Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Sam Evian - Stay

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Frigo vu muer

Fuerschung

De Frigo vu muer

De Luxembourg Institue of Science and Technology (LIST), schafft op Killsystemer, déi de Frigo vu muer definéiere kéinten. Gëtt de Frigo vu muer méi ekologesch?

auto_stories

2 min

Dëst ass d'Pist, där d'Fuerscher vum LIST op d'Spuer ginn. Si schaffen un elektro-kaloresche Materialien, déi eng Temperaturvariatioun verursaachen. Eng villverspriechend ekologesch Avancée, déi iwwer een Artikel an der renomméierter Publikatioun Science erauskoum.

D'Aarbecht huet laang gedauert

Ënner der Impulsioun vum Dr. Emmanuel Defay aus dem Departement Material Research and Technology, dem MRT, huet déi lëtzebuergesch Ekipp e Prototyp vun engem Wärmetauscher erfuerscht, deen Temperaturënnerscheeder vun 13 Grad Celsius zur allgemenger Temperatur erreeche kann. An der Fuerschung bedeit dat en neie Rekord.

Et wier eng laangwiereg Aarbecht gewiescht, zielt den Dr. Emmanuel Defay. Op der Cambridge Uni hätt hie sech kéinten an de Sujet eraschaffen, éier hien 2014 bei de LIST koum. Duerch Finanzementer vum Fonds National de Recherche wier d'Rechercheaarbecht iwwerhaapt méiglech ginn.

Frigoe friesse vill Stroum

An de leschte Jore goufen d'Killsystemer ëmmer weider optimiséiert, an awer stoussen eis Frigoe weider CO2 aus, maache Kaméidi a friesse vill Stroum.

Ëm 20 Prozent vun der weltwäit produzéierter Energie gëtt fir Frigoe benotzt. Der Internationaler Energy Agency no soll dës Quantitéit vu killenden Unitéite sech bis 2040 verduebelen. Dës Recherche wëllt also déi aktuell Killsystemer - déi op Donst-Kompressioun baséieren, net reproduzéieren, vu datt se Zäregas an d'Atmosphär ausstoussen.

De ganze Beräich vun der Produktioun vum Prototyp gouf zu Lëtzebuerg mat Material vun der japanescher Entreprise Murata Manufacturing gemaach.