Land a Leit Déi vergiesse Lëtzebuerger Geschicht vun Theresienstadt

D'Festung ronderëm dat spéidert KZ war am 18. Jorhonnert vun engem gebiertege Lëtzebuerger, dem Charles Nicolas Steinmetz, opgeriicht ginn. Hie war och den éischte Kommandant vun der Stad.

Frédéric Braun / cbi

D'Gestapo-Gefängnis zu Teresienstadt
D'Gestapo-Gefängnis zu Teresienstadt Foto: picture alliance / imageBROKER | Lutz Pape

"Gäre géife mir d'Lëtzebuerger fir dës Stad interesséieren, déi ganz vun engem vun hinne gebaut gouf. Mir fäerten nëmmen, datt de Schrecken, deen eleng de Numm Theresienstadt an der Erënnerung vun eisen israelitesche Matbierger ervir rifft, eise gudden Intentiounen entgéint leeft", schreift de Jules Mersch 1954, zeréckhalend, a sengem Liewenswierk, der Biographie nationale wou hien d'Familljegeschicht vu wichtege Lëtzebuerger aus dem politeschen a wirtschaftleche Liewe beliicht.

Tatsächlech ass am Fall vum Charles Nicolas Steinmetz, dem Erbauer vun Theresienstadt (deem seng Biographie de Jules Mersch rekonstruéiert huet), där, bei klengen Natioune jo heefeger Tendenz, sech an den Errongenschafte vun den eegene Landsleit ze sonnen, eng Grenz gesat.

Et ass wuel kaum méiglech esou eppes wéi Stolz ze empfannen, wann ee gewuer gëtt, datt déi barock tschechesch Garnisounsstad Terezin, an där d'Nazie vu 1941 bis 1945 ënner dem Tarn-Numm "Ghetto", e Sammellager fir jüddesch Bierger aus ganz Europa (dorënner iwwer 300 aus Lëtzebuerg) bedriwwen hunn, vun engem Lëtzebuerger Jong erbaut gouf.

An dach, ass dësen Ëmstand, dee vum fréieren Haffbibliothekar Pierre Roller emol onglécklech als Zeeche vun engem "schwaarzen Humor" gedeit gouf, "deen all ze oft eis Geschécker" bestëmme géif, näischt wat der Vergiessenheet sollt zum Opfer falen.

Eng Verbindung mat Lëtzebuerg

Éier completéiert dës Informatioun de Lëtzebuerger Bléck op Theresienstadt a verbënnt eist Land oder op d'mannst, déi ënner eis déi esou Saache méi wéi just zur Kenntnis huelen, op onerwaart, intim Manéier mat dëser Plaz, zemools dës Informatioun jo bekannt, just eben net verbreet war a jo awer virun allem och prominent Vertrieder vun der Lëtzebuerger Virkrichsgesellschaft, wéi de Moler Guido Oppenheim nieft Leit, déi virun de Rassegesetzer aus Däitschland an Éisträich op Lëtzebuerg geflücht waren, heihinner deportéiert goufen.

Vun den 140.000 Judden, déi hei agespaart ware sinn der 88.000 a weider Vernichtungslager geschéckt ginn an do ëmkomm. Eleng 33.000, dorënner de Guido Oppenheim, sinn zu Theresienstadt selwer ëm d'Liewe komm.

Dorunner erënnert allerdéngs bis haut keng Lëtzebuerger Plack zu Theresienstadt, wou mangels Gelder och d'Gebailechkeeten ëmmer méi verfalen. Anescht wéi dem Charles Nicolas Steinmetz säi Graf, dat am kathouleschen Deel vum Kierfecht vun Terezin (virun den Diere vun der Stad) de Krich intakt iwwerstanen huet, wärend just e puer Meter weider, am fréiere jüddeschen Deel vum Kierfecht an engem Krematorium, deen d'SS hei vun hire Prisonéier baue gelooss haten, bis zum Enn vum Krich eng Ronn 30.000 Doudege verbrannt goufen a wéi de Paul Celan sot, e "Graf an de Wolleke" kruten.

Theresienstadt: d'Hell op der Äerd

Net ausgeschloss, datt e Guido Oppenheim oder soss ee vun de Lëtzebuerger Deportéierte vun dësem ongeheierlechem Zoufall wosst. Theresienstadt war wuel d'Hell op Äerden, et war och eng Plaz vun onvergläichlecher kultureller Aktivitéit.

A kengem Konzentratiounslager war esou eng héich Unzuel un Intellektuellen internéiert, vu Schrëftsteller, Museker, Kënschtler a Sportler. Nieft hirer schwéierer Aarbecht als Prisonéier, huet d'Bevëlkerung iwwer en Orchester, en Jazz-Grupp, e Konschtdepartement, eng Bibliothéik an e Gebietsraum verfüügt.

Leit wéi de Rabbiner Leo Baeck oder de Psychanalyst Viktor Frankl hu Virträg gehalen. Warscheinlech dofir ass de Nazien d'Iddi komm, e Propaganda-Film iwwer Theresienstadt ze dréinen, deen déi ënner Guillemete "gutt Konditiounen" illustréiere sollt, ënner deenen d'Judden hei ënnerbruecht wieren.

Och dem Schwäizer Maurice Rossel, deen am Optrag vum Roude Kräiz d'Konzentratiounslager besicht hat, wëllt net opgefall sinn, datt hien en Theaterstéck ze gesi krut, inzenéiert vu sengen Nazi-Invitéen. Et hätt jo och kee Prisonéier him eppes gesot, sollt hie spéider an engem Interview mam Claude Lanzmann ze bedenke ginn. Just wier him opgefall, datt si ëmmer fortgerannt wieren, wann hien hätt wëlle mat hinne schwätzen.

Anerersäits hat hie sech jo och schonn zu Auschwitz mam Zitat "eleganten" Lagerkommandant iwwer deem seng Vakanzenerënnerungen an der Schwäiz ënnerhalen, wärend e puer Meter weider, genau wéi zu Theresienstadt, am grousse Stil gehongert a ermort gouf.

D'Famill Steinmetz: verankert zu Lëtzebuerg

"Unter dieser Grabestatte modern die irrdische Reste des Carl Niclas Weiland Reichs Freiherr v. Steimmetz", steet um Graf vum Bauhär vun Theresienstadt, deen hei och als "Ritter des Theresienordens k. K. Feldmarschal Lieutnant und der Vestung Theresienstadt erster Kommendant" beschriwwe gëtt. Nieft engem Resumé vu senger militärescher Karriär, liest een och: "Luxemburg gab ihm das leben Paris bildete ihn zum wissenschaftlichen krieger". Gestuerwen den 8. November 1798 am Alter vu 86 Joer.

Tatsächlech war de Charles Nicolas Steinmetz op der Ecole du génie zu Paraïs ausgebilt ginn, ier en no enger Zäit an der éisträichescher Arméi, kuerz an déi hollännesch an dono nees an déi éisträichesch gewiesselt ass fir vun do un eng fulminant Karriär unzetrieden.

Dem Historiker Auguste Neyen no, koum säi Papp vu Biwer an der Gemeng Maacher. Dofir gëtt et dem Jules Mersch no awer keng Unhaltspunkten. Fest steet, datt d'Famill Steinmetz ee vun de wichtegste Baubetriber hei am Land haten, deen enk mat den deemolegen Autoritéiten a besonnesch dem éisträichesche Besatzer zesumme geschafft huet.

De Papp Nicolas Steinmetz huet als Ingenieur-Kapitän vun der Festung an de Souterraine vun der Stad, Befestegungen ugeluecht an donieft och Pläng fir reliéis Gebaier gezeechent, wéi fir de kierzlech renovéierte Refuge vun der Abtei Saint-Maximin an aktuelle Staatsministère, dee doropshi vu sengem Enkel Michel Steinmetz opgeriicht gouf. Hien ass och fir d'Pläng vum Klouschter an der Collégiale vu Montmédy zoustänneg gewiescht.

Iwwer säi Bouf Charles Nicolas, vun deem haut riets geet, ass hien dann och nach an den Adelsstand gehuewe ginn. Schonn am Siwejärege Krich hat deen de Grad vun engem Kapitän zouerkannt kritt. Ënner anerem duerch Verbesserungsaarbechte vu verschidde Festungen an erfollegräich Schluechten ass hien dunn Member vum Maria Theresia Uerde ginn.

1780 gouf hie mat der Direktioun vum Bau vun der Festung Theresienstadt beoptraagt an ass dat Joer drop vum éisträichesche Keeser an de Rang vum engem Generolmajouer erhuewe ginn. Dono huet hien nach erfollegräich mat géint d'Tierke gekämpft ier e schliisslech 1789 als Feldmarschall-Leutnant Kommandant, den éischte Kommandant vun Theresienstadt gouf.

D'Raimlechkeeten, an deenen hie gewierkt huet, waren déi selwecht, an engem Palais lénks nieft der Kierch vun Theresienstadt, wou och spéider d'Nazien hie Kommandatur ariichte sollten, fir dem Steinmetz säi Wierk op ëmmer mat hire Verbriechen ze vermëschen.

An der Mediathéik:

Land a Leit / / Frédéric Braun
Lauschteren

Méi zum Thema

Taquet 001
Land a Leit

Hire Papp huet sech ëm d'Lëtzebuerger Musek verdéngt gemaach. Si selwer huet an engem Schlass an der Wallonie 87 jüddesch Kanner virun de Nazie verstoppt an hinnen esou d'Liewe gerett: e Portrait vun der Marie Taquet-Mertens, Duechter vum Fernand Mertens.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen