Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dem Dupong säi Verspriechen

Zäithistoriker

Dem Dupong säi Verspriechen

De Forum Z um Lëtzebuerger Zenter fir Zäitgeschicht (C2DH) huet sech iwwer d'Geschicht an d'Memoire vum Holocaust zu Mondorf ë. a. mat neie Fuerschungen zur Haltung vum Lëtzebuerger Staat zu de Judden an der Nokrichszäit beschäftegt.

auto_stories

7 min

Den Denis Scuto huet zesumme mam Vincent Artuso, Marc Gloden, Jakub Bronec, Georges Büchler d'Zäit nom Zweete Weltkrich ënnersicht. Foto: Archiv

De 6. Juni 1944, den Dag vum Debarquement an der Normandie, schreift de Staatsminister vun der Lëtzebuerger Exilregierung Pierre Dupong dem Lëtzebuerger Dokter, Captain vun der US-Arméi an Delegéierte vum World Jewish Congress, Dr. Henri Cerf:

"J'ai soumis à mes collègues la question qu'au nom du World Jewish Congress vous m'avez posée au sujet des juifs étrangers qui, avant l'invasion avaient leur résidence à Luxembourg. Mes collègues partagent avec moi l'idée qu'il ne peut exister de controverse à ce sujet. Les juifs étrangers, qui avaient leur domicile à Luxembourg jusqu'au moment où ils ont dû fuir devant la menace nazie, peuvent, la guerre terminée, retourner et s'établir à Luxembourg à nouveau. Londres, le 6 juin 1944. P. Dupong."

Am Kader vum Rechercheprojet vun der Uni Lëtzebuerg iwwer d'Politik vum Lëtzebuerger Staat vis-à-vis vun de Judde vun den 1930er bis zu den 1950er Joren, hu meng Kolleege Vincent Artuso, Marc Gloden, Jakub Bronec, Georges Büchler an ech versicht, déi Fro vum Retour vun den auslännesche Judden op Lëtzebuerg nom Krich um institutionelle Plang ze studéieren.

Mir konnten et maachen dank enger exzeptioneller Quell: d'Dossiere vun der Friemepolizei iwwer 3.132 Persounen, déi den Nationalarchiv gescannt an eis zur Verfügung gestallt huet. Vun dësen ongeféier 3.000 auslännesche Judden, déi zu Lëtzebuerg gelieft hunn um Enn vun den 1930er Joren - weider 1.000 Persounen vu jüddeschem Glawen haten déi Lëtzebuerger Nationalitéit -, hu mir bis elo an den Dossiere 439 Persounen erëmfonnt, déi de Krich iwwerlieft hunn a gefrot hu fir op Lëtzebuerg zeréckzekommen.

Judde konnten net d'office zeréckkommen

Éischt Resultat vun eise Recherchen: Am Géigendeel zu deem, wat de Staatsminister Pierre Dupong am Juni 1944 versprach huet, kruten déi auslännesch Judden, déi virum Krich zu Lëtzebuerg gewunnt hunn an déi, wéi den Dupong et formuléiert, virun der Nazi-Bedroung geflücht sinn, net d'office d'Autorisatioun zeréckzekommen a sech zu Lëtzebuerg ze installéieren.

Dëst Verspriechen huet eng aner Exilregierung gehalen, an zwar déi belsch Regierung, mee och hei war et fir vill just eng provisoresch Autorisatioun. Erënnere mer drun, datt méi wéi 1.200 vun de 4.000 Judden, déi 1940 zu Lëtzebuerg gelieft hunn, deportéiert an ëmbruecht goufen.

Trotzdeem huet jiddwer auslännesche Judd, dee virum Krich zu Lëtzebuerg gewunnt huet an de Krich an d'Verfolgung iwwerlieft hat, nees missen eng frësch Demande maache fir zeréck an d'Land. A wéi mir festgestallt hunn, war nëmmen an der Hallschent vun de Fäll souwuel den Avis vun der Friemepolizei, wéi d'Decisioun vum sozialistesche Justizminister Victor Bodson, positiv.

Diskriminatioun och nom Zweete Weltkrich

Des Weidere weist d'Detailanalyse vun de 439 Demanden, datt den Traitement vun den Demanden a villen Hisiichten diskriminatoresch ass. Net eng positiv Diskriminatioun vu Mënschen, déi bedrot waren an hu missen auswanderen, flüchten oder deportéiert goufen. Mee eng negativ Diskriminatioun.

Fir d'éischt well si Auslänner waren. Déi negativ Avisen iwwerhuelen déi selwecht Argumenter wéi schonn an den 1930er Jore vis-à-vis vun Auslänner: "Überfremdung" vum Land, Konkurrenz mat de Lëtzebuerger um Aarbechts- an um Wunnengsmaart. Am Fall vu Geschäftsleit kënnt e weideren, systematesch negativen Avis vun enger Spezialkommissioun vu Lëtzebuerger Geschäftsleit dobäi. Zu Lëtzebuerg ginn nom Krich net verfollegt Mënsche beschützt, mee déi sougenannten "national Volleksgemeinschaft".

Zweetens gëtt d'Konditioun vum Flüchtling heiansdo als Argument géint eng Autorisation de séjour an den Avise vun der Friemepolizei benotzt, wéi am Fall vun dëser däitscher Fra, déi als Kand 1933 op Lëtzebuerg koum, déi a Frankräich verstoppt gouf an där hire Papp deportéiert an ëmbruecht gouf:

"Indem es sich um eine Ausländerin handelt, welche wegen des Nationalsozialismus aus Deutschland flüchten musste, und dieser heute nicht mehr besteht, sie also weiterhin nicht mehr als politischer Flüchtling gelten kann, wird vorgeschlagen ihr keine Aufenthaltsgenehmigung hierlands zu erteilen."

Scho bal zynesch wierkt de Choix vun de Termen an dësem weideren negativen Avis vun engem Polizist zu engem Mann, deen am Krich op Bréissel geflücht war: "Als Jude war er Gegner des Nationalsozialismus."

Antisemitismus nom Krich

Bei verschiddene Polizisten, Gendarmen oder Membere vun der Sûreté koum eng weider Form vun diskriminatorescher Haltung dobäi an zwar antisemittesch Motivatiounen. Dat war de Fall fir dee Brigadier vun der Sûreté, deen déi meeschten Demanden an der Friemepolizei aviséiert huet.

De Jean-Pierre Alfred Schott huet eleng 76 Demanden traitéiert. Vu 76 Demanden aviséiert hien 62 negativ. All kéiers betount de Schott direkt am Ufank, datt et sech hei ëm Judden handelt. Hie presentéiert ëmmer nees Persounen, déi wärend méi wéi zéng Joer zu Lëtzebuerg gelieft hunn a Famillen, wou d'Kanner zu Lëtzebuerg an d'Schoul gaange sinn, als Mënschen ouni Lien zum Land. All Argumenter si gutt fir d'Autorisation de séjour ze refuséieren, och falsch Informatiounen iwwer Geschäftspraktiken an anscheinend ze niddreg Existenzmëttel.

Beim Schott fanne mer dann och déi codéiert Sprooch erëm, déi hien am Krich bei der Gestapo, fir déi hien, wéi déi meeschten aner Membere vun der Sûreté, geschafft huet, ouni awer nom Krich dowéinst sanktionéiert ze ginn.

Hei ass d'Conclusioun vum Schott sengem negative Bericht iwwer d'Demande vun enger Famill vun engem polnesche jüddesche Geschäftsmann, zanter 1924 zu Lëtzebuerg, déi am Krich an engem Klouschter an der Belsch verstoppt war an där hire jéngste Bouf, virum Krich Schüler am Kolléisch, am belsche Maquis gekämpft huet, verhaft gouf an an engem KZ ëmbruecht gouf: "Durch die Kriegsereignisse wurde deren Heimatland stark entvölkert und dürften sie in Polen überall Unterkunft und Arbeitsgelegenheit finden."

Déi puer positiv Avise vum Schott erklären sech doduerch, datt d'Demandeuren entweder Lëtzebuerger waren oder e Partner, respektiv Kanner haten, déi déi lëtzebuergesch Nationalitéit haten oder awer am Besëtz vun Immobilien am Land waren.

KZ-a Ghetto-Iwwerliewender waren och betraff

Souguer KZ- a Ghetto-Iwwerliewender goufen net onbedéngt nees zu Lëtzebuerg opgeholl. Ech wéilt dëse kuerzen mikrohistoreschen Iwwerbléck zum versichte Retour vun de Judden op Lëtzebuerg mat zwee Beispiller ofschléissen.

De Siegbert Baum koum am September 1938 am Alter vu 15 Joer op Ettelbréck bei seng Tatta, Wittfra vum Geschäftsmann Wilhelm Hirsch. Seng Elteren haten zu Köln e Kleedergeschäft a wollten hire Bouf zu Lëtzebuerg a Sécherheet bréngen. Hien huet eng Léier als Elektromechaniker an der Hanwierkerschoul an der Stad gemaach.

Den 10. November 1938 kritt hien eng Carte d'identité fir Auslänner, also eng Autorisation de séjour, ausgestallt. Am September 1940 gëtt hien zu Ettelbréck vun der Gestapo verhaft an kënnt fir d'éischt op Köln an de Prisong. Du gouf hien an de Ghetto vu Litzmannstadt deportéiert, wéi seng Elteren a seng Geschwëster. Seng ganz Famill gëtt ëmbruecht.

Hie gëtt de 15. Abrëll 1945 am KZ Bergen-Belsen befreit a gëtt den 1. Mee 1945 op Lëtzebuerg rapatriéiert. Do bleift hien ee Mount am Spidol. A senger Umeldeerklärung gëtt hien als Beruff Bobineur un, mee hie wéilt Handelsreesender ginn. An Tëschenzäit schafft hie bei Radio Lëtzebuerg a mécht do Emissioune fir d'Amerikaner.

De Brigadier vun der Sûreté Schott schreift en negativen Avis de 26. Juni 1946 iwwer dem Baum seng Demande fir eng Carte d'identité fir Auslänner. De Substitut vum Procureur Delvaux erkläert zwar a sengem Avis, datt de Siegbert Baum "a durement souffert au cours de la guerre, ayant lui-même passé plusieurs années dans des camps de concentration et ayant perdu tous les membres de sa famille du fait des mesures d'extermination pratiquées par l'ennemi contre les israélites", mee proposéiert trotzdeem him nëmmen eng provisoresch Autorisatioun ze ginn, "pour lui permettre un établisssement définitif dans un autre pays." De Baum huet verstanen a wandert an d'Belsch aus.

Zweet Beispill: Am Juli 1945 mécht d'Tschechoslowakin Bertha Meyberg, 76 Joer al, iwwer déi jüddesch Hëllefsorganisatioun ESRA eng Demande fir zeréck an d'Land. Si war am Juli 1933 vun Nürnberg aus mat hirem Mann op Lëtzebuerg komm. De Mann stierft 1938. Dës eeler Koppel gouf finanziell ënnerstëtzt vun hirem Meedchen Else Sternschein, Lëtzebuergerin duerch de Mariage mam Epicier Philippe Rind. D'Bertha an d'Else gi mam Convoi vum 28. Juli 1942 op Theresienstadt deportéiert, iwwerliewen do a ginn am Juli 1945 op Lëtzebuerg rapatriéiert.

Ech hu mat engem Zitat vun engem Lëtzebuerger Minister ugefaangen. Ech wéilt mat engem Zitat vun engem anere Minister ophalen. De 17. Juli 1945 schreift de sozialistesche Justizminister Victor Bodson dat heiten un de Joseph Hertz, Sekretär vun der ESRA, zur Demande vum Bertha Meyberg:

"J'ai l'honneur de vous informer que l'enquête sur la demande de réadmettre au pays Madame Meyberg Berthe, épouse Hermann Sternschein, née le 12 mai 1869 à Freren, ne peut être faite tant qu'une personne de nationalité luxembourgeoise dont le patriotisme est à l'abri de toute épreuve, ne s'est engagée de subvenir aux frais d'entretien, jusqu'à la fin de ses jours, de cette étrangère. Elle doit déposer à cet effet, en un compte bloqué à la disposition du Ministère de la Justice et dans une banque à désigner par lui, la somme de soixante mille (60.000.-) francs."

No Schätzungen hunn 1940 ongeféier 4.000 Persounen vu jüddeschem Glawen zu Lëtzebuerg gelieft, ongeféier 3.000 Auslänner an 1.000 Lëtzebuerger. 1947, no der offizieller Volkszählung, liewen nach 870 Persounen vu jüddeschem Glawen zu Lëtzebuerg: 383 Auslänner a 487 Lëtzebuerger.