Radioen

On air

Resonanzen  |  Victor Ewald - Quintett Nr.1, Op. 5, III. Allegro moderato - Les Siècles (Quintette de cuivres)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dat huet mech fënnef Joer vu mengem Liewen kascht"

Sot emol: Gast Waltzing

"Dat huet mech fënnef Joer vu mengem Liewen kascht"

De Gast Waltzing ass den eenzege Lëtzebuerger, deen e Grammy gewonnen huet: dat zesumme mat der Angélique Kidjo an dem OPL. Et géif een ni op ee Grammy zouschaffen, mengt de Komponist.

auto_stories

2 min

Fir d'éischt hätt de Gast Waltzing d'Angélique Kidjo vu senger Iddi iwwerzeegen, dann den OPL an dann d'Plackefirma. D'Angélique Kidjo hätt him vill gehollef: "Hatt wousst jo schonn, wéi dat alles an Amerika géif goen, hatt hat der jo schonn zwee kritt".

A sengem Heemechtsduerf Useldeng ass de Gast Waltzing mat sengem Papp, deen an der Fanfare Musek gespillt huet, de musikalesche Fonken eriwwer gesprongen. An enger Zäit, wou déi eenzeg Alternativ fir Musek ze maachen entweder an d'Militärmusek oder bei den RTL-Orchester ze goen, ass hien an de Solfège gaangen.

De Gast Waltzing ass souzesoen am Conservatoire grouss, ginn, huet do och een Jazz-Departement gegrënnt, wourauser gutt Crue vu jonke Lëtzebuerger Talenter bléien, hien huet och den Orchestre National du Jazz gegrënnt.

Asaz fir déi Jonk

De Gast Waltzing ass och dofir bekannt, datt hien dat seet, wat hien denkt - vun der Long op d'Zong.

"Heiansdo verstoppen ech nach e bësschen, ech setze mech an fir déi jonk Musekszeen zu Lëtzebuerg, fir déi Jonk, fir déi, déi no mir kommen, fir mech brauch ech jo net méi streiden ze goen, ech sinn elo am leschten Ofgang, wéi een esou schéi seet, mee ech setze mech fir déi [Jonk] an. Wéi kanns du denge Schüler am Conservatoire - well ech si jo elo pensionéiert zanter August - wéi wëlls du deene soen: maach Musek, maach dat, wourunner s du gleefs, wann dann hannendrun e ganze Koup feelt. Dat heescht, da mussen déi, esou wéi mir déi al Béck, da musse mir heiansdo streide goen."

De Gast Waltzing ass Trompettist, Komponist, Dirigent a Museksprofesser. Hien huet e sëllegen CDen opgeholl, Film Musek fir iwwer 200 Feature Filmer produzéiert an donieft symphonesch Arrangementer fir eng Hellewull Artisten geschriwwen, notamment Scorpions, Andy McDonald oder Gregory Porter.