken, mierke mer, datt se zimmlech schwaarz-wäiss sinn.

Ass een entweder solidaresch oder egoistesch? Schwaarz oder wäiss? Nee, do muss ee ganz kloer nuancéieren. An et gëtt jo och déi Saach mam "gesonden Egoismus", wou den Eenzelen erkennt, datt säin eegenen Interêt och compatibel mat der Gesellschaft ass. Egoismus kann also och solidaresch sinn.

Ass de verstännege Bierger en ugepasstent, dommt Schof? Huet den onverstännege Bierger automatesch Recht? Nee, dat sinn och erëm Extrem-Positiounen. De Mënsch ass net zu 100 Prozent dat eent, oder dat anert.

A mam System matzelafen heescht jo och net, datt ee sech bedéngungslos dem System erginn huet. Éischtens ass een en Deel vum System. An zweetens huet een och vläicht erkannt, datt verschidde Systemer méi einfach vu bannen ze bekämpfe si wéi vu baussen.

Legal, illegal ... schäissegal? Et gëtt gutt Grënn, sech un d'Gesetzer ze halen. An dat muss jo och net heeschen, datt ee prett ass, wéi e Sklav all Gesetz ze akzeptéieren.

An dann déi Iddi, datt den Etat de crise just temporär ass, oder datt et schonn ze spéit ass fir eis Fräiheeten. Do äntweren ech och mol kloer mat engem eendeitegen "Jein". Et ass temporär ... bis op Weideres. An et ass och net onbedéngt ze spéit. Gesetzer a Gewunnechte kann een änneren, an Diktaturen ofsetzen. Nach schéngt mir eise Staat net total verluer.

Schwiereg Diskussiounen

Ech mengen, et gëtt am aktuelle Kontext, mee net nëmmen hei, e puer Faktoren, déi produktiv Sträitgespréicher erschwéieren.

  • Faktor 1 wier einfach emol de Mangel un Erfarung. Diskussiounen, wou d'Kontrahente sech net eens sinn, mee awer och net mateneen jäizen, sinn net wierklech visibel. Et gëtt se, mee si falen net op.
  • Faktor 2 ass, datt mer haut och schénge contraire Argumenter net als Geleeënheet ze huelen, eis Meenung ze verbesseren, mee als existenziell Bedroung.
  • Faktor 3, an dësem Kontext ass och, datt mer e Problem mat Autoritéit ze hu schéngen. An domat mengen ech net de kritesche Geescht, deen all Bierger vun enger Demokratie par rapport zu den Autoritéite sollt hunn. Nee, ech mengen domat, datt all Form vu Muecht oder Autoritéit quasi automatesch suspekt schéngt ze sinn.
  • Faktor 4 ass dee vum Onwëssen. De Gros vun eis war nach ni an engem Etat de crise derbäi. Oder an enger Pandemie. Dat heescht, mir kënnen d'Saache beschtefalls aschätzen. An de Mënsch ass extrem schlecht doran, Saachen anzeschätzen. Ech verweisen hei op dem Daniel Kahnemann säi Buch "Thinking, fast and slow".
  • An da bleift nach Faktor 5, déi sougenannte Mauvaise foi. Bei Diskussiounen oder Debatten ass et jo kloer, datt et dorëm geet, datt Argumenter verglach ginn, kritiséiert ginn, an datt dono dat oder déi beschten Argumenter sech duerchsetzen. Wann ech awer de Mauvaise foi sinn, da schwätzen ech zwar vläicht mat, mee ech ginn - bewosst oder onbewosst - de facto dovun aus, datt ech Recht hunn, an déi aner net. Dat gesäit zwar dann aus wéi eng Diskussioun, mee dat ass a Wierklechkeet just verlueren Zäit.

Fazit

Gutt, wat maache mer elo? Soe mer jo, soe mer nee?

Dir krut vläicht mat, datt d'Situatioun komplizéiert ass. An dofir ass et och schwéier, eng eendeiteg Äntwert ze ginn. Vläicht gëtt et jo och keng. Wie weess? A passt op, ech behaapten domat net, datt d'Wourecht iergendwou an der Mëtt läit, oder datt all Mënsch e bëssen Recht huet. Dat sinn och Aussoen, deenen et esou staark un Nuancéierung feelt, datt se quasi just an d'Poubelle vun de schlechten Argumenter gehéieren. Nee, wat ech mengen ass, datt ech et net weess.

Dat, wat mir awer kloer schéngt, ass datt mer déi Diskussioun hei féiere sollten. An och datt mer se net geféiert kréien, wa mer net prett sinn, se ze féieren. Dofir proposéieren ech, datt mer einfach emol skeptesch sinn. Skeptesch net an deem Sënn, datt mer alles direkt negativ bewäerten, mee skeptesch am klassesche Sënn: Mir bewäerten nach net, well mer nach net wëssen. Diskutéieren, jo, sech informéieren, idem, mee fir d'Fachsprooch ze benotzen, mir suspendéieren eist Jugement nach.

A fir clever ze wierken halen ech mat engem Zitat op, dat engem skeptesche Philosoph zougeschriwwe gëtt. E Skeptiker, deen en Numm huet wéi aus engem Monty-Python Film, dem Sextus Empiricus:

"Skeptizismus huet d'Mënschheet vun zwou fuerchtbare Krankheeten entlaascht, nämlech der Angscht an dem Dogmatismus."