Dëst Wuert, an jiddwereen dierf säint bis de 15. Dezember iwwer d'Homepage vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch virschloen, gëtt duerno vun engem Jury erausgesicht a den 28. Dezember presentéiert.
D'Wierder bleiwen net fir ëmmer
D'Iddi hat den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch scho méi laang, et sollt awer bis an dëst speziellt Joer 2020 daueren, éier se ëmgesat gouf. Mee dëst Joer war fir d'Sproochen e besonnesch kreatiivt, eng ganz Panoplie u Wierder huet de Wee an déi deeglech Sprooch fonnt, en Deel dovunner awer wuel net fir ëmmer:
"Ech mengen, datt een elo scho ka soen, datt verschiddener net wäerte bleiwen, ausser am Archiv oder am Dictionnaire, well et waren der einfach ze vill", seet de Luc Marteling, Direkter vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch.
Fir hien ass et nämlech kloer, datt déi Wierder, déi no der Pandemie net méi reegelméisseg benotzt ginn, aus dem Sproochgebrauch verschwannen dierften. No der Impfung, esou den Direkter vum ZLS, kéint et sinn, datt den Terme "Lockdown" séier aus dem Sproochgebrauch verschwanne wäert, iwwerdeems d'Wuert "Homeoffice" eventuell Bestand kéint hunn.
D'Leit kënne Propose maachen
Egal wéi ephemer oder nohalteg d'Wierder vun 2020 sinn, et ass fir d'Linguisten trotzdeem interessant ze kucken, wéi eng Wierder dem Joer an der Gesellschaft, der Sproochegemeinschaft, déi se benotzt, e besonnesche Stempel opgedréckt hunn. An Däitschland gëtt de Choix vum Wuert vum Joer eenzeg an eleng vun engem Jury geholl, an Éisträich vun de Leit, déi et proposéieren dierfen a wou dee Begrëff, deen am dackste virgeschloe gouf, gewënnt.
Den ZLS, deen dës Sich an d'Hand geholl huet, huet sech fir Lëtzebuerg fir eng Mëschform decidéiert. Hei geet et drëm e Feeling ze kréien wéi eng Wierder d'Leit besonnesch markéiert hunn, sot de Luc Marteling am radio 100,7-Interview.
Doduerch, datt de Public d'Wuert vum Joer proposéiert, kéint garantéiert ginn, esou den Direkter vum ZLS weider, datt d'Wuert och am deegleche Gebrauch verankert wier an duerch de Fait, datt e Jury et kréint, kéint och sécher gestalt ginn, datt et e pertinent Wuert wier, wat am deegleche Sproochgebrauch vum Joer 2020 och effektiv benotzt gouf.
De Jury, deen no 15. Dezember zesummekomme wäert, huet da bis den 28. Dezember fir dat éischt Lëtzebuerger Wuert vum Joer ze fannen, op deem Dag gëtt et dann offiziell annoncéiert gëtt.