Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Dent May - I Could Use A Miracle

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Temnodontosaurus vun der Cloche d'Or

Am Gespréich

Den Temnodontosaurus vun der Cloche d'Or

Bei enger Fouille op engem Chantier op der Cloche d'Or gouf eng gelleg archeologesch Sensatioun fonnt, an zwar d'Fossilie vun engem Ichtyosaurus, vun engem Fëschsaurier. Dësen Temnodonotsaurus huet viru ronn 190 Millioune Jore gelieft, a weltwäit gouf bis ewell een esou en Exemplaire fonnt.

auto_stories

6 min

De Paleontolog aus dem Naturmusée Ben Thuy ass de Responsabele vun dëser Fouille an hie war den Invité an der Emissioun "Am Gespréich".

Aus enger Zäit wou e Lach an der Fossiliegeschicht ass

Den Temnodontosaurus ass e Genre vu Fëschsaurier, déi och nach Ichtyosaurier genannt ginn. Et ware Mieresreptilien, déi fir einfach ze soen, bal wéi Delfinen ausgesinn hunn. Op déi Decouverte op der Cloche d'Or elo awer eng Sensatioun ass, hänkt vum Kontext of. Et goufen ewell schonn där Temnodontosaurier op der Welt fonnt, déi Decouverte vun der Cloche d'Or ass also näischt Eenzegaarteges.

Aussergewéinlech gëtt dëse Fonnt awer, esou de Ben Thuy wann ee Couche kuckt, an där d'Fossilie fonnt goufen.

"Well en ass aus enger Zäit, wou quasi e Lach war am Fossiliebericht. Dat heescht, dat ass eng Zäit, wou der weltwäit ganz wéineg bekannt waren, vun där dote Gattung am Fong just een. An doduerch ass et eis gelongen, effektiv, fir eent vun deene Lächer am Fossiliebericht vun deenen Déieren, zumindest zu engem klengen Deel, ze fëllen. Also esou gesinn ass et scho spektakulär, quitt datt et kee ganze Skelett war, et ware just, wann een esou wëll, eng Këscht voll Schanken. Mee dat geet awer duer fir eng Ausso ze treffen. Doduerch kann ee soen: Effektiv Jo, et war eng Sensatioun, virun allem och d'Gréisst vum Déier impressionéiert, kann ee rechnen dat Déier esou sechs bis siwe Meter laang war."

Deel 1 lauschterenplay_arrow

E gesteierten Zoufall

Fir esou eng Decouverte ze maachen ass ëmmer Zoufall a Chance mat am Spill. Am Fall vun der Fouille op der Cloche d'Or kann een awer net vun 100-prozentegen Zoufall schwätzen. Ee Collaborateur scientifique vum Naturmusée ass op Fossiliesich gaange, wat net vu Muttwëll war, well e ganz vill Fossilie vun Tëntefësch fonnt huet.

Bei hirer Sich hu se dunn awer eng Fossil vun engem Tëntefësch fonnt, wou et sech, wéi de Paleontolog Ben Thuy seet, eraus gestallt huet datt et e Stéck vun enger Schank war.

"Där Stécker Schank sinn ëmmer méi zum Virschäi komm, op enger bestëmmter Plaz, sou datt mer dee Moment d'Aschätzung entwéckelt hunn, datt do, wou déi Stécker eraus kommen, do muss méi leien. An dofir soen ech den Zoufall war, datt déi Stécker iwwerhaapt zum Virschäi koumen, gesteiert war et vun deem Moment aus un, wou mer d'Expertise konnten driwwer lafe loossen a soen: Ok, do ass méi!"

D'Equipe ronderëm de Paleontolog Ben Thuy huet also bei der Fouille op der Cloche d'Or eng ganz Partie Fragmenter vun deem Mieressaurier fonnt, engem presuméierten Temnodontosaurus. Wichteg ass et elo déi Fossille weider ze analyséieren.

Deel 2 lauschterenplay_arrow

Wéi eng Fragmenter ginn déi meescht Informatiounen?

D'Stécker, déi fonnt goufen, ginn an der éischter Phas propper gemaach an dono geet dann déi diagnostesch Aarbecht un. Et ass schwéier ze soen, wéi eng Fragmenter elo déi meeschten Informatioune ginn. Dat kënnen déi komplettste Stécker sinn, oder awer och just ganz spezifesch Deeler aus dem Skelett.

E Wierbel seet méi aus wéi eng Rëpp, e Zant gëtt nach vill méi Informatiounen, well een zum Beispill iwwer en Zant en Déier identifizéiere kann:

"Esou kucke mer elo fir e Maximum un Informatiounen aus deene Schankefragmenter erauszezéien, zesummen ze droen an dann zesumme mat Experten, déi op dës Déierenzort spezialiséiert sinn, déi néideg Conclusiounen ze zéien. A wa mer esouwäit sinn, ass dee nächste Schratt eng wëssenschaftlech Publikatioun, déi dat Stéck dann och der Fachwelt zougänglech mécht "

Et ass also nach vill méiglech, a vläicht bréngt Zukunft do nach méi. A wann een de Ben Thuy freet, ob et iwwerhaapt nach vill ze entdecke gëtt, an da äntwert de Ben Thuy ganz einfach: op all Äntwert ginn et zwou nei Froen.

Deel 3 lauschterenplay_arrow

Ouni Publikatioun existéiert dës Decouverte net!

Et ass also eminent wichteg e wëssenschaftlechen Artikel iwwert déi Decouverte op der Cloche d'Or ze schreiwen, datt d'Informatiounen och bei den Experten ukommen. Esou e Fachartikel schreiwen ass sécher net deen einfachsten Exercice, et ass, wéi bei all Artikel, kloer eng redaktionell Aarbecht, an och dat gehéiert zum Ben Thuy sengem Wëssenschaftlerliewen d'Zäit vum Schreiwen, eng gewësse graphesch Realisatioun an esou guer eng schrëftstelleresch Approche.

"Dat huet eng gewëssen technesch Komponent, dat huet e gewëssent Muster deem een no geet. Mä et probéiert een trotzdeem en Text ze schreiwen, deen och intressant ze liesen ass...Soubal dee geschriwwen ass, gëtt et un eng Fachzäitschrëft geschéckt an da gëtt eng Selektioun vum Editeur gemaach, dee kuckt op et an déi Zäitschrëft passt...Soubal den Artikel da vum Editeur duerch gelooss gëtt da geet dee sougenannten Peer-Review-Prozess lass. Dat heescht dat ass e Prozess wou e Manuskript un zwee-dräi Fachkolleege geschéckt gëtt, déi onofhängeg eng Iwwerpréiwung maachen, an zwar eng fachlech Iwwerpréiwung op ee wierklech anstänneg geschafft huet, op alles Hand a Fouss huet, op et Feeler gëtt, op d'Conclusioune baséiert sinn op Fakten an dat dauert e puer Woche bis e puer Méint. An eréischt wann dee Prozess duerchlaf ass gëtt esou een Artikel tatsächlech och publizéiert."

Bis et awer esou wäit ass, datt een a Fachzeitungen iwwert Decouverte vun der Cloche d'Or wäert liese vergeet sécher nach e bëssen Zäit an vill Aarbechtsstonne fir den Paleontolog aus dem Naturmusée

Deel 4 lauschterenplay_arrow

De Microleidus Melusinae

Dësen Temnodontosaurus ass awer net déi éischt sensationell Decouverte am Grand Duché, well wa mer an 1990er Joren zeréck ginn do gouf zu Suessem schonn e Plesiosaurus fonnt. An do gouf deemools festgestallt datt dee Plesiosaurus eng nei Zort ass, a krut dofir de Numm Microleidus Melusinae, ebe mam Bezuch zu de Melusina.

"Et war e Plesiosaurier, dat ass eng aner Grupp vun Mieresreptilien déi zesumme mat de Fëschsaurier gelieft hunn, se hunn zu der selwechter Zäit an de selwechte Mierer gelieft, mä se hu ganz anescht ausgesinn. Se hate véier Paddelen an e laangen Hals mat engem ganz klenge Kapp. Dat ass dat eenzegt Exemplaire vun där Aart dat bis ewell fonnt gouf an deen Ament ass dann esou wann ee wëll eng Etüd maachen, déi dat Déier mat abegräift, dann huet en Interêt drun sech op d'Original ze baséieren, an esou ass et scho virkomm datt international Experte sech ugemellt hu fir eben dat Stéck ze fotograféieren, ze vermoossen, ze scannen, jee vir einfach weider Analysen un deem Stéck ze maachen."

Deel 5 lauschterenplay_arrow

Elo heescht et dann of ze waarde bis d'Aarbechte ronderëm déi nei Decouverte, dee presuméierten Temnodonotsaurus vun der Cloche d'Or, fäerdeg sinn an da wäerte mer geschwënn déi nei Fragmenter vum deem Mieressaurier kënnen am Naturmusée gesinn. Grad ewéi déi aner sensationell Decouverte, de Microleidus Melusinae. Invité an der Emissioun "Am Gespréich" war dës Woch de Ben Thuy Paleontolog am Naturmusée. Méi Informatiounen iwwert de Naturmusée fannt der op ww.mnhn.lu.