Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Amber Mark - Comin’ Around Again

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dictionnairen an Digital Revolutioun - what's next?

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Dictionnairen an Digital Revolutioun - what's next?

Den Alexandre Ecker, Lexikograf beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, erkläert, wat déi Digital Revolutioun fir d'Dictionnairë mat sech bruecht huet.

auto_stories

5 min

Den Alexandre Ecker ass Lexikograf beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch. Foto: Archiv

Simon Larosche: Déi leschte Kéier has de eis gezielt, datt an der Lexikografie mat Korpusse geschafft gëtt, also mat grousse Sammlunge vun Texter... ass dat zum Beispill eppes, wat et virun der Informatiséierung net gouf?

Alexandre Ecker: Also et ass net, dass et et guer net gouf, mee d'Aarbecht mat engem Korpus war eng ganz aner! Stell der emol vir, ech géif der e Roman an de Grapp drécken, zum Beispill de Bommenteppech vum Josy Braun, an ech géif dech froen, ob dat Wuert Kaz dra virkënnt, a wa jo, wéi vill Mol!

Hm, wann ech mech net ieren, da war de Josy Braun e grousse Kazefrënd, also kéint et jo mol sinn, dass dat Wuert ze fanne wier... an awer misst ech d'Buch ganz genee liesen, fir der op deng Froen ze äntweren!

Jo, an da kéints de nawell net zu 100 Prozent ausschléissen, dass der vläicht déi eng oder déi aner Occurrence entgaange wier! De Computer dogéint mécht deen Exercice, ouni sech ze ieren an och vill, vill méi séier ewéi e Mënsch. Fir eng Recherche op "Kaz" am Bommenteppech (e Roman mat ëmmerhin iwwer 100.000 Wierder) brauch e ganz normale Computer manner ewéi eng Zéngtelssekonn!

Do kann ech effektiv net mathalen! Komm, da so eis awer och elo, wéi vill Mol et dran ass!

Haha, ok! Also d'Buschtawefolleg K-a-z ass am Ganzen aacht Mol ze fannen. Dräimol als Ufank vum Wuert Kazesprong, allkéiers am iwwerdroene Sënn vun enger "klenger Distanz". Och op anere Plazen hu mer iwwerdroe Sënner, an den Ausdréck "fir d'Kaz (also ëmsoss) sinn" oder "d'Kaz aus dem Sak loossen". Just eemol hu mer d'Kaz am eigentleche Sënn, an zwar an der Plurielsform "Kazen", wa rieds geet vu "riseg[e] Regaler[...] mat Konservebéchse fir Hënn a Kazen".

Do si jo wierklech intressant Saachen drënner!

Jo, eng attestéiert Plurielsform a flott Riedensaarten, alles Saachen, déi een da ka mat berücksichtegen, wann een dat Wuert an engem Dictionnaire beschreift.

Dat si Virdeeler fir d'Lexikografen, wann se sech ganz séier an effikass kënnen eng Dokumentatioun zesummestellen, mee wat fir eng Virdeeler bréngen dann déi nei Technologië mat sech fir d'Benotzer vun engem Dictionnaire?

Ee Virdeel vun engem elektronesche par Rapport zu engem Pabeiersdictionnaire ass esou evident, datt een et dacks net realiséiert: Anescht ewéi um Pabeier brauch um Schierm keng Plaz gespuert ze ginn! Deemno kann d'Informatioun vill méi userfrëndlech presentéiert ginn, ewéi wann den Text zesummegedruddelt op zwou Kolonne gedréckt gëtt. Och déi heiansdo kryptesch Ofkierzunge sinn aus deem Grond net néideg an eng interaktiv Hëllef ka punktuell depanéieren, ouni dass ee muss an oniwwersiichtlech Hëllefssäite bliedere goen!

D'Plaz kascht effektiv näischt op engem Schierm!

Genee, an dat bréngt dann och mat sech, dass een och zum Beispill fir all d'Verben a fir all d'Adjektive ka komplett Flexiounstabelle weisen amplaz traditionell just e puer Mustertabellen.

Reng theoreetesch kéint een dat jo an engem riseg décke Buch och alles maachen... gëtt et da Saachen, déi wierklech nëmmen digital ginn?

Jo, soubal s de Informatioune vermëttels, déi net kënne gedréckt ginn (als Text oder als Bild), bass de an esou engem Fall. Am Lëtzebuerger Online Dictionnaire, op deem ech haaptberufflech schaffen, fënns de déi phoneetesch Transkriptioun vun de Wierder, mee du kanns se awer och lauschteren. A fir méi ewéi 1000 Bedeitunge fënnt ee Videoen, an deenen d'Wierder an der Gebäerdesprooch gewise ginn. Dat si Saachen, déi een net direkt an e gedrécktent Buch kéint integréieren.

Ech huelen un, dass och d'Sich elektronesch méi effikass ass, oder? Dat has de jiddefalls schonn eng Kéier sou ugedeit.

Jo, an zwar an der Haaptsaach op dräi Niveauen. Dat éischt ass d'Sich op all de Forme vun de Wierder. En Apprenant, deen "du bass" héiert an da bass an e Pabeiersdictionnaire siche geet, dee fënnt just Substantiven - de Bass an der Musek an de Bass, deen den Ament duerch den Eichenprozessionsspinner voll am Trend ass - op Däitsch "Juckreiz"! Mee am Fong sicht eisen Apprenant awer d'Verb sinn, dat eng elektronesch Sich em och ka liwweren. Dat zweet ass d'Feelertoleranz. Sicht een z. B. d'Wuert "mätscheg" mat engem e vir amplaz mat engem ä, fënnt een et nëmmen, wann ee vun engem feelertolerante System opgefaange gëtt. Dat drëtt ass d'Sich mat erweiderte Krittären ... mee doriwwer hu mer jo d'leschte Kéier scho laang genuch geschwat!

Wat ass dann nach vun Evolutiounen ze erwaarden? Wéi gesäit den Dictionnaire an 10 oder an 20 Joer aus?

Ganz genee kann ech der dat natierlech net soen. Et ass awer eng Tendenz ze erkennen, an zwar déi, datt d'Dictionnairen um Verschwanne sinn.

Sou pessimistesch hunn ech dech awer nach net erlieft!

Verstéi mech net falsch! Et wäert se nach ginn, mee et wäert een se ëmmer méi benotzen, ouni et ze mierken! Déi lexikografesch Informatioune wäerte kënnen do opgeruff ginn, wou een se grad brauch, zum Beispill fir e Wuert an engem Online-Artikel ze verstoen oder fir iwwerem Tippen déi richteg Grafie vun enger onreegelméisseger Imparfaits-Form gewuer ze ginn. Dat alles, ouni Ëmwee an den Dictionnaire, mee direkt do, wou d'Fro sech stellt.

Muss een dech dann awer esou verstoen, dass et geschwë keng Dictionnairen um Pabeier méi gëtt?

Nee, dat denken ech och net. Et ass net auszeschléissen, dass de Pabeiersdictionnaire zu engem Nischeproduit gëtt, mee datt e ganz verschwënnt, do gesinn ech wierklech kee Grond derfir.

Kënnt dann e Lëtzebuerger Offline Dictionnaire?

A, wie weess! Looss dech iwwerraschen