Wa sech esou multiresistent Keimer entwéckelen, kann et sinn, datt een enger Persoun, déi seriö krank ass, keen Traitement méi proposéiere kann. Antibiotiquen, déi een eigentlech bräicht, funktionéieren net méi. All Joer stierwen heirun iwwer 33.000 Mënschen an der EU.
Zanter 2019 wier den Asaz vun Antibiotiquen an der Humanmedezin awer reduzéiert ginn, esou e Communiqué vum Gesondheets- an Agrikultur-Ministère, virun allem duerch déi hygienesch Gesten, déi wéinst der Corona-Pandemie agefouert goufen: de Confinement, de Mask, oder och dat reegelméissegt Desinfizéiere vun den Hänn.
Patient an Dokter informéieren
An dach géif et nach ëmmer drëms goe fir de richtegen Ëmgang mat den Antibiotiquen ze sensibiliséieren, a net nëmmen d'Dokteren, esou den Dr. Jean Claude Schmit, Direkter vun der Santé, 2019 am 100,7 Interview.
"Mir hunn eng gewësse Kultur, déi mécht, datt d'Leit mengen, datt wa se verschidde Saachen hu wéi Schnapp, Halswéi an esou weider, datt se da missten e gewësse Moment en Antibiotique kréien. Do ass eng gewëssen Erwaardungs-Haltung vum Patient, an dat mécht eng Pressioun op den Dokter. Dat heescht, wat mer maache mussen, ass déi zwee Säiten informéieren. Eng Educatioun fir de Patient maachen, an den Doktere rappelléieren, wat déi gutt Prozeduren do sinn."
Ee Problem fir Mënsch an Déier
Mee net nëmmen an der Human-Medezin ass de falschen Ëmgang oder den iwwerméissege Gebrauch vun Antibiotiquen e Problem, mee och an der Veterinärs-Medezin. Grad an der Déieren-Zuucht, wou vill Déiere beienee stinn, ass den Infektiouns-Risiko méi héich.
Den Gesondheets- an den Agrikultur-Ministère schreiwen awer hei, datt Lëtzebuerg ee vun de klengsten Antibiotiquen-Consommateure wier, wat d'Veterinärs-Medezin ugeet.
An de Liewensmëttel ass am Prinzip och kee Réckstand vun dësen Antibiotiquen ze fannen, hei gëtt et eng virgeschriwwe Waardezäit, wann een den Déieren Antibiotique ginn huet, éiert een hier Produite benotze kann. Donieft ginn och reegelméisseg Kontrollen duerch gefouert.