Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  The Messthetics & James Brandon Lewis - Fourth Wall

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Neesopbau vu Lëtzebuerg nom Zweete Weltkrich

Lëtzebuerger Sachbicher

Den Neesopbau vu Lëtzebuerg nom Zweete Weltkrich

D'Geschichtsschreiwung zu Lëtzebuerg huet sech laang Zäit kaum fir aner Periode wéi den Zweete Weltkrich interesséiert. Gläich zwou Ausstellungen hu sech zejoert mat der onmëttelbarer Nokrichszäit zu Lëtzebuerg befaasst. Fir seng Buchkritik huet de Mohamed Hamdi sech béid Ausstellungskatalogen ugekuckt.

auto_stories

7 min

Ech wäert dat Bild ni vergiessen. Viru mir louch Wolz wéi vun engem risege Schäiwäerfer beliicht. Ma wéi ech méi genee gekuckt hunn, hunn ech d'Lächer gesinn, déi d'Granaten iwwerall an d'Haiser gerappt haten. Wéi schwaarz Mailer hunn s'aus de Fassaden erausgegrinst. Wat mer méi no erbäi koumen, wat et méi grujeleg gouf. Eng Wüst, eng Geeschterstad!

Sou beschreift een Zäitzeien d'Zerstéierung, déi den Zweete Weltkrich a villen Uertschaften hannerlooss huet. Déi mënschlech a materiell Käschte vum Krich waren enorm. De Gros vun den Affer a vun den Zerstéierunge goufen am Osten a besonnesch am Norde vum Land verzeechent.

Nodeems et den alliéierten Truppe nämlech gelonge war Lëtzebuerg vun de Nazien ze befreien, huet déi däitsch Arméi zur Géigewier ugesat a Lëtzebuerg op een Neits iwwerfall. Déi sougenannte Rundstedt- oder Ardennenoffensiv huet vun Dezember 1944 bis Februar 1945 gedauert an am ganzen Éislek seng Spueren hannerlooss.

Rekonstruktioun wärend an nom Krich

Et ass also keen Zoufall, datt eng Ausstellung iwwer de Neesopbau vu Lëtzebuerg am Éislek stattfonnt huet - a méi genau am nationale Militärmusée an am Geschichtsmusée vun der Stad Dikrech. Den Ausstellungskatalog geet op Eenzelschicksaler vun de Krichsaffer an awer och vun de Leit, déi nom - an och scho wärend - dem Krich un der Rekonstruktioun matgewierkt hunn.

Tatsächlech sinn déi éischt Organisatiounen, déi den Affer ënner d'Ärem gräife sollten nach virum Schluss vum Krich gegrënnt ginn - am August 1944 ass de Commissariat au Rapatriement an d'Liewe geruff ginn a véier Méint méi spéit d'Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte.

"Dès les premiers jours de l'existence de l'Oeuvre Nationale de Secours, le peuple luxembourgeois et ses amis à l'étranger lui ont apporté leur aide avec spontanéité et ferveur. Nous le remercions chaleureusement de leurs sacrifices", sou d'Grande-Duchesse Charlotte e puer Joer no der Grënnung vun der Oeuvre.

Déi staatlech Behörden, déi fir d'Rekonstruktioun zoustänneg waren, hate grouss Defien ze meeschteren, deene si awer net ëmmer Här gi sinn. Wéi eng Rei Graphiken am Buch ganz gutt verdäitleche sinn d'Prozedure fir den Neesopbau fir déi Concernéiert séier zu engem administrativen Dschungel ginn. Doriwwer eraus ass et ëmmer nees virkomm, datt vereenzelt Leit mat schlechten Absichte vun der Situatioun profitéiert hunn fir sech illegal ze beräicheren. An der Press konnt ee liesen:

Es wurden gewisse Skandalfälle aufgedeckt, aber bis jetzt noch keine Sanktionen ergriffen. So würden Rechnungen von einem Unternehmer für einen Bau eingeschickt, in dem er niemals gewesen. Ein anderer hat Geld für Blechbedeckung eines Daches verlangt. Es war niemals Blech auf dieses Dach gelegt worden.

Besonnesch d'Architekte sinn, zu Recht oder zu Onrecht, dacks Zilscheif vun der Kritik ginn.

Des millions ont coulé dans les poches des architectes, des experts, des entrepreneurs, des propriétaires d'ardoisières et de scieries dans une mesure qui n'est pas en rapport avec le travail fourni et le rendement obtenu.

Ausmooss vum Totalschued gëtt engem bewosst

Am Buch gëtt awer och déi grouss Solidaritéit beschriwwen, déi am ganze Land geherrscht huet. Jumelagen tëscht zerstéierte Gemengen aus dem Norden an Osten engersäits an de Gemengen aus dem Süde vum Land anerersäits sinn entstanen. D'Stad Esch huet z.B. am Februar 1945 d'Uertschaft Eschduerf an der Gemeng Wolz adoptéiert a mat néidege Ressourcë verproviantéiert. Donieft goufe Minnenaarbechter an de Norde geschéckt fir sech zu Eschduerf um Neesopbau ze bedeelegen.

Souguer däitsch Krichsgefaangener sinn an der Rekonstruktioun an an der Landwirtschaft agesat ginn. Si konnte sech och fräiwëlleg am neigegrënnte Sprengkommando engagéieren, wou si zesumme mat lëtzebuergesche Volontairë Minnen a Bommen entschäerft hunn. Als Géigeleeschtung krute si ee Loun an a gewësse Fäll och eng Reduktioun vun hirer Strof. Den Asaz war awer dacks fatal: vun de 272 däitschen a lëtzebuergesche Membere vum Sprengkommando sinn der 50 uerg verwonnt ginn an 41 hu mat hirem Liewe bezuelt.

De Katalog "Ons zerschloen Dierfer" ass visuell immens gutt konzipéiert. Den Ausmooss vum Totalschued gëtt engem op enger Kaart vu Lëtzebuerg an där d'Zerstéierunge statistesch ofgezeechent sinn, réischt richteg bewosst. Och eng Zäitschinn mat de wichtegsten Evenementer op nationalem a lokalem Niveau fënnt een op den éischte Säite vum Buch. Firwat d'Kréinung vum Joseph Bech mam Karlspräis am Joer 1960 den Ofschloss vun der Rekonstruktioun bilde soll, ass dogéint net ganz kloer.

D'Oeuvre an hire 75. Anniversaire

Den zweeten Ausstellungskatalog konzentréiert sech ganz op d'Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte - ouni dobäi aner national an international Hëllefswierker aus där Zäit auszeblenden. Zu Lëtzebuerg hu sech nämlech och Organisatiounen aus dem Ausland - a besonnesch aus der Schwäiz - un der karitativer Hëllef bedeelegt - notamment dat helvetescht Rout Kräiz oder nach d'Schweizerisches Arbeiter-Hilfswerk.

Déi lëtzebuergesch Diaspora huet donieft ad hoc Organisatiounen, wéi de Luxembourg Relief Fund in Great Britain oder de Grand-Duchess Charlotte Relief Fund of America gegrënnt, fir der Populatioun vum Grand-Duché zu Hëllef ze kommen. Änlech Initiative sinn am Kongo, a Brasilien a Kanada an an anere Länner entstane wou et eng gréisser Lëtzebuerger Kolonie gouf oder wou d'ARBED aktiv war. Eng Rei vun dësen Organisatioune si spéider an de Reseau vun der Oeuvre Nationale Grande-Duchesse Charlotte integréiert ginn.

D'Occasioun fir sech méi am Detail mat der Geschicht vun der Oeuvre auserneenzesetze bitt hire 75-Joer-Anniversaire. Gegrënnt gouf d'Oeuvre zu Chrëschtdag 1944 vu London aus - also matten an der Ardennenoffensiv. Hir Missioune sinn an de Statute festgesat ginn:

Das nationale Hilfswerk hat zur Aufgabe, den luxemburgischen Kriegsopfern in allen Fällen, wo eine genügende Hilfe der öffentlichen Behörden noch nicht organiséiert ist oder noch nicht angezeigt ist, zu Hilfe zu kommen.

Well d'Affer dacks eng direkt Hëllef gebraucht hunn an déi staatlech Behörden zum Deel staark iwwerfuerdert waren, zum Deel och duerch d'Bürokratie gebremst goufen, konnt d'Oeuvre asprange fir géint de Misär virzegoen. D'Oeuvre huet awer net just eng Hëllefsorganisatioun déi parallel zu den ëffentleche Strukture gewierkt huet. Vill méi hunn de Staat an d'Oeuvre Hand an Hand geschafft: den Office du Ravitaillement gouf z.B. laang Zäit vun der Oeuvre finanzéiert. D'Oeuvre selwer huet sech - nieft der Ënnerstëtzung duerch den internationale Reseau - mat Hëllef vu grouss ugeluechte karitative Campagne finanzéiert. Am beschte bekannt ass d'Nationallotterie, déi et bis haut gëtt an déi zu enger reegelrechter Institutioun ginn ass.

E Stéck Lëtzebuerger Kultur ass ontrennbar mat der Nationallotterie verbonnen. All déi, déi am Lëtzebuerger Variétéliewe Rang a Numm haten, si jorelaang mat der Nationallotterie duerch d'Land gereest an hunn d'Publikum begeeschtert.

Sou d'Christine Doerner, d'Rapportrice vum Projet de Loi fir d'Reorganisatioun vun der Oeuvre am Joer 2009.

De Katalog zeechent sech besonnesch duerch dat villt Bildmaterial aus - Fotoen, Pousteren awer och Objeten déi als Exponater fir d'Ausstellung benotzt goufen - sou z.B. Rationéierungsbilljeeën déi bis 1948 verdeelt goufen, Fändelen, Usiichtskaarten an Timberen, déi fir d'Finanzéierung vun der Oeuvre verkaf gi sinn - an natierlech eng ganz Rei Dokumenter iwwer d'Wierke vun der Oeuvre aus de Bestänn vum Nationalarchiv.

Ë bësse schued ass et - an hei schwätzt net just de Buchkritiker mee virun allem den Historiker - datt dës Archivsdokumenter dacks sou kleng reproduzéiert goufen, datt een den Text net liese kann; a leider feelt och all Quelleverweis deen et engem virwëtzege Lieser erméiglecht hätt, d'Dokumenter ze consultéieren.

D'Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte ass och haut nach aktiv an hir Missioun ass nach ëmmer déi selwecht: do anzesprange wou de Staat et net mécht. Hiren Tätegungsberäich ass a fënnef Kategorien agedeelt: Sozialinitiativen, Kultur, Ëmwelt, Sport a Gesondheet souwéi Erënnerungskultur. Fir all Kategorie gëtt am Katalog ee Projet méi am Detail virgestallt an op de wichtegen Impakt higewisen, deen d'Oeuvre och haut nach zu Lëtzebuerg huet.