Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Wëssenschaft hëlleft d'Welt ze erklären

Am Gespréich

D'Wëssenschaft hëlleft d'Welt ze erklären

Wann der Numm Jospeh Rodesch héiert, da sot der Iech: deen Numm hunn ech schonn héieren. Mee wann der dann "Mister Science" héiert, da seet bal jiddwereen: "Kloer, kennen ech!"

auto_stories

6 min

De Joseph Rodesch ass de "Mr Science"

De Joseph Rodesch ass duerch seng Emissiounen op Eldoradio an RTL als "Mister Science" bekannt ginn. Och hei op der Antenn ass hie keen Onbekannten, well en all Samschdeg an der Kanneremissioun "HéLéLa" vum radio 100,7 am Wiessel mam Michèle Weber en Experiment presentéiert.

"Ech wollt et verstoen"

D'Wëssenschaft ass de Joseph Rodesch säi Liewen. Et ass awer net esou, datt hie schonn als klenge Bouf eng Zort "Daniel Düsentrieb" war, och wann e sengem Bop gären nogekuckt huet, wann deen um Stroum hantéiert huet.

De Joseph Rodesch weess och net wéini den Déclic koum, datt hien an Direktioun Wëssenschaft gaangen ass. En huet awer am Lycée gemierkt, datt d'Wëssenschaften him louchen. En ass eng gewëss Liichtegkeet fir d'Matière ze verstoen, a genee dat wollt de Joseph Rodesch och.

"Ech war ëmmer faszinéiert vu Saachen, zum Beispill Feier. Ech hu mech gefrot: wat ass déi Flam do, wéi entsteet déi, firwat mécht se déi Beweegungen, wat ass dat fir eng Matière. Ech fannen d'Wëssenschaft ass sou eppes, wou s de der d'Welt ronderëm kanns erklären. Ech konnt mech net domadder offannen, datt eppes Magie wier. Ech wollt mer iergendwéi kënnen eng logesch Erklärung ginn. Dat ass och fir mech eng ganz grouss Satisfaktioun, wann ee sech kann iergendwéi eppes logesch erklären."

An d'Wëssenschaft gouf zum Joseph Rodesch sengem Liewen, mam Don d'Wëssenschaft op eng einfach Manéier ze vermëttelen.

Deel 1 lauschterenplay_arrow

Op der däitscher Tëlee si Wëssenschaftsemissioune fir de grousse Public schonn ewell laang Realitéit, zB de Jean Pütz, de Ranga Yogeschwaw, de Professer Harald Lesch oder Emissioune wéi "Wissen macht Ah", "Galileo", "Quarks a Co.", "Leech's Kosmos" asw.

Eng Konschtfigur gëtt gebuer

De studéierte Chimist a Wëssenschaftsvermëttler Jospeh Rodesch ass no senger Zäit am Enseignement bei de Fond National de la Recherche. An déi Zäit gouf et bei FNR e Projet fir eng Radiosemissioun, déi de Leit Wëssenschaft méi no sollt bréngen, gläichzäiteg wollt d'Tëlee dann och Wëssenschaft an hire Programm ophuelen.

E flotten Ament fir de Joseph Rodesch, well genee dat jo am Fong säi Beruff war. En duecht awer ufanks seng Missioun wier hanner der Kamera, éischter an der Koordinatioun oder Berodung. Et koum awer anescht wéi geduecht. Et war och do d'Gebuertsstonn vum Joseph Rodesch senger Konschtfigur de "Mister Science"

"Mir ass et u sech ëm Wëssenschaft an d'Faszinatioun vum Experiment gaangen a wann een awer dann op der Tëlee ass komme ganz vill Aspekter mat, déi ech guer net beduecht hunn, zum Beispill datt ganz vill Leit déi Tëleessendung kucken, [déi] kucken da wéi huet e seng Hoer geschnidden, wat huet en dann haut un. Dat gëtt esou onendlech komplizéiert, dat hëlt mer esou vill Zäit. Ok, ech brauch eng Uniform."

De "Mister Science" ass also dem Joseph Rodesch seng Konschtfigur an doduerch krut en den Accès bei säi Publikum, a besonnesch zu de Kanner.

Deel 2 lauschterenplay_arrow

Komplizéiert Wierder maache kee Sënn

Dem Jospeh Rodesch säin Zilpublikum, dat hien a sengen Emissioun viséiert, sinn d'Kanner. Et ass schonn eng Erausfuerderung fir éischtens d'Kanner ze motivéieren, an zweetens se och dobäi ze halen, an dat ass eng Affär vum Toun a vun der Sprooch déi hie brauch. Bei sengen Experimenter geet et dem Joseph Rodesch net nëmmen drëms d'Experiment ze erklären, mee och e bëssen an de wëssenschaftleche Fong ze goen, an dat ebe mat einfache Wierder.

"Den Einstein huet ganz vill schéin Zitater, an deen huet een Zitat, dat hunn ech mer zur Philosophie gemaach, dat ass: wann s de net an einfache Wierder erkläre kanns, dann hues du et net verstanen. Dass e ganz schwieregen Exercice fir vill Leit, fir eppes einfach ze erklären. Mee et ass alles méiglech einfach ze erklären."

Deel 3 lauschterenplay_arrow

Vu Videoe fir den Homeschooling bei "HéLéLa"

De Joseph Rodesch alias "Mister Science" huet an all deene Joren a sengen Emissiounen eben och an der Kanneremissioun "HéLéLa" hei um radio 100,7 all Samschdeg Nomëttes um eng Auer onheemlech vill Experimenter presentéiert an dat mat engem groussen Engagement a virun allem vill Loscht.

De Joseph Rodesch ass e Mënsch, dee gäre Kontakt mat anerer Leit huet, an dofir waren déi Phas vum Lockdown wuel net där schéinster fir hien.

"Ech hat Momenter, déi wierklech net gutt waren, natierlech meng Sendunge sinn ausgefall an ech hat der och schonn preparéiert, mee mer konnten net dréien. An dunn ech direkt zu mengen Aarbechtskolleegen gesot, mer mussen elo eppes maache fir d'Gesellschaft. An du ware mer zesummen op déi Iddi komm, mer maachen einfach Experimenter, déi mer a ganz kuerze Videosequenze verfilmen, an da maache mer eppes fir den Homeschooling, fir et e bësse méi schéin ze maachen. Dorausser ass jo d'HéLéLa-Sendung entstanen."

Deel 4 lauschterenplay_arrow

D'Wëssenschaft steet net dacks an der Aktualitéit

Fir de Joseph Rodesch ass besonnesch schlëmm, datt de Kontakt zu de Mënsche feelt, an awer besonnesch d'Kanner konnt d'Equipe vum Fonds National de la Recherche awer wärend dem Confinement iwwer Medien an aner Plattformen erreechen.

Kloer ass och, datt d'Wëssenschaft an dëser Corona-Pandemie eng wichteg Roll huet, datt d'Mënsche versti wat geschitt an eben op eng Manéier datt een et och versteet. An dat hu se och an der Ekipp diskutéiert, datt d'Wëssenschaft duerch d'Pandemie Relevanz kritt huet.

"Et ass ganz seelen, datt d'Wëssenschaft emol an der Aktualitéit ass. An elo war Wëssenschaft am Alldag dran, dat war elo mega-spannend. Well do hu ganz vill Leit gecheckt, Ah! d'Wëssenschaft ass elo net esou direkt den hellege Gral, déi hunn elo net all d'Äntwerten. Wëssenschaftlech Erkenntnis ass net dat leschte Wuert."

Deel 5 lauschterenplay_arrow

Wann der Joseph Rodesch mat sengem Experimenter wëllt gesinn, da gëtt et dofir eng Adress: www.science.lu