Radioen

On air

Notturno  |  Schlofardi - Quadratur Des Kreisels

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'UNEL gëscht an haut

Lëtzebuerger Sachbicher

D'UNEL gëscht an haut

Am Joer 1920 ass d'Union Nationale des Étudiants du Luxembourg gegrënnt ginn. De Verband - besser bekannt ënner dem Akronym UNEL - ass och nach haut aktiv a setzt sech weiderhinn fir d'Interessi vun de Studenten aus Lëtzebuerg an. Am Kader vun hirem Centenaire ass d'lescht Joer ee Buch erauskomm, mam Titel "Générations ASSOSS-UNEL", dat der Geschicht vun der UNEL op de Fong geet.

auto_stories

7 min

Wéi den Titel et scho weist, geet et am Buch net just ëm d'UNEL mee och ëm de Studenteveräin ASSOSS, deen 1912 vu lénksgeriichte Studente gegrënnt ginn ass. Wat hir Memberen zesummebruecht huet waren hir gemeinsam antiklerikal a liberal Vuen. D'Studente vun der ASSOSS hu sech vun Ufanks un an dat politescht Geschéien agemëscht.

Baler als Finanzéierungsmëttel

Eng ganz Partie vun hinne waren 1918 souguer un den däitsche Revolutioune bedeelegt an och un der anti-monarchistescher Beweegung zu Lëtzebuerg.

An der Tëschekrichszäit war d'Assoss virun allem fir hir maskéiert Baler bekannt - eng Traditioun déi och nom Zweete Weltkrich weidergefouert ginn ass. Dës Baler ware net just geduecht fir sech ze ameséieren, mee hunn dem Veräin och déi néideg Ressource bruecht fir hir Aktivitéiten ze finanzéieren.

D'Assoss war awer net den éischte Studenteveräin vu Lëtzebuerg. Dräi Joer viru senger Grënnung hate kathoulesch Studente schonn den Akademikerverein (AV) an d'Liewe geruff, dee spéider an "Association luxembourgeoise des universitaires catholiques" (ALUC) ëmgedeeft ginn ass an deen ënner dësem Numm och haut nach existéiert.

D'Urspréng vun der UNEL

Trotz den ideologeschen Ënnerscheeder hu sech d'Assoss an den AV am Joer 1920 zesummegedoe fir d'UNEL ze grënnen, wat et hinnen erlaabt huet Member bei der Confédération internationale des étudiants (CIE) ze ginn. Tëscht den zwou Associatioune koum et awer ëmmer nees zu Divergenzen a Streidereien, déi natierlech och hir Auswierkungen op de Fonctionnement vun der UNEL haten. De Klengkrich tëscht den zwee Studenteveräiner ass sou wäit gaangen, datt eng Delegatioun vun der CIE Mëtt der 1930er Joren op Lëtzebuerg geschéckt ginn ass fir eng Enquête ze lancéieren.

Mam Amarsch vun de Nazien am Mee 1940 verschwannen déi zwee Veräiner an och d'UNEL hält domat op ze existéieren. Et huet awer net laang gedauert, ier béid Veräiner sech nom Krich nees konstituéieren. Den Historiker Henri Wehenkel iwwer d'Assoss an der Nokrichszäit:

"Ils étaient nés en 1929, habitaient Limpertsberg, Belair et Beggen et regroupèrent autour d'eux une bande de jeunes du même âge qui avaient atteint seize ans quand la guerre était finie, étaient trop jeunes pour avoir fait la guerre, trop vieux pour ne pas en avoir subi l'empreinte. Cette nouvelle ASSOSS ne rêvait pas de révolution et avait perdu le goût des grandes fêtes. Il s'agissait de reconstruire le pays et de reconstruire l'ASSOSS, de se retrouver et de retrouver ses repères."

Och d'UNEL ass nees operstanen als onideologeschen Dachverband, dee sech op d'Grondprinzipie vun der Charte de Grenoble baséiert. Mat dëser Charta ass d'Konzept vun der Studentegewerkschaft geschaaft ginn, déi de Student als jonken, intellektuellen Aarbechter definéiert.

Streik: "Un moyen tout à fait illusoire"

Änlech wéi d'Gewerkschafte sollten d'Studentevertriedungen d'Interessi vum Student wann néideg och mat Hëllef vu Streike verdeedegen. Dës Iddi huet zu Lëtzebuerg awer an enger éischter Zäit fir Onmutt gesuergt.

Nach am Joer 1959 schreift d'ASSOSS:

"Dans notre pays, la grève serait un moyen tout à fait illusoire qui ne pourra que nuire aux intéressés. L'épreuve de force étant exclue, les revendications doivent donc être beaucoup plus raisonnables que celles d'uns yndicat ouvrier. Nous devons réaliser par la persuasion ce que d'autres obtiennent en exerçant de la pression sur leur patron."

Dës Retizenzen hunn d'Assoss an d'UNEL awer net dru gehënnert, sech sozial a politesch ze engagéieren. Een zentraalt Uleies war zum Beispill d'Ofschafe vun der sougenannter Collation des Grades.

Zwar hunn d'Studenten hir Coursen am Ausland besicht, mee den Ofschlossexamen hu si zu Lëtzebuerg virun engem Lëtzebuerger Jury misse maachen. Wat een op der Uni geléiert huet war also manner wichteg ewéi dat, wat een zu Lëtzebuerg huet missen virum Jury ënner Beweis stellen.

Dat huet de Lëtzebuerger Elitten natierlech och erlaabt, eng gewësse Kontroll op déi jonk Absolventen ze halen. Am Kader vum Mee 1968 ginn d'Studente schliisslech an de Streik fir géint de System vun der collation des grades ze protestéieren:

"Camarades étudiants! Le Gouvernement nous a promis la réforme des études universitaires. Où est-elle? [...] Nous avons attendu trop longtemps, nous estimons qu'il est temps de passer à l'action! [...] Nous ne voulons plus attendre un moment de plus! Aussi déclarons nous la grève générale de tous les Cours Supérieurs [...] pendant toute la journée. Camarades étudiants! Dans cette lutte, il y va de notre avenir! Nous voulons nous débarrasser de tous les moyens de pression des pouvoirs législatifs et exécutifs incapables de pourvoir à l'avenir de leur jeunesse! Camarades étudiants! Il faut vaincre, nous vaincrons!"

Dës Protester hunn hiert d'Zil zwar erreecht, mee d'Radikaliséierung vun de Studenten huet hir Vertriedung an eng seriö Kris gestierzt. Politesch an ideologesch Consideratioune sinn ëmmer méi an den Zentrum vun der UNEL hire Preoccupatioune geréckelt an d'Verbesserung vun de Studenten hire Liewensbedingungen ass ëmmer méi an den Hannergrond gefall.

Existenzkris bis an dat neit Joerdausend

D'ALUC huet schliisslech decidéiert de Studenteverband ze verloosse, well si sech mat der marxistescher Ausriichtung net identifizéiere konnt an d'Assoss ass wéinst interne Spléckungen an sech zesummegefall.

Fir d'UNEL nees ze stäerke koum et am Laf vun de nächste Joerzéngte zu verschiddenen Ëmstrukturéierungen. Mee de Studenteverband bleift bis an dat neit Joerdausend an enger Existenzkris. De Luc Ramponi erënnert sech:

"Lors de mon premier congrès en 2003, on était à cinq et il n'y avait qu'un seul point à l'Ordre du jour: est-ce que l'UNEL doit être dissoute? L'année d'après, le nombre d'activistes a augmenté si rapidement que la question ne se posait plus."

Seng laang Existenzkris konnt d'UNEL réischt an den 2000er Joren iwwerwannen, wéi Schülerbeweegung "Jugend fir Fridden a Gerechtegkeet" sech hir ugeschloss huet.

Historique gëtt erzielt vu véier ale Memberen

Dësen Historique gëtt am Buch "Générations. Assoss-UNEL" vu véier Auteure beschriwwen, déi selwer an der Assoss an an der UNEL aktiv waren. Si sinn also net just Chercheure mee och Zäitzeien an Acteure vun de Geschéinisser, déi si beschreiwen. Do besteet natierlech de Risiko, datt de Bléck op d'Vergaangenheet verzerrt gëtt - entweder well een sech net ze vill an de Virdergrond stelle wëll, oder well ee verschidden Positiounen an Handlunge verschéinert duerstellt. Dëse Risiko ass ëmsou méi grouss wann d'Auteuren iwwer Studentenorganisatioune schreiwen, mat deene si deemools rivaliséiert hunn.

Iwwerhaapt net nozevollzéien ass, dass d'Geschicht vun der ALUC net an engem eegene Kapitel behandel gëtt - schliisslech war d'ALUC laang Zäit dee gréisste Studenteveräin vum Land an huet d'UNEL an Zesummenaarbecht mat der Assoss matgegrënnt. Eng Vue aus hirer Perspektiv op d'Geschicht vun der UNEL hätt déi aner véier Texter op eng interessant Weis ergänzt.

Korporatistesch oder gewerkschaftlech?

An engem éischten Deel konzentréiert sech den Historiker Henri Wehenkel op d'Geschicht vun der Assoss. Op seng charakteristesch Manéier, hëlt den Auteur eng méi Biographie-orientéiert Approche un. Ënner den Acteuren déi an der ASSOSS matgewierkt hunn, fënnt een eng ganz Rei méi a manner bekannt Nimm - sou de Robert Als, den Henri Koch-Kent, den Albert Wehrer oder nach de Gaston Vogel.

De Frédéric Krier behandelt a sengem Deel d'Geschicht vun der UNEL vun den Ufäng bis an d'70er Joren. Et handelt sech bei dësem Kapitel ëm eng iwwerschaffte Versioun vum Memoire déi den Auteur am Joer 2000 zu Strossbuerg ofginn huet. Eng Debatt, déi ëmmer nees opkoum an op déi de Frédéric Krier heefeg zeréckkënnt, war d'Fro, ob d'UNEL éischter eng korporatistesch oder éischter eng gewerkschaftlech Funktiounsweis sollt hunn. Leider ass net ëmmer ganz kloer wat hannert dem schwammege Begrëff "korporatistesch" ze verstoen ass - a wouranner si sech béid Begrëffer am Kontext vun de Studentebeweegung genau ënnerscheeden.

D'Rivalitéit mat der ACEL

An engem zweete Kapitel geet de Frédéric Krier zesumme mam Politikwëssenschaftler Adrien Thomas op d'Geschicht vun der UNEL an de 70er an 80er Joren an - déi Period also, an där d'UNEL eng Identitéitskris duerchmécht an sech nei strukturéiert.

Ee leschte Bäitrag staamt aus der Fieder vum Pol Reuter, deen dräi Joer laang Präsident vun der UNEL war an haut als Journalist bei reporter.lu schafft. Säi Bäitrag liwwert ee Réckbléck op d'Aktivitéite vun der Studentenunioun an den 90er Joren. Dëst Joerzéngt charakteriséiert sech engersäits duerch d'Rivalitéit mat der Association des cercles d'étudiants luxembourgeois - kuerz ACEL -, déi och den Usproch erhuewen huet, d'Studenten ze representéieren. Anerersäits hunn sech nees méi Lycéesschüler am Studenteverband engagéiert a mat der Ënnerstëtzung vun der UNEL-Masseprotester organiséiert - wéi dem Jumbo-Streik vu 1995.

D'Buch schléisst of mat engem Gespréich tëscht enger Rei Ex-Membere vun der UNEL, déi de leschten 20 Jore Revue passéiere loossen.